ACCOUNT

7800 – Projet de loi du *** portant création d’un lycée à Mersch et modification :1° de la loi modifiée du 22 juillet 2008 portantcréation d’un lycée à Junglinster ;

M. Sven Clement (Piraten)

Här President,

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, zu Miersch sollen also en neie Lycée an eng nei Primärschoul opgemaach ginn an och nach en europäesche Lycée an och en Internat an eng nei Maison relais. Dat ass scho relativ vill, wat do op ee Coup zesummekënnt. Am neien internationale Lycée soll sech dann och all Kand aschreiwe kënnen an dat ouni iergendwellech Frais d’inscription ze bezuelen. Dat ass, mengen ech, ze begréissen. Mir begréissen dëse Projet insgesamt, och dee vun engem internationale Lycée, a wäerten den Text duerfir och haut matstëmmen. Allerdéngs geet dëse Projet eis net wäit genuch. Eis Piraten feelt et, wat d’Konstruktioun vu Schoulen a Lycéeën ugeet, nämlech ëmmer nach un enger globaler Visioun. Schonn haut platze vill Schoulen a Maison-relaisen aus allen Néit. Schoule gi gebaut a si bei der Finaliséierung vum Bauprojet heefeg
schonn ze kleng. Ee konkreet Beispill: de Réidener Lycée. 2003 gouf d’Gesetz fir de Projet vum Lycée gestëmmt. E gouf 2008 fäerdeggestallt. Et war e flotte Projet, an och d’Museksschoul hat am neie Gebai Plaz fonnt. Mee et huet net laang gedauert, dunn huet
d’Museksschoul, déi grad eréischt erageplënnert war, schonn erëm erausplënnere missen, well déi Klassesäll nees anerwäerteg fir de Schoulbetrib gebraucht goufen. Dat versteet een. Esou huet no knapps aacht Joer scho missen eng Annex gebaut ginn, well schonn nees Klassesäll gefeelt hunn. An dës Annex konnt d’Museksschoul dunn nees eraplënnere Mol kucken, wéi laang se dës Kéier kënne bleiwen.


Här President,

léif Kolleeginnen a Kolleegen, dat Beispill ass bäi Wäitem keng Ausnam. Ganz am Contraire! Et gi Gebaier, déi packen et emol keng
aacht Joer, de Besoine vun der Gemeng gerecht ze ginn, well d’Populatioun ze séier an d’Luucht geet an d’Bauprojeten esou laang daueren. Och bei eisem esou beléifte Projet „Elmen“ hu mer elo misse gewuer ginn, datt d’Schoul warscheinlech méi spéit fäerdeg gëtt wéi de Quartier, soudatt u sech déi éischt Leit eraplënneren, an d’Schoul, déi sollt fäerdeg gi fir dee Moment, wou d’Leit eraplënneren, nach net fäerdeg wär. D’Infrastrukture missten dach méi séier wuesse wéi d’Populatioun, fir datt mer Enkpäss kéinte verhënneren! Vun dësem Punkt si mer awer momentan nach wäit ewech. Mee dat misst eist Zil bleiwen. Et kann net sinn, datt mer bei esou ville Saachen dem Problem hannendrulafen amplaz ze anticipéieren. Dat gëllt fir de Manktem u Schoulmeeschteren a Jofferen. Dat gëllt fir Polizistinnen a Polizisten. Dat gëllt fir abordabele Wunnraum. An dat gëllt eeben och fir Bildungsariichtungen, déi grouss genuch sinn, fir de Besoine gerecht ze ginn. Mir Piraten wäerten dëse Projet duerfir haut matstëmmen, well et wichteg ass, datt mer déi Infrastrukture schafen. An ech gi bewosst net op déi Kritikpunkten an, déi virdru schonn ubruecht goufen iwwer: Mécht et Sënn, international Lycéeën ze hunn? Mécht et kee Sënn? Wat sinn d’Konditiounen? Ech sinn der Meenung, datt all Infrastruktur, déi mer bauen, fir Kanner a Jugendlechen eng adequat Bildung ze erméiglechen, wichteg ass, well och do si mer hannendran.
Une voix.– Très bien!
M. Sven Clement (Piraten) Mir Piraten wäerten dëse Projet also matstëmmen a maachen den Appell, fir esou séier wéi méiglech weider Projete fir Schoulen a Maison-relaisen auszeschaffen an do,
wou et néideg ass, dem Parlament zum Vott ze
bréngen.

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall
De Rapport vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher weist kloer ob, dass et a Punkto Ënnerbréngung vu Geflüchteten nach ganz vill Baustelle ginn. Eng