Am ofgeännerte Gesetz vum 18ten Dezember 2009 ass d’Aide sociale gereegelt. Iwwert d’Office sociaux kënnen d’Leit Hëllefe kréie fir Waasser-, Stroum- an Heizrechnungen ze bezuelen, fir Dokteschrechnungen ze bezuelen oder fir Iesswueren ze kréien. D’Unzuel u Persounen, déi op Hëllefen ugewise sinn, klëmmt all Joers. Laut Caritas Lëtzebuerg ass d’Frequentatioun vun den 12 Sozial-Epicerien iwwer déi lescht 5 Joer ëm 30 % erop gaangen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Demandë fir Hëllefe goufen an deene leschte 5 Joer vun den Office sociaux ofgeleent ? Aus wat fir enge Grënn ?
-
Wéi vill Demande fir Hëllefe goufen an deene leschte 5 Joer vun den Office sociaux ofgeleent, mam Grond, dass gefroten Dokumenter net mat Zäite per Bréif eragereecht goufen?
-
Wéi vill Persounen hunn an deene leschte 5 Joer op Grond vun enger ofgeleenter Demande ee Recours virum Conseil arbitral gemaach?
-
Wéi vill Persounen hunn an deene leschte 5 Joer op Grond vun enger ofgeleenter Demande ee Recours virum Conseil supérieur des assurances sociales gemaach?
-
Wéi vill vun dëse Persoune krute beim Recours viru béide Conseile Recht zougesprach?
QP Nummer 7229