ACCOUNT

Heure d’actualité du groupe politiqueDP sur le rôle de l’OTAN dans la criseactuelle avec la Russie

M. Sven Clement (Piraten)

Här President,

léif Kolleeginnen a Kolleegen, och ech wëll natierlech als Éischt dem Gusty Graas Merci soe fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn, déi jo e bësse Reformulatioune gebraucht huet, bis se da schlussendlech um Ordre du jour stoung, wat och e bëssen der Entwécklung vun der Situatioun geschëllt war, wéi d’Kolleegin Djuna Bernard virdru schonn erzielt huet. Ech sinn – an ech mengen, do sinn ech net aleng,
wann ech menge Virriednerinnen a Virriedner nogelauschtert hunn – dach beonrouegt iwwert d’Nouvellen, déi mer vun der ukrainescher Grenz héieren. De russesche President test hei fir d’widderhuelte
Kéier d’Grenze vun deem, wat Europa an d’USA akzeptéieren, dat offiziell, well hien an engem Uschloss vun der Ukrain un d’NATO eng Gefor fir Russland gesäit, en Uschloss, deen am leschte hallwe Joer net Theema war, an dat weist kloer, datt Russland hei keng Truppen deplacéiert wéinst Verhandlungen tëscht der Ukrain an der NATO. De
President Putin huet hei ganz aner Interessien, déi e spille léisst. An och wann d’Land sech ëm eng Memberschaft géif beméien, huet et d’Recht dozou, sech an deenen internationalen Organisatiounen ze engagéieren, wou et wëllt. Ech mengen, dat war mat der OSZEDeklaratioun vun Helsinki méi wéi kloer. D’Ukrain dierf Member bei der NATO ginn, wa se d’Krittären erfëllt an dat wëllt. Soulaang et awer esou ass, datt d’Ukrain net Member an der NATO ass, huet d’NATO net d’Recht, fir elo an dëst Polverfaass intervenéieren ze goen. Et handelt sech net ëm e Bündnisfall, do si mer eis all eens. Do huet d’NATO als Organisatioun einfach kee Recht fir ze intervenéieren, mee d’Memberstaate kënnen d’Ukrain awer ënnerstëtzen. Mir Piraten sinn der Meenung, datt eng militäresch Interventioun zu dësem Zäitpunkt vun iergendengem Partner, ob dat elo England oder d’USA oder soss een ass, net de richtege Wee ass. Et muss zu dësem Zäitpunkt nach ëmmer op Deeskalatioun gesat ginn! D’Gespréicher musse kënne weiderlafen. Gläichzäiteg mussen d’EU-Memberstaaten awer d’Recht hunn, fir hei Material an d’Ukrain ze schécken, fir si ze ënnerstëtzen, si ze preparéieren. A jo, dorënner falen och Waffen. Hei huet Russland einfach
kee Matsproocherecht! Mir hu jo och kee Matsproocherecht drun, wa Russland seng Truppen iergendwou hi verleet. Wann en EU-Staat wëllt d’Ukraine ënnerstëtzen, da soll dee Staat dat maachen! Sou wéi Russland d’Recht huet, fir virun Irland Übunge mat senger Marinn ze maachen,
Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) esou huet och all
EU-Staat d’Recht, fir der Ukrain materiell Ënnerstëtzung zoukommen ze loossen.
Plusieurs voix | Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) Et gëtt Zäit, datt mir
Russland erëm gewësse Limitten an d’Gediechtnes ruffen.
Une voix | Ganz gutt!
M. Sven Clement (Piraten) | Säit ronn zéng Joer ass de President Putin amgaangen, à la Salamitaktik sech Scheif fir Scheif d’Ukrain anzeverleiwen. D’territorial Integritéit, déi u sech an internationalen Traitéë vun dësem Land verankert ass, ass einfach net méi ginn: Donbass, Krim, fir nëmmen déi Headlines ze nennen. Mir wëssen net, wat e sech schlussendlech genau vun dëser neier Konfrontatioun erhofft. Egal, wat et sollt sinn, d’Ukrain ass keen a wäert ni méi en Deel vu Russland ginn. D’Zäite vum „Kiewer Rus“, wou Kiew d’Haaptstad vun engem Groussräich war, si laang eriwwer. D’Grenze vun der Ukrain sinn déi, déi d’UNO unerkennt. Och musse mir als EU kloer Grenze setzen, wann et drëms geet, datt de russesche President e Konflikt instrumentaliséiert, fir vun interne Problemer ofzelenken
oder d’Energiepräisser an der EU kënschtlech no uewen ze drécken. Mir dierfen als Memberstaaten net 27 verschidde Meenunge vertrieden an eis scho guer net wéi Ungarn elo op d’Säit vum Provokateur Putin stellen.


Här President,

mir Piraten gleewen, datt d’EU sech kloer muss fir Sanktioune par rapport zu Russland ausschwätzen, Sanktiounen, déi wéi kënnen doen. Länner, déi der Ukrain Material wëllen zoukomme loossen, sollen dëst maachen. Wa Lëtzebuerg wëllt Material schécken, da géif dat eis Ënnerstëtzung fannen. Mir Piraten sinn awer kloer géint eng Interventioun um Buedem oder an der Loft vun der Ukrain. Et ass nach net ze spéit, fir d’Situatioun ze deeskaléieren, och wa Russland scho säit zéng Joer un de Grenze vun der Ukrain knabbert. Esou muss et hei awer elo net zu engem oppene Konflikt kommen, deen herno e ganzt Land entweeder verschléckt oder weider spléckt. Mir
brauchen eng friddlech Léisung an et wär gutt – an ech mengen, do huet d’Nathalie Oberweis virdrun dat richtegt Wuert fonnt -, wa béid Säite géife vun hirem héije Päerd erofklammen a vläicht nach eng Kéier op Aenhéicht géife probéieren, dat doten aus der Welt ze
schafen.
Ech soen Iech Merci

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng