De Wunnengsbauministère hat am Oktober Ännerungen u sengem Mietgesetz virgeluecht. Hei huet hien eng Ännerung vum Mietpräisdeckel proposéiert, dee vun aktuell 5% vum Capital investi op 3,5% soll erofgoen. Gläichzäiteg ass de Minister higaangen an huet d’Berechnungskoeffiziente vum Capital investi geännert.
Leit, déi wollten, konnte mat engem Excel-Tableau vum Ministère ausrechnen, wéi sech d’Loyere mat deem neie Gesetz entwéckelen. Zum grousse Schock vu ville Locatairen, well mat de neie Berechnungen d’Loyeren an Zukunft souguer nach an d’Luucht géife goen! Virun e puer Deeg huet de Logementsministère matdeele gelooss, dass ee Feeler bei de Formelen am Excel-Tableau virkomm ass. Dee Feeler gouf behuewen, sou dass d’Koeffizienten am Excel de Loyer elo richteg géife berechnen.
Wien an d’Metadonnéeë vum Excel-Fichier nokucke geet, dee gesäit, dass d’Consultingfirma Allen and Overy deen Excel-Fichier fir de Logementsministère erstallt huet. Scheinbar huet awer de Minister beim Logementsministère sengem Prestataire blann vertraut an et verpasst, fir den Tableau, deen awer e puer Wochen online accessibel war, virun der Verëffentlechung ze kontrolléieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:
-
Wéi vill huet Allen and Overy dem Logementsministère fir d’Konzeptioun an d’Realiséierung vun dësem Excel-Tableau facturéiert?
QP Nummer 7235