ACCOUNT

Wou kënnt eis Energie hir a wou gëtt se wéi effizient consomméiert?

D’Energiewend ass voll amgaang an et ass essenziell fir d’Notzung vun erneierbaren Energiequelle virunzedreiwen, fir esou d’Energiesécherheet ze garantéieren an eng weider Äerderwärmung duerch d’Zäregasemissiounen ze stoppen.

De PNEC liwwert Informatiounen iwwert déi lëtzebuergesch Situatioun an déi lëtzebuergesch Ziler vun der Energiepolitik. Wat am PNEC awer (nach) feelt ass eng visuell Informatioun, déi d’Energie-Flux’en erkennbar mécht an op deenen ze gesinn ass, op wéi eng Energiequellen déi lëtzebuergesch Ekonomie zeréckgräift, wou dës Energië landen a wéi effizient se um Wee vun der Quell bis un d’Zil verwäert ginn.

De Lawrence Livermore National Laboratory huet zum Beispill fir déi US-amerikanesch Wirtschaft esou eng Visualiséierung vun dëse Flux’en a Form vun “energy flow charts” preparéiert. 

Mir wëlle vum Energieminister wëssen, ob och den Energieminister esou “energy flow charts” preparéiert huet.

  • Falls jo, géife mer den Energieminister bieden, dës an der zoustänneger Kommissioun ze präsentéieren.
  • Falls nee, wëlle mer vum Energieminister wëssen, ob hien esou Grafiken an noer Zukunft mat aktuellen Zuele wéilt ufäerdege loossen an ob hien esou quantifizéiert kéint duerstellen, wou Lëtzebuerg aktuell steet a wéi dës Zuelen sech fir 2030, 2040 an 2050 sollen entwéckelen, fir den Ziler vum PNEC gerecht ze ginn.

Bildquell: https://flowcharts.llnl.gov/sites/flowcharts/files/2022-04/Energy_2021_United-States_0.png

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng