Pressecommuniqué vun de Stater Piraten zur Sécherheetspolitik vun der Gemeng Lëtzebuerg

D’Stater Pirate bedaueren dat Gemeng Lëtzebuerg elo erëm eng Kéier op eng privat Sécherheetsfirma ouni reell Muechtbefugnisser zeréckgräift fir hire Bierger a Biergerinnen ze vermëttelen dat an der Stad an op der Gare eppes fir si gemaach gëtt.

Datt d’Ursaache vun der aktueller Situatioun domat net verschwannen oder iergendeppes do drun duerch déi privat Sécherheetsfirma geännert ka ginn, gëtt dobäi geschéckt ënnert den Teppech gekiert. Déi aktuell vu ville Léit (zu Recht oder Onrecht, well subjektiv), als onsécher empfonnte Situatioun ass d’Resultat vun enger jorelaanger a mësslongener Sécherheets- , Sozial- a Wunnengsbaupolitik esou wuel um kommunale wei och um nationale Plang.

An op schonn dat gewosst ass, gëtt trotzdeem weider probéiert Symptomer ze bekämpfen fir nach kuerzfristeg virun de Walen ze punkten, amplaz sech mat de verschiddenen Ursaache fir déi aktuell Situatioun ausenaner ze sëtzen, de Léit déi néideg Erklärungen (an Entschëllegungen) ze ginn an d‘Responsabilitéit dofir ze iwwerhuele fir des laangfristeg ze verbesseren.

Fir déi kriminell organiséiert Banden, op se elo klauen, heeschen oder bedréien, ass eenzeg an eleng Police zoustänneg déi dofir och muss déi néideg Moyen (genuch Leit, adequat Gesetzer) vun der Politik zur Verfügung gestallt kréien. D’Pirate fuerderen dofir vun der Regierung déi néideg Schrëtt fir genuch gutt ausgebilten an equipéiert Beamten zur Verfügung ze stelle fir net nëmmen e Sécherheetsgefill ze schafe mee richteg Sécherheet hierzestellen!

Fir déi Léit, déi duerch eist Sozialnetz gefall sinn an op der Strooss gelant sinn, musse genuch Sozialaarbechter engagéiert ginn an adequat dezentraliséiert Strukture geschaaft oder ausgebaut ginn. Dëst gëllt och fir déi Léit déi duerch hire Misär an Aarmut net nëmmen op der Strooss gelant sinn, mee och nach dem Alkohol an aneren Droge verfall sinn.

Et däerfe keng Leit méi duerch dat soziaalt Netz falen, duerfir geet et net duer vun Housing First ze schwätze wann d’Resultat dat bekannten ass, d’Stad Lëtzebuerg muss déi néideg Strukture schafe fir alle marginaliséierte Leit ze hëllefen.

D‘Präsenz vun engem private Sécherheetsdéngscht wäert zwar ville Bierger a Biergerinnen e subjektiivt Sécherheetsgefill vermëttelen, awer leider näischt un den Ursaache vun de

Mëssstänn änneren. Schonn elo weisen d’Leit aus dem sozialen Hëllefssektor drop hin, dat déi Léit ouni Daach iwwert dem Kapp sech ëmmer méi aus dem Stadkär zeréckzéien an an deenen anere Quartiere vun der Gemeng Lëtzebuerg Zouflucht sichen. De Risiko ass ginn , dat dës Beweegung an aner Wunnquartieren , mat der Präsens vu Sécherheetsleit an der Stad an op der Gare, wäert zouhuelen.

Eent ass sécher, Aarmut a Misär verschwannen net vun haut op muer a fir dem en Ënn ze setzen ass esou wuel Politik wéi och Zivilgesellschaft gefuerdert. Dofir brauch et eng gutt opgestallte Police, een effikassee legale Kader a vill hëllefend Hänn fir d’Leit a Nout.

MATENEE FIR ENG STAD FIR JIDDEREEN Kontakt : [email protected] / tél: 20 33 37 90

Zesummenhang posts

At the physical starting point of guichet.lu, citizens can complete various formalities in person, for example to exchange an identity card or driver’s license
Zënter Joren héiert een ëmmer erëm, dass et eng Iwwerpopulatioun u Wëllschwäi géif ginn. Verschidden Acteure maachen d’Politik dofir verantwortlech, well d’Reegelen, wéi eng
Wärend dem Héichpunkt vun der Covid-Pandemien sinn an den Impfzentren zu Lëtzebuerg dausende Persounen pro Dag geimpft ginn. D’Hale ware voll an d’medezinescht Personal