Vum Congé pour raisons familiales kënnen all d’Employéen, Independanten a Léierjongen a -meedecher profitéiteren. Et geet bei dëser Fräistellung drëms, fir den Elteren z’erméiglechen, no hirem kranke Kand ze kuken. Den Artikel L.234-51 vum Code de travail präziséiert allerdéngs net, wéi et ëm Persoune steet, déi an enger Aarbechtsmesure vun der ADEM schaffen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Kann een als Persoun an enger Occupation temporaire indemnisée (OTI) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?
-
Kann een als Persoun an enger Contrat d’appui-emploi (CAE) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?
-
Kann een als Persoun an enger Contrat d’initiation à l’emploi (CIE) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?
-
Kann een als Persoun an enger Stage de professionnalisation (SP) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?
-
Kann een als Persoun an enger Contrat de réinsertion-emploi (CRE) vum Congé pour raisons familiales profitéieren?
-
Kann een als Persoun an anere Beschäftegungsmesurë vun der ADEM vum Congé pour raisons familiales profitéieren?
QP Nummer 7226