An engem Artikel vu reporter.lu vum 12te September geet et ëm d’Madamm Wickler, déi wärend der Coronapandemie duerch d’Verbreede vu Verschwierungstheorien opgefall war an 2021 vun der Regierung an de Verwaltungsrot vu Cargolux genannt gouf, mat der Begrënnung, dass d’Madamm Wickler eng “dynamesch Geschäftsfra” wier mat enger „wirtschaftlecher Erfarung, déi extrem grouss ass“. Wéi reporter.lu beriicht, steet d’Madamm opgrond vu angeeblech suspekte Geschäftspraktike viru Gericht.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wosst de Minister Bausch zum Zäitpunkt vun der Nominatioun vun der Madamm Wickler fir de Poste bei der Cargolux vun deem Geriichtsprozess?
-
Wann net, firwat gouf keng Due Diligence virun der Nominatioun gemaach?
-
En vue vun dësen Informatiounen, hält de Minister un senger deemoleger Evaluatioun vun der Madamm Wickler fest?
QP Nummer 6829