ACCOUNT

Déclaration gouvernementale relativeaux résultats des discussions avec lespartenaires sociaux dans le cadre des travaux du Comité de coordination tripartite, suivie d’un débat

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Premier huet virdru gesot „Solidaritéit“ an „et huet e Präis“. Jo, Solidaritéit ass wichteg. Jo, mee wann et solidaresch soll sinn, muss et och wierklech solidaresch sinn.
Wierklech solidaresch ass, wann et eng sozial Selektivitéit gëtt, a grad deen Tankrabatt, deen hei proposéiert gëtt, ass alles anescht wéi sozial selektiv. De PorscheBesëtzer kritt 77 Cent op 100 Kilometer an de Polo-Besëtzer 27 Cent an den Elektrofuerer null, guer näischt. Dat ass keng sozial Selektivitéit. Eng Propos vun enge forfaitairer Subsidiéierung wär warscheinlech méi einfach gewiescht ze erklären a wär warscheinlech méi selektiv gewiescht. Mee d’Regierung huet sech hei decidéiert, fir mat der Strenz iwwert d’Autosfuerer a
virun allem iwwert déi Autosfuerer mat deenen décken Autoen a Motoen ze goen, a grad dat an enger Klimakris, hale mir als Piraten fir irresponsabel. Dann: „Et huet e Präis.“ Jo, et huet e Präis. Mee ech sot et elo grad: De Schued um Klima gëtt einfach net chiffréiert. Mee och dee Präis wäerten déi zukünfteg Generatiounen ze bezuelen hunn, mee dee gëtt hei einfach ewechgewëscht. Jo, mir hunn eng Energiekris. Mee dat heescht net, datt mer d’Klimakris däerfen ignoréieren, well wa mer elo d’Klimakris ignoréieren, da wäert et an e puer Joer ëmsou méi kaschten. A genau dat ass et nämlech och, wat geschitt duerch dat Verschibe vum Index. Jo, mir verschiben elo dann am Hierscht eng Indextranche, mee wat geschitt da wierklech, wann et herno net eng Indextranche ass, déi verschiibt gëtt, mee zwou oder dräi? Dann huet eng nei Regierung 2024 direkt d’Herkulesaufgab, fir 7,5 % Kafkraaftverloscht ze kompenséieren. Dat wären nämlech dräi Indextranchen. Dat ass d’Vermächtnis, dat dës Regierung géif där nächster iwwerloossen. Do freet ee sech da schonn, ob se wëllen nach eng Kéier an där nächster Regierung sinn, well da musse se dee Problem nämlech upaken. À voir! An dann iwwert d’Zuelen: Mir schwätzen hei ganz vill iwwer Zuelen. De Premier nennt ganz vill grouss Zuelen, ganz vill Milliounen-, Honnerte-Millioune-Beträg, mee Konkreetes si mer fir d’éischte Kéier gewuer ginn, wéi mer als Éischt dem Yves Cruchten nogelauschtert hunn an duerno d’Motioun vum Gilles Baum gelies hunn, wou Rechebeispiller dra sinn, an deenen dann op eemol genau genannt gëtt, wat da schlussendlech soll an deem Pak dra sinn. Well wéi ech dem Premier hei op der Tribün nogelauschtert hunn, hat ech e bëssen esou d’Gefill, wéi wann ech sonndes moies eng Kéier d’Tëlee ugemaach hätt an ech hätt net opgepasst an ech wär um Shoppingkanal gelant. Alles super, alles perfekt, a wannechgelift rufft direkt un, kaaft d’Kaz am Sak. Dat war e bëssen d’Gefill, dat ech hat.
Mir krute ganz grouss Montante genannt, bei deenen ech deelweis agesinn, datt et eppes kascht, mee den Detail, dee war awer seelen dënn. Deementspriechend war ech erfreet, wéi den Yves Cruchten eis e Rechebeispill ginn huet. Ech war dunn awer e bëssen erschreckt, wéi ech an der Motioun vum Gilles Baum en änlecht Rechebeispill gesinn hunn, an dat Rechebeispill war awer dann e bëssen en anert a koum u sech zum Schluss, datt een ab ronn 3.500 Euro brutto am
Mount eebe grad keng Surcompensatioun huet, datt een ab 3.500 Euro brutto de Mount an enger normaler Kompensatioun ass, tout juste nach. A bei der Tranche bis 68.000 Euro d’Joer, do géif eng Indextranche brutto 141 Euro de Mount ausmaachen an et géife 76 Euro netto kompenséiert. Wann Der mer elo wierklech sot, datt een, deen 68.000 Euro d’Joer verdéngt, iwwer 45 % Steiere géif bezuelen
op deem Index, da sinn ech awer paff, erstaunt, wéi vill Steiere Leit mat 68.000 Euro d’Joer géife bezuelen. Deementspriechend gëtt bei 68.000 Euro d’Joer net emol méi den Index kompenséiert. A vun enger Surcompensatioun soll heibanne wannechgelift kee schwätzten, et sief dann d’Zuelen an der Motioun vum Gilles Baum wäre komplett falsch. Mee et sinn déi eenzeg Zuelen, déi dës Chamber bis elo presentéiert krut. An da verstitt Der, firwat ech mech fille wéi um Shoppingkanal, wou eis d’Kaz am Sak verkaf soll ginn.
An dann zur Remise vum Pëtrol. Ech sot et schonn: D’Klimakris gëtt gläichzäiteg wéi en Deel vun den Accisen einfach emol ofgeschaaft. Et ass sozial ongerecht, well wie wierklech mengt, datt de Porsche-Chauffeur mat sengem Porsche Cayenne 77 Cent op 100 Kilometer muss rembourséiert kréie vum Staat, wärend deen, deen e Polo fiert, 27 Cent kritt … Wien dat sozial gerecht fënnt, ma ech mengen, deen huet vu sozialer Gerechtegkeet nach net vill héieren. An dann: Datt et esou wäit kënnt, datt mer déi lescht Joren hei alles gemaach hunn, fir Elektromobilitéit ze subsidéieren, wou d’Madamm Lorsché hei op der
Tribün gesot huet, mir sollten déi Leit belounen, déi Betriber, déi schonn de Schrëtt no vir gemaach hunn, déi Betriber, déi hir Flotten elektrifiéiert hunn, natierlech mat Subsiden. Mee déi ware fir jiddwereen do. Déi Betriber, déi also schonn e Schrëtt a Richtung Klimaneutralitéit gemaach hunn, kruten am Ufank vum Joer gesot: „D’Chargy-Borne kaschte méi, bal 30 % méi.“ Dat war den 1. Januar. Déi kréie keng Kompensatioun. Par contre kréien déi Betriber, déi weiderhin op fossill Brennstoffer gesat hunn, elo e Kaddo gemaach.
Besser wär also och hei erëm eng gedeckelt forfaitaire Subventioun gewiescht, oder, wat eng aner Pist gewiescht wär, fir d’Salariéen ze treffen, wär, d’Fraisde-déplacementen ze erhéijen, eppes, dat Objet vun zwou Motiounen heibanne war, déi allen zwou, souwuel déi vun der CSV wéi déi vun de Piraten, heibanne refuséiert goufen.
Mir kéinten natierlech och esou wäit goe wéi aner Länner a soen: Ma wann et wierklech drëm geet, fir d’Logistiksbranche ze schützen, ma da kéinte mer och e Gasoil professionnel aféieren. Da kéinte mer Diesel professionnel aféieren. Da kéinte mer derfir suergen, datt mer en anere Präis hu fir de professionellen Notze wéi dee fir d’individuell Mobilitéit. Och dat wär eng Pist gewiescht, fir méi selektiv ze sinn. Och hei huet sech dës Regierung entscheet, zesumme mat deene Partner, déi da schlussendlech ënnerschriwwen hunn, fir mat der Strenz iwwert d’Mobilitéit ze goen an net selektiv ze sinn.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wa mer dann iwwert den Index schwätzen, dann hunn ech awer e bëssen d’Gefill bei alle Sonndesrieden, déi gehale goufen, wéi frou a wéi houfreg mer alleguerten op den Index sinn, deen ëmmerhin de Garant fir de soziale Fridden ass. Ech mengen, dat gouf hei vu jiddwerengem gesot, an et ass ee vun den Aspekter, déi mer dobausse verkafen, mat deem mer Betriber op Lëtzebuerg unzéien. Mir soen de Betriber, déi international op Lëtzebuerg kommen: „Ma zu Lëtzebuerg musst Der Iech keng Suerge maachen, datt all zwee Joer d’Gewerkschafte streiken, well se gäre 5 oder 6 % méi hätten, well mer eng automatesch Lounupassung hunn.“ A genau un där automatescher Lounupassung, déi u sech de Garant fir soziale Fridden ass, gëtt elo
gefréckelt. Also, wann dës Regierung sech als Frënd oder Verteideger vum Indexsystem opspillt, dann ass dat och e bëssen eng Mogelpackung. De Staat mécht nämlech, an dat ass dat Kokasst bei där ganzer Geschicht . Wann d’Zuelen oder d’Verspriechen, déi de Premier hei gemaach huet, géife stëmmen, da géif de Staat jo u sech den Index surcompenséieren ab dem Hierscht. Ma wa mer d’Suen hunn, fir den Index ze surcompenséieren, da kéinte mer et jo anescht maachen, anstatt datt mer e bei den individuelle Leit surcompenséieren oder kompenséieren, woubäi ech dat nach eng Kéier a Fro stellen, ob déi Zuelen tatsächlech esou stëmmen. Et kéint ee jo dann och soen: „Ma mir halen den Index ganz normal weider a mir kompenséieren dat eebe grad bei de Betriber, wa mer déi Suen dann hunn.“

(Interruption par M. Xavier Bettel)


Ze behaapten, datt den Index ze réckelen alternativlos wär, ass also, mengen ech, liichtsënneg an oniwwerluecht. En plus ass Är Rechnung, an dat sot ech, an eisen Ae falsch, sous condition datt … Dir kënnt mer elo soen, datt d’Motioun falsch ass. Dann huelen ech
dat zur Kenntnis. Mee wa mer dat einfach duerchrechnen, kommen ech nach eng Kéier zum Schluss, datt mer hei Leit ab 3.500 Euro brutto de Mount bei d’Lisette loossen. Do maache mer Indexklau. Do gëtt et keng Surcompensatioun an et gëtt och net emol méi eng Kompensatioun. Wien eppes anescht behaapt huet, entweeder aner Zuelen … oder déi Zuelen, déi d’Chamber hei presentéiert krut, si falsch. Domadder wäre mer hei ugeflunkert ginn. Wéi de Premier gesot huet, Zitat: „Kee Menage wäert manner Kafkraaft hunn.“ Ech hunn d’Gefill, datt hei erëm dräi verschidden Aiden an een Dëppe gepucht ginn, Verschiddener, déi et scho virdru gouf, anerer, déi scho virdru beschloss waren an eeben elo dann nach den Index, deen derbäigerechent gëtt, fir iergendwéi dozou ze kommen, datt d’Kafkraaft an d’Luucht gaange wär. Jo, mee mir schwätzen net iwwert déi Aiden, déi scho beschloss goufen. Mir schwätzen haut iwwert déi nei Saachen, an do muss ech einfach soen, datt mer déi Zuelen net novollzéie kënne mat deenen Donnéeën, déi bis elo presentéiert goufen. Et wär jo einfach gewiescht: D’Regierung hätt jo kënnen déi Zuele vu vireran der Chamber matbréngen an net eis op eng Pressekonferenz um fënnef Auer vertréischten, wärend dës Chamber siegéiert. Mir goufe vertréischt op Detailer, déi presentéiert ginn, wärend d’Chamber zesummen ass. Also ech weess net, wéi et Iech geet, léif Kolleeginnen a Kolleegen, mee et probéiert ee jo awer, den Debat ze suivéieren an net gläichzäiteg eng Pressekonferenz ze kucken. Bon. Ech kéint elo nach weiderfuere mat Kritik, mee et soll ee jo och Propose maachen, konstruktiv Propose maachen a weisen, datt et net nëmmen ass, fir dergéint ze sinn, mee datt een och ka weisen, wéi eng Pisten een hätt kënnen aschloen. Eng Pist, déi d’Piraten scho méi wéi eng Kéier ugeschwat hunn, wär ganz konkreet, en Investitiounsprogramm opzeleeën, fir datt all Dag all Privatstot kéint eng Solar-, eng PV-Anlag op den Daach kréien. Da misst de Staat do mam gudde Beispill virgoen. Dat géif eis
Onofhängegkeet vum russesche Gas a Pëtrol sécherlech acceleréieren. Dann eng Chargy-Primm: Änlech wéi mer et maache
fir déi, déi mat fossille Brennstoffer fueren, misste mer u sech déi Leit encouragéieren, déi mat Elektro fueren, grad fir déi, déi schonns ëmgestallt hunn. Da firwat net Saachen, déi schonn a Motiounen
heibanne presentéiert goufen: d’Frais de déplacement erhéijen, eng Energieprimm, fir d’Urgence ze kompenséieren oder, soyons fous, d’Steiertabell upassen. Mir sinn an deenen Debaten dran. Esou wéi elo aner Saache virgezu ginn, hätt een och déi Diskussioune kënne
virzéien. A wann een doriwwer schwätzt, da kéint een och driwwer nodenken, fir d’Chèque-repasen ze indexéieren, well genau do spieren d’Leit d’Käschtendeierecht haut direkt bei der Mëttesschmier. Well fir 10,80 Euro eppes iessen ze goen, … also an der Stad ass dat schwiereg, wann ee sech eenegermoosse gesond wëllt ernären.
Am Resümmee: Et ass gutt, datt den Outil vun der Tripartite genotzt gouf. Mee et soll een dann och kucken, fir jiddwereen am Boot ze halen an ech mengen, datt d’Chamber muss associéiert ginn an net virun e Fait accompli däerf gestallt ginn. Duerfir begréissen ech
d’Initiativ, datt mer eng Spezialkommissioun solle kréien. D’Resultater vun dëser Tripartite sinn nawell mitigéiert an, muss ech elo soen, wéineg couragéiert, a wat de Klimaschutz ugeet, definitiv e Schrëtt no hannen. Dës Chamber huet déi lescht Woche méi wéi eng Propos gemaach, déi et net an d’Propose vun der Regierung gepackt huet an net an d’Konklusioune vun der Tripartite. Fir eis ass kloer: Et dierf net op d’Käschte vum Index goen. An dat ass och de Grond, firwat mer u sech relativ negativ agestallt sinn zu deene Konklusiounen, déi hei bis elo presentéiert goufen. Mir zweifelen
d’Éierlechkeet oder d’Veracitéit vun enger Rei Zuelen un. Mir sinn der Meenung, datt ee méi wäit hätt kënne goen, méi couragéiert a virun allem méi sozial gerecht hätt kënne virgoen. An duerfir bedaueren ech e bëssen déi Resultater, déi erauskomm sinn.


Ech soen Iech Merci

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng