FRO.LU: LAWS Aarbechtsgrupp

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Den 22ten Juli huet de Verdeedegungsminister matdeele gelooss, dass een interministeriellen Aarbechtsgrupp zum Thema Lethal Autonomous Weapon Systems kuerz “LAWS” géing opgestallt ginn, “dee sech mam Problem vun de “Killer Roboter” (Déidlech Autonom Waffesystemer) beschäftegt a sech international fir e strikten ethesche Kader asetzt.” An dësem Aarbechtsgrupp sollen, nieft dem Verdeedegungsministère an der Uni.lu, och Justiz- , Digitalisatiouns- , Fuerschungs- an de Wirtschaftsministère vertruede sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert den Aarbechtsgrupp sech och mat den net-déidlechen autonome Waffe beschäftegen, wëssend, dass autonom Waffesystemer och net déidlech Attacke lancéiere kënnen?  Wa nee, firwat?

  2. De Minister erkläert an engem Artikel am Lëtzebuerger Wort, dass hien sech duerch den LAWS-Aarbechtsgrupp eng “Alliance des volontés” erhofft, fir dass op EU-Niveau kéint ee legale Kader zustane kommen. Ass och d’Ausschaffe vun engem nationale legale Kader virgesinn? Wéi genau erhofft sech de Minister fir präzis Kontributioune fir d’Basis vun internationalen Traitéen ze maachen?

  3. Kann de Minister bestätegen, dass éischt Resultater vun deem Aarbechtsgrupp fir de Summer 2023 virgesi sinn? Wäert de Minister dës Resultater dee Moment der Chamber virstellen?

Fro n°6642

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6642

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt