ACCOUNT

Débat de consultation au sujet de l’analyse de l’opportunité d’introduire une obligation vaccinale sectorielle ou universelle

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.
Haut hu mir wuel mat déi wichtegst Diskussioun, déi eng Gesellschaft ka féieren. An et geet ëm eng wäitan déifgräifend Mesure an et geet a sech och ëm d’Fro, ob een eng fräiheetlech Approche wielt a wéi eng Grondastellung, jo, och all eenzelnen Deputéierten oder eng ganz Partei huet. Dofir begréisse mir, dass den Här President eis et och erlaabt huet, genuch Zäit ze kréien, fir eis Iwwerleeungen auszebauen an ze erklären. Nodeems de Sven schonn op de Volet vun der Santé agaangen ass, wäert ech mech méi op d’Justiz konzentréieren. D’Denkustéiss an d’Iwwerleeunge vun haut wäerte wuel an d’Geschicht vun eisem Land agoen an iwwert d’Joerzéngten als Grondsaz fir weider Gesetzer déngen. Well falls eng Impfflicht wäert entscheet ginn, da kann een dat als Signalwierkung verstoen, esou fannen ech dat, als Signal, dass de Staat soumat Entscheedungen iwwert de Kierper vun eenzelne Leit
treffe kann an hei déi fräi Entscheedungsgewalt vun eenzelne Persounen a Fro stellt. Elo bei Corona kéint ee soen, dat wär vläicht, awer och just vläicht, nach vertrietbar. Mee ech fäerten, et wäert dann net dobäi bleiwen. Esou eng Entscheedung mécht d’Dier op fir eng Politik vu manner Selbstbestëmmung. An dat ass a mengen Aen eng ganz geféierlech Entwécklung. D’Positioun vun eis Piraten zu dësem Debat gouf iwwer ee basisdemokratesche Vott bestëmmt a
bekanntlech huet dee Vott sech géint eng Impfflicht ausgeschwat. Mee dat entbënnt eis net vun der Verantwortung, zu de schwéieren a komplizéierte Froen hei am Haus, déi sech an der Diskussioun vun haut stellen, trotzdeem eng Positioun ze huelen. Esou ass een zentrale Problem vun enger Impfflicht jo zum Beispill d’Fro, wéi eng Strofen agefouert ginn a wéi kontrolléiert wäert ginn, wéi dat vun Iech eng Kéier beschlossent Gesetz dann herno wäert agehale
ginn. Hei soe mir als Dateschutzpartei kloer, dass et net ka sinn, dass de Staat eng Datebank vun ongeimpfte Leit uleet, fir hinnen e Bréif oder en Avertissement ze schécken, dass si géint Är Impfflicht verstouss hunn a bezuele mussen. Esou eng Datebank dierf de Staat aus Dateschutzgrënn einfach net uleeën. En eenheetlecht, eemolegt Paiement wär an eisen Aen och eng Diskriminéierung vu Leit mat klengem Akommes. Et wär onsozial. Wie vill Suen huet, kéint einfach emol bezuelen, dat amplaz sech impfen ze loossen. Mir kommen dofir mat eisem Denkustouss vu Strofen, déi un de Salaire oder den Imposabel ugepasst sinn, wou mir jo och scho länger op anere Felder drop higewisen hunn. A jo, ech weess, dat ass an eiser Gesetzgeebung bis elo nach net virgesinn. Mee vläicht sinn et och grad Diskussioune wéi haut ronderëm eng Impfflicht, déi de richtege Momentum duerstellen, fir och hei ëmzedenken. Amplaz vun enger neier Datebank, an där sech all déi ongeimpfte Persounen herno erëmfannen, wisou setzt Dir d’Impfflicht net iwwert de Wee vum Kontrolldelikt ëm, änlech wéi dat an Éisträich beschloss ginn ass?
Persounen, déi net geimpft sinn, solle just dann eng Strof bezuelen, wa se an eng Kontroll falen.
(Interruption)
Gelift?
Une voix | Bis den Abrëll, an duerno?
M. Marc Goergen (Piraten)

Fir Är Iwwerleeungen ass et wichteg unzemierken, dass Persounen, déi sech bei der Police mellen, well si Affer oder Zeie vun enger Strofdot waren, bei dësem Kontakt mat der Police net dierfe kontrolléiert ginn. Et dierf schliisslech net sinn, dass ongeimpfte Persounen duerno Angscht virun der Police hunn oder Angscht hunn, sech Hëllef sichen ze goen oder anere Leit ze hëllefen, just well se Angscht virun enger Impfflicht hunn. D’Leit dierfen och duerno keng Angscht hunn, fir sech am Spidol mat anere Krankheete behandelen ze loossen, well se fäerten, e Protokoll zur Impfflicht ze kréien. Just bei Douanes- oder Policekontrollen dierfen och Impfkontrolle mat Strofe gemaach ginn. Et ass kloer, dass et ze einfach ass, sech net impfen ze loossen an dann awer do drop ze bauen, dass eng Solidargemeinschaft all d’Käschte fir den Openthalt an engem Spidol iwwerhëlt. Mee et muss een an der ganzer Diskussioun awer och oppassen, dass d’Leit, déi de Coronavirus erwëschen, net als Täter behandelt ginn. Mir alleguer, an dat ass jiddereen an der Gesellschaft,sinn Affer vun dësem hannerhältege Virus.
Här President, zum Schluss wëll ech dann nach op d’Fro vum betraffene Persounekrees agoen. Op d’Iddi, dass d’Impfflicht just Residenten ëmfaasse soll, wéi soll ee sech dat konkreet virstellen? Da
sëtzen duerno zwee Leit am selwechte Bus am Zuch oder sinn am Cac, an engem grousse Supermarché, an der Keess.
(Hilarité)
deen een iwwer eng Impfflicht geimpft, deen aneren net. Dat wär eng zimmlech onfair Mesure, wann een op de Wee geet, dass ee seet, „Déi eng“, an domadder géif ee se stigmatiséieren, „ si méi geféierlech, déi kënnen de Virus verbreeden, dofir mussen déi eng Impfflicht hunn“, wärend déi aner.
Une voix Et ass schwiereg.
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, ech weess, dass et schwiereg ass. Déi aner, déi komme fir een Dag an e grousse Supermarché akafen, stinn awer mat iwwer 50 Joer herno an där selwechter Kees, déi hu keng
Impfflicht, wärend awer déi Fra, déi virdrun do steet, sech huet misse wéinst enger Impfflicht impfe loossen. Dat ass eppes ganz Bedenkleches. A wéi sollen d’Leit hei am Land dat dann och akzeptéieren? Do kann een net erwaarden, dass d’Bevëlkerung vun
engem Land mat esou vill Grenzverkéier an Tourismus esou eng ënnerschiddlech Behandlung akzeptéiere wäert. Vun esou enger Aschränkung géife mir Piraten also ofroden, well do fäerten ech wierklech, dass eng Impfflicht guer net vun de Leit wäert ugeholl ginn. Mee am beschte Fall géife mir jo d’Iddi vun der Impfflicht fir de Moment verwerfen, mee och ouni Flicht bleiwe mir Piraten beim Message: Impft
Iech!
Merci

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng