Déclaration du Gouvernement sur l’étude externe indépendante relative aux clusters dans les structures d’hébergement pour personnes âgées, suivie d’un débat

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt och vu menger Säit e grousse Merci un de Jeannot Waringo a seng ganz Ekipp, déi hei de Meritt huet, e faktuellen, nuancéierte Rapport virgeluecht ze
hunn. Wann awer de virleiende Rapport eppes duerstellt, dann ass et, datt dës Kris an den Alters- a Fleegeheemer net primär vun hirem Ministère de tutelle, mee vum Gesondheetsministère geréiert ginn ass. Wärend de Familljeministère sech ëmmer méi effacéiert huet, huet de Ministère de la Santé seng Responsabilitéite geholl. D’Familljeministesch war wärend dëser Kris bis elo esou onpresent, datt souguer d’Fro am Rapport opgeworf gëtt, ob een net misst iwwer eng nei Opdeelung vun de Ressorten nodenken an der Santé einfach direkt dee ganze Beräich vun de Soins fir eeler Leit iwwerginn. Selbstverständlech ass eng sanitär Kris e Problem,
deen een net ouni Bedeelegung vum Gesondheetsministère abordéiere kann. Datt dat awer net heescht, datt ee sech als Minister komplett senge Responsabilitéiten entzéie kann, an datt een och selwer aktiv misst ginn, hunn aner Ministèrë gewisen. Vum Mëttelstandsminister iwwert d’Sécurité sociale bis hunn zur Bildung hunn d’Ministeren agéiert. A jo, ech muss hei souguer den Educatiounsministère luewen. Et iwwerrascht mech e bësse selwer, mee souguer eise Bildungsminister hat no enger zimmlech inaktiver Startphas, wou de Virus nach op magesch Aart a Weis d’Schoulen ëmgaangen huet, erausfonnt, datt en eppes maache misst. Wéi eng Mesuren zu wéi engem Zäitpunkt déi richteg ware fir d’Schoulen, doriwwer léisst sech elo ganz gutt streiden. Mee ëmmerhin: Et ass eppes geschitt! Egal wat ee vum Plang, dee fir d’Schoulen opgestallt gouf, hält – et gouf gemaach! Vum Familljeministère konnt dogéint emol net dëse minimalen Aktivitéitskrittär erfëllt ginn. Mee dat ass u sech jo nach keng nei Informatioun. Dat hate mer jo och schonns virun dësem Rapport beklot. An duerfir gouf jo och drëm gebieden, datt eng approfondéiert Analys gemaach géif ginn. Wat de Rapport engem awer elo nach eemol virun Ae geféiert huet, ass d’Ausmooss, an deem sech hei d’Ministesch virun hirer Verantwortung gedréckt huet. Recommandatiounen ouni Ënnerschrëft,- Datum oder Entête, vun deenen net kloer ass, ob se vun der Santé, der COPAS oder vläicht dach awer nach vum Familljeministère geschriwwe goufen. Wat also bei privatem Bréifverkéier ganz gutt fonctionéiert huet, schéngt bei offizielle Kommunikatiounen op eemol net méi ze fonctionéieren. Recommandatiounen, déi mat „il est interdit“ uginn, a gläichzäiteg Empfeelungen, an deenen all d’Responsabilitéit op den Terrain ofgedréckt gëtt mat de Wierder: „Chaque gestionnaire est libre de prendre ses responsabilités“, wat jo bal eng Frechheet ass, engem esou eppes als Recommandatioun ze ënnerbreeden! Wéi wann d’Gestionnairen dat net souwisou scho gewosst hätten! Dann nach e ganze Summer an eng Rentrée, wou et guer keng nei Recommandatioune gouf, well déi al einfach weider gëlle sollten, obwuel sech d’Situatioun awer lues a lues ëmmer weider zougespëtzt huet. An dann och nach eng Ministesch, déi am Hierscht mat eidelen Hänn do stoung an net op eng weider Well preparéiert war, obwuel de ganze Summer Zäit gewiescht wär, Konklusiounen aus där éischter Well ze zéien an ze plangen. Esou gesäit e kompetente Krisemanagement einfach net aus. An ech verstinn do och, datt d’Gestionnairë sech um Terrain an éischter Linn un d’Ordonnancë vun der Santé gehalen hunn a manner un déi sougenannt „Recommandatioune“ vum Familljeministère. Do war schliisslech net vill ze huelen. Wann ech dann och nach héieren, wéi e puer DP Politiker elo virun hir Ministesch sprangen a betounen, datt iwwert de leschte Summer jo dach awer esou vill gemaach gi wier, well Preparatioune getraff gi sinn, fir de Large-Scale-Testing an d’Haiser ze kréien an och nach e Stufeplang mat der COPAS auszeschaffen, da kann ech nëmme staunen. Den ominéise Stufeplang, op deen elo hei op eemol verwise gëtt, gouf an de Medie kloer vun der COPAS an, souwäit ech mech erënneren, net vun der Ministesch presentéiert. Wat d’Ministesch ëmmer nees sot, war just, datt all Gestionnaire seng Responsabilitéite selwer sollt huelen. Well si sech eeben net kloer an ëffentlech hannert dëse Plang gestallt huet, hat en um Terrain wuel och esou eng, soe mer emol, limitéiert Wierkung, datt en et emol net kloer an de Rapport Waringo gepackt huet. An dat seet jo u sech schonn alles dozou aus! A wat de Large-Scale-Testing betrëfft, esou kann ee wuel net behaapten, datt et eng grouss Leeschtung wier, datt Persounen, déi sech wéinst Handicap oder Krankheet net deplacéiere konnten, eréischt Méint nom Rescht vum Grand public vum LST profitéiere konnten.

M. Michel Wolter (CSV) Très bien!


M. Sven Clement (Piraten)

Do hu sech méintelaang Invitatiounen an den Altersheemer gestapelt fir vulnerabel Persounen, déi ganz gär vun der Offer profitéiert hätten, mee fir déi en Deplacement bis an d’Teststatioun méi Gefore beinhalt hätt, wéi den Test en Notzen hat. Datt do am Hierscht endlech eppes geschitt ass, nodeems d’Leit sech scho méintelaang beschwéiert haten, war keng Leeschtung, mee et war den absolutte Minimum! Duerfir bleiwen ech, genee wéi dëse Rapport, bei der Aschätzung, datt et iwwert d’Summerméint am vergaangene Joer eng Phas gouf, wou keng Recommandatiounen un den Terrain méi erausgaange sinn an och kee konkreete Plang fir eng nächst Well ausgeschafft gouf. Deen eenzege Punkt, deen an dëser Phas gewënnbréngend war, war d’Opstelle vun enger Ligne de garde aus Dokteren. Mee dat war jo och nees e Projet, wou et eigentlech ëm d’Gesondheet goung. An datt d’Dokteren an de Gesondheetsministère wärend dëser Kris hiert Bescht ginn hunn, stellt wierklech keen a Fro! Mir Piraten deelen och d’Aschätzung aus dem Rapport net, datt et keng legal Basis ginn hätt fir Aktiounen a Virgabe vusäite vum Familljeministère. Wéi den honorabele Kolleeg Gilles Roth gëschter schonns bei der Presentatioun vum Rapport ugemierkt huet, kann een och an eisen Aen d’ASFTGesetz hei als legal Basis uféieren. Et hätt kënne méi gemaach ginn, mee et ass einfach net geschitt. Här President, dëse Rapport huet eis awer net nëmmen Informatiounen iwwert d’Aarbecht vum Familljeministère geliwwert, mee och konkreet Analysen iwwert d’Impf- an Teststrategie. Ee vun den Haaptproblemer, deen hei direkt an d’A spréngt, ass deen zum Deel dach vill ze niddrege Participatiounstaux, souwuel wat d’Bereetschaft ugeet, sech testen ze loossen, wéi och, wat d’Impfungen ugeet. Hei ass et elo wichteg, weider Opklärungsaarbecht um Terrain ze maachen an déi, déi sech net impfe gelooss hunn, nach eemol ze invitéieren, sech dach awer nach e Rendez-vous an engem Impfzenter ze huelen. De Gesondheets- a Fleegesecteur krut ganz fréi d’Méiglechkeet, vun Impfunge profitéieren ze kënnen. An dat war och d’Zäit, an deene Suergen ëm d’Niewewierkungen an de Medie grad fir eng Schlagzeil no där anerer gesuergt hunn. Do ass et duerchaus méiglech, datt et fir eng Rei Persounen ze séier goung a si sech nach net prett gefillt hunn, fir direkt geimpft ze ginn. Mëttlerweil sinn awer e puer weider Méint vergaangen. Ëmmer méi Leit krute schonn eng Impfung an esou hunn och ëmmer méi Persoune Vertrauen an d’Sécherheet vun der Impfung kënne faassen, ganz besonnesch bei den mRNA-Impfstoffer. Well vergiesse mer net: De Gesondheetssecteur, de Fleegesecteur besteet zu engem groussen Deel aus jonken a manner jonke Fraen, déi an enger éischter Phas, wéi déi Impfungen ugefaangen hunn, och spezifesch vun AstraZeneca, oder Vaxzevria, wéi en haut heescht, ofgerode kruten aus Angscht viru Sinusvenenthrombosen. Dës Angscht ass haut geholl. Mëttlerweil hu mer Impfstoffer, genuch Impfstoffer, fir och jiddwerengem kënnen eng Offer mat engem mRNA-Impfstoff ze maachen, dee sech bis elo net geimpft huet. Ech deposéieren dofir haut och dës Motioun, ma där ech d’Regierung wëll alueden, den Employéen aus dem Santés- a Fleegesecteur nach eemol e Bréif zoukommen ze loosse mat enger Invitatioun, an de kommende Wochen nach e Rendez-vous maachen ze kënnen, fir mat engem mRNA-Impfstoff geimpft ze ginn, falls se nach kee Vaccin kruten. Ech weess, datt et jidderengem aktuell fräisteet, sech op eng Lëscht anzedroen, fir sech impfen ze loossen. Mee grad well et hei ëm esou e wichtege Secteur geet an de Rapport Waringo jo ganz kloer gesot huet, wéi wéineg Leit sech do bis elo impfegelooss hunn, denken ech, datt et wichteg wier,
d’Fleege- a Gesondheetspersonal nach eemol prioritär drunzehuelen, éier dann de Rescht vun der Populatioun och nach eng zweet Chance op eng Impfung kritt.

Här President.

Zesummenhang posts

At the physical starting point of guichet.lu, citizens can complete various formalities in person, for example to exchange an identity card or driver’s license
Zënter Joren héiert een ëmmer erëm, dass et eng Iwwerpopulatioun u Wëllschwäi géif ginn. Verschidden Acteure maachen d’Politik dofir verantwortlech, well d’Reegelen, wéi eng
Wärend dem Héichpunkt vun der Covid-Pandemien sinn an den Impfzentren zu Lëtzebuerg dausende Persounen pro Dag geimpft ginn. D’Hale ware voll an d’medezinescht Personal