ACCOUNT

. Interpellation de M. Gusty Graas au sujet de la réduction des risques d’inondations

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.
Haut si mer beim zweeten Deel vum Debat ronderëm d’Héichwaasserkatastroph vum leschte Summer. An d’Diskussioun haut ass immens wichteg, well alles, wat mer eigentlech en Dënschden diskutéiert hunn, war, wat een als Reaktioun gëtt, wann et esou wäit ass, an haut diskutéiere mer, dass et guer net esou wäit muss kommen. Dat heescht, alles, wat do geschitt ass, kënne mer
mat enger gudder Preventioun a mat enger gesonder Natur eigentlech verhënneren, ier d’Leit am Leed sinn.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Duerfir ass haut eigentlech e ganz wichtegen Dossier, wou et awer net nëmmen drëm geet, fir schéin ze schwätzen, well ech hu virdru gesinn, u sech ass jiddereen d’accord, fir eppes ze maachen. D’Fro ass eeben, wat herno dann dovunner konkreet an den nächste Joren, sief et bei de Gemengeverantwortlechen oder och bei den nationale Verantwortlechen, ëmgesat gëtt. Et ass ëmmer schéin, bei esou enger Interpellatioun hei eng Kéier ze rappelléieren, wéi schéin dat ass, wa mer d’Natur an alles erhalen. Mee ech hunn awer aus Erfarung an deene leschten dräi Joer och gemierkt, dass, wann et dann drëm geet, fir déi Projeten och esou naturfrëndlech ze maachen, wéi se
sollte sinn, wann et ëm de Waasserschutz geet, net jidderee matmécht an och net all Promoteur dovunner ze iwwerzeegen ass an och net jiddereen, deen iergende Projet realiséiert. An dat ass sécherlech ee vun de Problemer. Mir kënnen hei zwar vill iwwert déi Preventioune schwätzen, mee wat awer herno um Terrain ukënnt, ass dann eng aner Geschicht. An ech hoffen, dass och all déi Parteien, déi awer haut esou schéi geschwat hunn, dass mer . well ech mengen, eigentlech si mer enger Meenung: dass een net kann esou weidermaachen, wéi dat bis elo de Fall war. Wann ech haut d’Riede lauschteren, dann hoffen ech awer och, dass dat an den nächste Gesetzer esou wäert ofgestëmmt ginn an dass dat dann och op de Gemengen esou wäert geschéien, well ech och ganz vill Gemengen awer an dësem Dossier an der Verantwortung gesinn. Hunn ech en Dënschdeg Merci gesot alleguerten deene Leit, déi am Asaz waren, wéi et esou wäit war, soen ech awer haut emol de Leit Merci, déi dat Ganzt plangen, dat sinn d’Ingenieuren, d’Landschaftsplanger bei de Ministèren, Gemengen, Syndicaten, déi eng ganz wichteg Aarbecht maachen, an zwar och fir d’Sécherheet vun de Leit, fir eeben ze verhënneren, dass eppes kënnt. A mir Piraten si ganz kloer der Meenung, dass an Zukunft wäert méi oft Héichwaasser kommen, Staarkreen, well mir erkennen déi Klimakris ganz kloer un! An et kann een elo soen: „Et war virun e puer Joer schonn eng Kéier.“ Mir sinn awer trotzdeem der Meenung, dass duerch d’Äerderwärmung déi Phenomeener wäerte méi oft optrieden. An ech war d’leschte Kéier selwer beim Staarkreen zu Péiteng betraff. Also, dat war net virauszegesinn! Do war och keng Warnung virdrun. Et ass vun de Warnunge geschwat ginn. Et huet ee fënnef Minutten aus der Fënster gekuckt, an du war alles iwwergelaf. Ech stoung am Waasser bis iwwert d’Knéien. Also, dat ass esou schnell gaangen an do ass et och schwiereg, fir iergendwellech Warnungen ze maachen. Dat heescht, déi eenzeg Méiglechkeet, déi mer do hunn, ass, manner ze versigelen an eeben