Heure d’actualité de la sensibilité politique déi Lénk au sujet des relations économiques avec des pays qui ne respectent pas les droits humains

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Alleréischt soen ech och deene Lénken an dem Nathalie Oberweis Merci fir d’Ufro vun dëser Aktualitéitsstonn. Et ass en Theema, wat net nëmmen duerch d’Aggressiounen, duerch d’Invasioun vum Putin sengen Arméien an der Ukrain un Aktualitéitswäert gewonnen huet, mee generell, mengen ech, meritéiert, an der Chamber diskutéiert ze ginn.
Gläichzäiteg huet natierlech den Ugrëff op d’Ukrain duerch dem Putin säi Regimm vill Prinzippien a kuerzer Zäit op d’Kopp geworf. Dat internationaalt Vëlkerrecht ass vun engem Moment op deen anere mat Féiss getrëppelt ginn, wéi dem Putin seng Truppen ee souveräne Staat ugegraff hu mam Zil, fir d’Grenzen op der Weltkaart mat Gewalt a mat Blutt nei ze zeechnen. Mee och d’Reaktiounen aus dem Weste ginn iwwer alles eraus, wat mer bis elo kannt hunn. Nieft haarde wirtschaftleche Sanktiounen, déi scho bal engem Handelsembargo gläichen, wa mer elo nach géifen d’Energieimporter dranhuelen, schécken d’NATO-Staate Waffen a militärescht Material an d’Krichsgebitt. An och mir Piraten begréissen, datt de Wirtschaftsminister elo eng nei Doktrinn beim Aussenhandel wëllt, déi sech also um Respekt vun de Mënscherechter an de jeeweilege Länner orientéiert. Virun allem de Prinzipp vun der Due Diligence, also der Sorgfaltspflicht, ass jo genee dat, wat d’Initiative pour un devoir de vigilance mir kenne se all, se stoung och schonn e puermol virun der Dier – zanter Mäerz 2018 freet. Dat ass och eng Demande, déi mir Piraten kloer ënnerstëtzen.
Mir si kloer fir e Liwwerkettegesetz. Och wann hei elo eng Propos vun der EU virläit, esou weess keen, wéini déi dann endlech ëmgesat ka ginn. An deem Sënn ass dat hei en Dogmewiessel, dee mir Piraten elo emol op den éischte Bléck matdroen. Natierlech mussen elo d’Detailer an d’Aktiounen op dës Annonce nokommen. An da musse mer kucken, wat déi Reaktioune sinn an ob se eis wäit genuch ginn oder net. Dat wëll ech elo mol nach an de Raum stellen, well ech erënneren nach eng Kéier drun, datt Lëtzebuerg als eent vun deenen
eenzege westleche Länner e Staatsoberhaupt op Peking reese gelooss huet. Dat hu mir Piraten kritiséiert an dat huet Lëtzebuerg op EU-Niveau och definitiv keng Pluspunkte bei eise Partnerlänner abruecht. Am Endeffekt war et eisen …
M. Fernand Kartheiser (ADR) | Who cares?
M. Sven Clement (Piraten) | „Who cares?“, freet den Här Kartheiser mech! Ma ech mengen, datt et eng Chamber muss ginn, déi sech mat esou Theeme muss beschäftegen. An ech fannen et och ganz speziell, datt sech d’„Partei vum klenge Mann“, wéi se sech gären nennt, eng ultranationalistesch Partei, hei op eemol fir eng onreglementéiert Globaliséierung asetzt. Also: Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust“, do freet ee sech awer, ob dat net scho bal u Schizophrenie grenzt! Mee bon, dat si mer jo aus deem Eck vum politesche Spektrum méi wéi gewinnt.
(Hilarité)
Am Endeffekt war eise Grand-Duc also mam Lëtzebuerger Fändel nieft dem Xi Jinping zu Peking an et gouf e Pressecommuniqué vun der chineesescher Säit, wou kee Wuert iwwer Mënscherechter drastoung! Goufe se ugeschwat? Vläicht, vläicht net. Op alle Fall hunn d’Chineese sech domadder gebretzt, datt de lëtzebuergesche Grand-Duc si besiche komm ass. An ech mengen, genee do ass de Problem. Mir mussen eis dëse Symbolmomenter méi bewosst ginn! Mir dierfen net iwwer esou Weeër autoritär an totalitär Staaten no bausse legitiméieren. Dat si Schrauwen, un deenen een einfach a séier kann dréien! Mee déi ginn natierlech bei Wäitem net duer. Joerzéngte war Lëtzebuerg um russesche Marché extreem interesséiert. Mir hu riseg Wirtschaftsmissiounen op Moskau geschéckt. Mir hu Banken heihinner gelackelt. An ech zitéieren elo d’Zuele vu „Paperjam“ net nach eng Kéier, wéi vill Milliarden duerch lëtzebuergesch Strukture gefloss si respektiv hei verwalt ginn. Déi Zuele gi jo och op der Place publique méi wéi kommentéiert.
Gläichzäiteg huet eise Pensiounsfong – an da kommen ech op Renteklau“ ze schwätzen Majo, de Pensiounsfong huet Renteklau gemaach, andeem e Milliounen a Russland investéiert huet, déi elo duerch d’Sanktiounen all Wäert verluer hunn. Hätte mer déi net an engem autokratesche Regimm, dee Krich féiert, investéiert, dann hätte mer déi net verluer. An de Rendement wär méi assuréiert gewiescht, wa mer eis géifen un eethesch Valeuren halen. Dat sinn nämlech Suen, déi d’Leit an d’Pensiounskeess abezuelen, Suen, déi si dem Pensiounsfong uvertrauen an déi grad dofir solle sécher a gutt investéiert ginn. An zu sécher a gutt gehéiert nun emol hautdesdaags, dat och eethesch a moralesch korrekt ze maachen.
(Interruption)
Mir Piraten hoffe wierklech, datt 2023 – an hoffentlech éischter – en neien nohaltegen Investitiounsplang fir den FDC kënnt, well esou kann et einfach net weidergoen! Mir finanzéiere via Pensiounsfong Uelegfirmen, Firmen, déi modern Sklaverei a Länner wéi Indonesie bedreiwen, a bis viru Kuerzem och nach dem Putin säin enkste Krees. Et ass jo net eréischt säit gëschter, datt de Putin respektiv säi Regimm op Sanktiounslëschten opgetaucht ass. Scho säit 2014, wéi
en d’Krim annexéiert huet, gouf et Sanktiounen. Wat huet de Pensiounsfong gemaach? Weider monter a Rubelen investéiert!
De Pensiounsfong ass also déi Plaz, wou mer wierklech am séierste mussen usetzen, fir datt mer als Staat hei och eng Virreiderroll iwwerhuelen. Well mat wat fir enger Justifikatioun gi mir als Staat hin a soen de Betriber, si misste sech un e Liwwerkettegesetz halen, si missten eethesch a moralesch korrekt agéieren, wa mer et selwer net hikréien?! Och dat ass hypokritesch! A mir mussen eis un der eegener Nues huelen, respektiv den Exekutiv muss sech un der eegener Nues huelen. Well ech weess, datt zumindest hei an der Chamber méi wéi eng Kéier drop higewise gouf, datt den FDC méi nohalteg misst investéieren, an datt et vusäite vun der Majoritéit allkéiers geheescht huet: „Do kann ee jo awer wierklech net drugoen.“ Do freet ee sech scho bal, ob den Här Kartheiser et mëttlerweil an d’Majoritéit gepackt huet.
(Interruption)
Mir kënnen als Staat also net verlaangen, datt anerer eppes maachen, wa mir net deen éischte Schrëtt selwer maachen.


Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, datt mir eis fir eng Reform vun der Investitiounspolitik vum Pensiounsfong a politesch Boykotte vu Veranstaltunge wéi d’Wanterspiller zu Peking asetzen, ass evident. Dat gouf heibannen oft genuch thematiséiert. Mir erwaarden eis dofir, datt dës Regierung elo séier en éischte Plang virleet, wéi se eis Wirtschaft wëllt op de Wee vum Respekt vun de Mënscherechter bréngen, mee datt se och, wat d’Exekutiv selwer betrëfft, mam gudde Beispill virgeet an esou diplomatesch Debakele wéi d’Visitt zu Peking a weider Investissementer a Pëtrolsfirmen ab sofort si léisst!
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Ahoi léiwe Member,  Mir invitéieren dech häerzlech op de Ost-Kongress, deen en Donneschden, den 18ten Abrëll 2024, ab 19h00 am Kulturhuef Bistro stattfënnt. D’Adress
Ahoi léiwe Member!  D’Sektioun Käl/Téiteng invitéiert op de Sektiounskongress (Generalversammlung) de 16ten Abrëll 2024 um 19h00.  De Kongress wert stattfanden um Café op der Platz.