Ahoi Piraten,
bei der Zesummesetzung vun de Lëschten fir d’Gemengewalen soll drop opgepasst ginn, datt nëmme Kandidaturen vu bestoende Memberen zeréckbehale kënne ginn.
Et ass eis wichteg, dass d’Leit Member sinn, fir als Kandidat/in op enger Lëscht kënnen ze figuréieren.
Wann een Net-Member eng oppe Wal-Lëscht mat Piraten op kommunalem Plang well grënnen, muss doriwwer d’Parteileedung informéiert ginn an och befannen.
Mat piratesche Gréiss,