deementspriechend, jo, de Leit d’Chance ze ginn dass de Kanal an alles ronderëm et packt. An dat ass eeben de Problem, dass mer dat vläicht haut net ëmmer hunn. An do ass et och – zur Éierlechkeet -, wou mir, wa mer an der Chamber et soen, ganz éierlech musse sinn, dass mer de Leit dobausse keen 100%ege Schutz kënne verspriechen, egal wéi eng Mesurë mer elo wäerten huelen. Mir wäerte sécherlech alleguerten heibannen, déi 60, dat méiglechst Bescht maachen, wat an eisen Hänn läit. Mee, wéi gesot, dee Staarkreen, dat war a fënnef Minutten. Et hätt och kee sech geduecht, dass dat genau op där Plaz géif optrieden. An do brauche mer de Leit och keng Illusiounen ze maachen, dass iergenden 100%ege Schutz wäert kommen. Et ass awer esou, dat hat ech och schonn an der Ëmweltkommissioun eng Kéier ugeschwat: Et gëtt awer hautzudaags digital Toolen, déi zumindest zäitno mat enger Virausso d’Méiglechkeet hunn, fir ze soen, wou d’Waasser erofkënnt, wou e Staarkreen ass oder wou Iwwerschwemmunge kommen. An ech hat déi Fro jo och schonn der Madamm Ministesch gestallt an et ass mer jo versprach ginn, dass mer an der Kommissioun elo eng Kéier méi genau gewise kréien, wéi mir eis am Land drop virbereeden, wat dat Digitaalt ubelaangt. Well dat ass ganz wichteg, déi Kaarten ze hunn, déi Outilen ze hunn, fir ze soen, wou d’Waasser erofkënnt a wat d’Auswierkunge sinn. Well dat ass jo alles och eng Simulatioun op e puer Stonnen, heiansdo op e puer Deeg, wou ee ka soen: „Hei, do an do kënnt d’Waasser!“ An ech freeë mech schonn, wann d’Madamm Ministesch an d’Kommissioun wäert komme mat hire Leit, fir eis déi Software virzestellen, well dat ass fir eis Piraten mat ee vun de wichtegsten Outilen, déi mer kënnen hunn, fir d’Leit ze warnen an hinnen ze soen: „Do kënnt eppes!“ Beim Héichwaasser am Juli hu mer gesinn, dass de Stauséi et gepackt huet. Do ware mer alleguerten heibanne ganz frou driwwer, dass dat e System ass, dee sech bewäert huet. Dat ass ganz wichteg gewiescht, well et eng Pist ass, wou ee kann an Zukunft kucken, dass een d’Waasser e bësse regulariséiert kritt, sief dat elo mat deenen eenzelne Barriären, déi ee laanscht d’Gewässer opstellt. Natierlech muss een do kucken, dass elo net – ech wëll elo net soen, egoistesch -, mee eng Gemeng
op eemol alles verbarrikadéiert an déi nächst Gemeng kritt dann dat ganzt Waasser dohin. Do ass et och, fir solidaresch ze kucken, dass een net deem aneren herno einfach d’Waasser weiderleet, och wann een da selwer kee Schued huet, mee deen Nächsten dann do hänkt. Dat ass deen anere Problem, dee mer ganz kloer musse kucken, wa mer op déi Technik setzen. Zu de Réckhaltebecken, jo, där gëtt et der nach net vill. Mee dat ass och elo e Phenomeen, wou mer elo och méi sensibiliséiert gi sinn duerch eeben dat staarkt Waasser, dass mer musse méi där Réckhaltebecke bauen, well mer soss d’Waasser net Meeschter ginn. Fir eis Piraten ass et och do ganz kloer, dass mer mussen en neien Ëmgang mam Waasser kréien, mat deem Waasser, dat um Daach lant, wéi mer dat verwenden. Well mir mussen net alles an de Kanal iergendzwousch hispullen. Mir kënne Gebaier bauen, wou mer dat Waasser opfänken, an da geet et emol net direkt an de Kanal, fir deen ze iwwerlaaschten. Mir kënnen et huele fir d’Toiletten, mir kënnen et huele fir ze botzen, mir kënnen et fir Allméigleches huelen, mir kënnen d’Waasser fir de Gaart huelen.
An dat musse mer och an den ëffentleche Gebaier emol méi maachen, well dat Waasser gëtt dann opgefaangen. Dat gëtt dann emol net bei engem Héichwaasser an e Circuit oder bei engem Staarkreen an dee Circuit direkt zréckgefouert, wat och emol eng Léisung wär. An dat Positiivt wär: Mir hätten och nach Waasser gespuert an eppes fir d’Ëmwelt gemaach. Natierlech musse mer eis Bautepolitik iwwerdenken! Ech mengen, do si mer och alleguerten hei enger Meenung. Ech kann och mam Här Graas do -deem ech nach eng Kéier Merci soen, dass en déi Interpellatioun haut ugefrot huet – ganz gutt liewen, dass mer an d’Héicht bauen. Ech mengen, wa mer dee Wuesstum, dee mer am Moment zu Lëtzebuerg
hunn. An et kann een eng Diskussioun féieren, ob mer dee Wuesstum weider behalen oder net, mee dat ass elo net haut d’Plaz. Mee wa mer weider wuessen, wéi et jo awer am Moment ausgesäit, da muss een och eng Kéier esou éierlech sinn an de Leit soen: De Lëtzebuerger Buedem ass nun emol endlech, da musse mer eeben an d’Héicht bauen. An dat däerf och keen Tabu sinn! Wa mir an der Chamber dat emol géifen uschwätzen an net ëmmer schlechtrieden, da géifen d’Leit och dobausse vläicht méi positiv reagéieren, well, jo, mir hunn de Logementsproblem, deen op där enger Säit erfuerdert, dass mer méi héich bauen, mee mir hunn awer och nach en Ëmweltproblem op där anerer Säit mat der Versigelung vun eise Biedem, soudass mer u sech keng aner Alternativ hunn, wéi an d’Héicht ze bauen. Mee ech weess natierlech och, déi éischt Partei, déi domat erauskënnt, dass déi net onbedéngt nëmme Likes kritt. Dat ass warscheinlech och de Risiko, firwat dass net jidderee sech traut, offen ze soen, dass mer mussen an d’Héicht bauen. Well den Här Graas hat och Recht: D’Architekten hunn net ëmmer déi beschte Kreativitéit. Mee et gesäit een awer an anere Stied, dass et ka besser gemaach ginn. A sécherlech ass et heiansdo och e Käschtepunkt, dass de Promoteur gäre méiglechst déif am Präis bleift oder de Benefiss méiglechst héich soll sinn, an da gëtt eeben net esou schéi gebaut, wéi et kéint sinn. Et ass och wichteg, dass mer an Zukunft ophalen, ze no bei de Flëss oder de Baachen ze bauen oder souguer hinzegoen, wéi dat elo bei eis eng Kéier de Fall ass, dass eng Baach komplett ënnerierdesch verluecht gëtt. Dat, mengen ech, si Mesuren, déi mer an enger moderner Zäit elo net méi sollte maachen, wa mer d’Situatioun wierklech erkannt hunn. Et muss een och higoen an do, wou scho Schued entstanen ass, well mer de Flëss net genuch Plaz loossen oder de Baachen, dass mer do op eng Renaturéierung ginn, fir eeben déi Auslafflächen ze schafen, dass mer higinn, wann eng Kéier dat Waasser kënnt, dass se sech kënnen ausbreeden. Et gi jo do ganz kloer Etüden, wéi ech se elo an de Recherchen zu dëser Interpellatioun haut nach eng Kéier konnt kucken, wou dat am Ausland zum Deel super fonctionéiert huet. Natierlech, wann een elo wéi Rheinland-Pfalz esou eng Mass vu Waasser kritt, da bréngt och keen Auslaf eppes. Do wëll ech kengem eng Hoffnung maachen. Mee awer bei méi klenge Fäll kënnen déi Auslafflächen, wa mer net direkt Haiser oder Parkingen oder soss eppes dropbauen, deementspriechend immens vill hëllefen. An natierlech ass dat dann och Bauland, wat net benotzt gëtt! Mee bon, mir mussen awer och eng Kéier un eis Natur denken, un eist Klima. Et geet net nëmmen drëms, fir iergendwéi méiglechst vill ze bauen. An dat ass och en Theema, och do mécht ee sech an enger Gemeng net beléift, mee ech hunn et awer schonn e puermol bei eis gesot, dass mer sollen
ophalen, déi Gäert aus Steng virun d’Dier ze maachen. Ech weess, do kréien ech och net vill Likes, éischter de Contraire, dass d’Leit soen: „Jo, mee dann hunn ech awer keng Aarbecht.“ Jo, esou einfach ass et awer och net! Wann een e steenerne Gaart mécht, jo, do ass awer dann an der Gemeng erëm esou vill Fläch versigelt. An dat ass eeben och eppes, wou mer awer vläicht eng Kéier sollten national driwwer nodenken, ob mer net sollten higoen an och do eng Mesure ergräifen, fir eeben net drop ze hoffen, dass all eenzel Gemeng dat an hirem PAG mécht, mee dass mer do national erkennen, dass bei engem Bau eeben esou vill muss Gréngfläch sinn. Ech mengen, Dir mierkt, et gëtt net een eenzegt Mëttel an et gëtt kee Wonnermëttel. Dat Ganzt ass e Puzzle. A wann ech jo awer haut déi schéi Rieden héieren hunn, ech mengen, huet jiddereen d’Situatioun erkannt. Et ass eeben elo d’Fro, wéi een dat herno a Musek ëmwandelt, fir de Leit eeben ze hëllefen, well et ass traureg, dat ze soen, mee esou Situatioune wéi am Juli wäerten erëm optrieden, leider. An als Politik musse mer de Leit da méiglechst alles ginn, fir dass d’Waasser net bei hinnen doheem ukënnt, mee d’Natur et iergendwéi virdrun opfänke kann, esou wéi et och fréier war.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng