Handicapgerechten Accès zu Gebaier

De 7ten Januar 2022 gouf an der Chamber d’Gesetz fir eenheetlech Krittäre fir een Handicapgerechten Accès zu Gebaier gestëmmt. D’Gesetz trëtt fir nei Gebaier de 7ten August 2023 an Kraaft, bestoend Gebaier hunn 10 Joer Zäit fir konform ze ginn. An dësem Gesetz gi 5 Reglementer opgelëscht (an den Art. 2, 3, 4, 5 an 11), déi sollen Detailer fir ëffentlech a privat Gebaier festhalen an och sollen d’Voie publique méi benotzerfrëndlech fir Persoune mat Handicap maachen. Dës Reglementer si bis elo nach net deposéiert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch Datumer soen op deenen dës Reglementer wäerten an de Regierungsrot kommen?

  2. U wéi enge Krittären orientéieren sech d’Bauhäre säit dem Januar 2022 vue dass d’Reglementer mat den detailléierte Virgaben nach net virleien?

  3. Gesäit d’Ministesch hei net d’Gefor, dass wichteg Zäit verluere geet, an deene Gebaier gebaut ginn, déi da spéitstens an 10 Joer mussen amenagéiert gi fir dem uewe genannte Gesetz z’entspriechen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6765

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall