ACCOUNT

7847 – Projet de loi portant modification : 1° de la loi modifiée du 18 avril 2001 sur les droits d’auteur, les droits voisins et les bases de données ; 2° de la loi du 3 décembre 2015 relative à certaines utilisations autorisées des œuvres orphelines ; 3° de la loi du 25 avril 2018 relative à la gestion collective des droits d’auteur et des droits voisins et l’octroi de licences multiterritoriales de droits sur des œuvres musicales en vue de leur utilisation en ligne dans le marché intérieur, en vue de la transposition de la directive 2019/790

M. Sven Clement (Piraten)

Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat heiten ass en Text, op deen ech mech gläichzäiteg gefreet hunn an iwwert deen ech anerersäits net wierklech gäre schwätzen, well u sech ass um internationale Plang scho ganz vill dozou gesot ginn. An d’Transpositioun, wéi sou üblech zu Lëtzebuerg, ass eng Transpositioun: „la directive et rien que la directive“. De Laurent Mosar huet et virdrun ugeschwat: D’Regierung huet sech zwar kritesch zur Direktiv gestallt, huet souguer dergéint gestëmmt am Conseil, an awer gëtt an der Transpositioun kee politesche Courage gewisen. Et gi keng nei Pisten opgezeechent. A mir sollten u sech och net, wéi d’Madamm Ahmedova gesot huet, ofwaarden, fir Incertitudë viru Geriicht opzeléisen, mee direkt anstänneg Gesetzer maachen. Elo kann ee soen, de Législateureuropéen hätt dat solle maachen, vun Ufank un. Certes! Dat huet en awer net gemaach, an da läit et hei un der Chamber. An da soe mir: „Ah jo, gutt, mee wann dee virun eis schlecht Aarbecht gemaach huet, bon, da gi mir eis och mat enger tout juste genügend’ zefridden.“ Mee dat ass keng Aarbechtsattitüd, déi ech deelen! Ech sinn der Meenung, mir sollte Gesetzer maachen, wou et keng Incertitude gëtt, wou kloer Terme benotzt ginn a wou net, Zitat: „quantité importante“, Zitat zou, Zitat op: „très courts extraits“, Zitat zou, oder, Zitat: „promptement“ drasteet! Mir brauche Gesetzer, déi applikabel sinn, déi och dee klengste Betrib versteet, wou mer Rechtssécherheet hunn, an déi gëtt mat där Transpositioun hei net geschafen. Dat ass sécherlech net aleng de Feeler vun der lëtzebuergescher Regierung. Et ass de Feeler vun Trilogen, déi um europäesche Plang komplett derailléiert sinn, wou Lobbyiste Milliounen dragestach hunn, fir all Wuert nach iergendwou ze dréinen. A wien ass herno deen, deen am meeschten drënner leit? Ma dat sinn d’Konsumenten an dat si virun allem och déi, déi kreativ schaffen, déi herno ënner Uploadfiltere wäerte leiden. An ech wäert nach drop zréckkommen, firwat dat och mat där heiter Transpositioun wäert de Fall sinn. Schlussendlech leiden déi kleng Betriber drënner, déi sech keng Mass un deier bezuelten Affekote kënne leeschten. An déi „big GAFAM“ – oder wéi och ëmmer mer se wëllen nennen – laache sech an d’Fauscht, well déi hunn hei eppes fäerdegbruecht, wat se sech net erdreeme konnten: nämlech d’Konkurrenz vu vireran auszeschalten. Well si kënne sech déi deier Affekote leeschten, déi elo derfir suergen, datt si isoléiert si vun all Haftung, wärend déi kleng a mëttelstännesch Betriber, déi probéiere sech ze lancéieren, fir Google, Facebook, Amazon a Co de Kampf unzesoen, guer keng Chance hunn, fir iwwerhaapt emol aus de Startbléck erauszekommen. Mir hunn hei en Text, deen en Dominoeffekt wäert hunn, deen net ze kontrolléieren ass. Mir wäerten definitiv e Problem kréien zwëschent de Rechter vun de Konsumenten. An ech waarde just drop, an ech hoffen, datt et séier geet, datt déi éischt Prozesser wäerte gefouert ginn. An déi wäerte virum EuGH landen an déi wäerten da mussen um Kierchbierg tranchéiert ginn. Da wäerte mer relativ séier gesinn, datt héchstwarscheinlech grouss Deeler vun dëser Direktiv och net
mat de Grondrechter vun den europäesche Citoyene vereenbar sinn.
Mir hate wéineg Marge de manoeuvre bei der Transpositioun. Dat ginn ech gären zou. Mee de Rapprochement zur Belsch an zu Frankräich ass a mengen Aen eng Excuse, fir eege Choixen net mussen ze verdeedegen. Mir hätten eege Choixe kënnen huelen an deem heiten Text. Mir hu se net geholl. A mir hunn eis domat excuséiert, datt d’Belsch a Frankräich jo schonn Transpositiounen op de Wee bruecht hätten a mir eng gewëssen Änlechkeet zu dësen Texter wéilten hunn, fir datt mer, wann et eng Kéier zu Lëtzebuerg
zu Rechtssträitegkeete géif kommen, deenen hir Interpretatioune kéinten applizéieren. Ok gutt, mir wëssen, datt et Rechtsonsécherheet gëtt a mir verstoppen eis dann derhannert, datt aner Länner déi nämmlecht Rechtsonsécherheet hunn, a mir wéilten eis dann herno un deenen hir Urteeler alignéieren.

Jo, léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat kann ee maachen! Dat ass awer net propper geschafft! Nach eng Kéier: Mir sollten eis net hanner Rechtsonsécherheete verstoppen. Ech hunn nach e bësse politesch Kritik, mee ech wëll awer och nach e puer positiv Aspekter oplëschten. Éischtens d’Transparenz, Artikel 19: D’Transparenz, datt d’Kënschtler an Zukunft genau wëssen, wien hir Wierker benotzt, wou se agesat ginn, ass e grousse Schrëtt no vir, engersäits fir hire Portefeuille kënnen ze maachen, anerersäits natierlech och, fir einfach emol ze gesinn, wéi verbreet se iwwerhaapt sinn.
Da gëtt d’Digitalisatioun vun „orphan works“, also Wierker, wou den Editeur oder den Auteur net méi ze retracéieren ass, wou keng Autorisatioun méi ka gi ginn, no vir gedriwwen. Dat ass eng super Exceptioun. Dat kann ech mat zwou Hänn ënnerschreiwen. An d’Recht op Parodie a Karikatur gëtt tel quel an europäescht Gesetz geschriwwen. Topp! Sou, komme mer zur Ëmsetzung, zu deene bekannten Artikele 15 an 13/17, wéi ee se dann nennt. Den Artikel
15 ass eng „link tax“, dat kann een net schéischwätzen. Ech si frou, datt mer am Commentaire des articles hei zu Lëtzebuerg explizitt drageschriwwen hunn, datt d’Metatags duerginn, fir eng Autorisatioun ze ginn. Dat ass elo ganz technesch, a mengen Aen awer e wichtegt Element. An ech soen dem Minister an der Kommissioun Merci, datt mer do konnten op eng Pist goen, fir konstruktiv eng Kloerheet an de Commentaire des articles ze schreiwen, déi derfir suergt, datt zumindest d’Plattformen do net virun eng Rechtsonsécherheet oder zousätzlech Rechtsonsécherheete gestallt ginn. De Problem ass generell: Europawäit wäert dat do net eenheetlech genuch gereegelt ginn. Et limitéiert domadder de fräie Floss vun Informatiounen a bevirdeelegt an der Konsequenz Propaganda a Fakenews, well d’Qualitéitsmedie wäerten Autorisatioune froen, déi wäerte wëlle remuneréiert ginn. An d’Propaganda- an d’Fakenews-Plattforme wäerte frou sinn, fir hir, Zitat: „News“ gratis zur Verfügung ze stellen. Domadder maache mer genau de Contraire vun deem, wat mer wëllen: Mir promouvéieren u sech d’Verbreedung vu schlechten Informatiounen a mir wäerten d’Qualitéitsinformatiounen ëmmer manner op de sozialen Netzer gesinn. Ech mengen, datt dat e ganz geféierlechen Trend ass a mir mussen dogéint virgoen. Dann den Artikel 17, oder Artikel 13, wéi e wärend de Maniffen nach geheescht huet: Dat sinn Uploadfilteren, in fine. An do ginn ech der Rapportrice, där ech Merci soe fir e ganz gudde Rapport, och wann ech net alles dovunner deelen, net Recht. Mir hunn hei Uploadfilteren, déi am Text stinn! Et gëtt technesch
keen anere Wee, wéi déi Dispositiounen an deem Text ëmgesat kënne ginn. Mir hu weiderhi rechtlech Onsécherheeten, wou sech d’Fro stellt: Wéi ass et mat den Oeuvren? Den Term Oeuvre“ ass warscheinlech vill méi weit wéi d’Manifestatioun vun enger Oeuvre – erëm ganz technesch – a wäert zu Onsécherheete féieren. An um Enn vum Dag wäerten d’Plattforme soen: „Am Zweifel späre mer an da kann den Utilisateur jo kloe kommen. Da kann den Utilisateur erëm eng Fräigab hunn.“ Ech si frou, datt mer bei der Fräigab drastoen hunn, datt et muss e Mënsch sinn, deen dat kontrolléiert,

datt net en Algorithmus ka soen: „Et gëtt net fräigeschalt.“ Mee de Problem ass, et steet néierens dran, datt fir ze blockéiere schonn e Mënsch muss eng Kéier gesot hunn, datt déi Oeuvre do protegéiert ass. Dat heescht, mir kommen an eng Situatioun, wou
d’Plattformen op Zouruff Saache spären …
(Interruption par la présidence)
an um Enn vum Dag mussen da Mënsche soen: „A
jo, merd!, mir hunn dat awer vläicht falsch gemaach.“ Also dat, fannen ech, geet net wäit genuch. Mir si bei Uploadfilteren. An ech hunn et gesot, dat do féiert dozou: Kleng Plattforme gi penaliséiert. Déi kënne sech keng deier Affekote leeschten. Déi grouss Plattforme wäerte profitéieren a mir hunn hei jo u sech e Kaddo fir d’GAFAMe gemaach. Domadder kann ech de Resümmee vun dësem Gesetz, oder besser gesot vun der Direktiv, déi eeben zugronn läit, soen: Et ass schlecht. Et ass a mengen Ae grondrechtswiddreg an et ass ganz schwaach. An dofir wäerte mir ganz kloer, sou wéi eis europäesch Kolleegen, hei mat engem Nee stëmmen.


Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng