Ofbréch vun de Schüler an de Muséksschoulen

D’ Museken an de Museksunterrecht hunn eng wichteg Plaz an eiser Gesellschaft. Vill Gemenge sinn houfreg op hir Museken an hir Museksschoulen. Net all Schüler, deen an de Solfège geet oder ufänkt en Instrument ze léieren, mëscht awer seng Coursë fäerdeg.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Schüler hunn d’Muséksschoul, also entweder de Solfègen oder den Instrumentenunterricht, an deene leschte 5 Joer ugefangen (opgelëscht no Joer)?

  2. Wéi vill Schüler hunn d’Museksschoul, also entweder de Solfège oder den Instrumentenunterricht, an deene leschte 5 Joer no deenen éischten 3 Méint ofgebrach (opgelëscht no Joer)?

  3. Wéi vill Schüler hunn d’Museksschoul, also entweder de Solfège oder den Instrumentenunterricht, säit September ofgebrach?

  4.  Huet de Minister Informatiounen zu de méigleche Grënn, firwat esou vill Schüler ofbriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7237

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall