7777 – PROPOSITION DE RÉVISION DES CHAPITRES IVET VBIS DE LA CONSTITUTION(SUITE)RAPPORT DE LA COMMISSIONDES INSTITUTIONS ET DE LARÉVISION CONSTITUTIONNELLE (SUITE)

M. Sven Clement (Piraten)


Merci, Här President.

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, haut ass et dann endlech esou wäit! No laange Joren si ass scho bal groussjäreg, si ass groussjäreg! wärend deenen un der Verfassungsreform geschafft
gouf, ginn haut dann déi final Ännerunge vum véierten an domat leschte Kapitel vun dësem Reformprozess gestëmmt. Wéi bekannt ass, hu mir Piraten eis Memberen an enger Urwal Positioun bezéie gelooss zu där neier Verfassung. An eng Majoritéit vun de Memberen huet sech fir déi nei Verfassung ausgeschwat. Wéi och mir hei an der Chamber konnten eis Membere véier Stëmmen ofginn a soumat all Kapitel eenzel bewäerten. All d’Kapitele kruten eng majoritär Zoustëmmung, mee bei dësem spezifeschen Deel waren
dat 84,5 % vun de Memberen, déi derfir waren. Dat war dat Kapitel, wat also och am onkontroverste war. An ech mengen, dat huet een och haut aus de Rieden heibanne kloer eraushéieren. Mir Piraten hätten eis zwar bekanntermoosse gewënscht, datt d’Regierungsparteien an d’CSV hiert Wuert gehalen hätten an
déi nei Verfassung der Bevëlkerung an engem Referendum zum Vott virgeluecht hätten. Mee dozou ass et jo leider net komm. Iwwert de Wee vun der Urwal konnte mer zumindest dann awer eis Memberen nach eng Kéier froen, well dat wichtegt Theema vun der Biergerbedeelegung läit eis um Häerz. Dat virleiend Kapitel ass e ganz wichtegt Theema, e ganz wichtegt Kapitel, well et d’politesch
Rechter vun de Biergerinnen a Bierger, awer och vun hire Representanten an der Chamber stäerke wäert. An déi héich Zoustëmmung zu dësem Text vun iwwer 84 % vun eise Membere weist och, datt dat hinne beim Vott bewosst war. Keen anert Kapitel
krut esou eng grouss Zoustëmmung an ech mengen, och keen anert Kapitel gouf heibannen esou positiv bewäert. Besonnesch interessant fir vill politesch interesséiert Biergerinnen a Bierger ass un dëser Reform zum Beispill d’Aféierung vum Initiativrecht. Sou wéi dat
um europäeschen Niveau schoméi laang méiglech ass, wäerte sech och zu Lëtzebuerg d’Biergerinnen an d’Bierger an Zukunft kënnen zesummendoen, fir eng Gesetzespropos op den Instanzewee ze bréngen. Dat ass e wichtege Schrëtt, fir esou d’politesch Participatioun ze stäerken, an doriwwer freeën ech mech ganz ausdrécklech. Dat ass eng Fuerderung, déi mer domadder
d’nächst Joer net méi mussen an de Walprogramm eriwwerretten.
Gläichzäiteg muss een awer och soen, datt d’Proposéiere vun engem Gesetz nach laang net dozou féiert, datt d’Majoritéit dës
Iddien da jo och opgräife wäert. Dat wësse mir als Oppositiounspartei nëmmen allze gutt. An haut wäerte mer nach eng Kéier d’Geleeënheet hunn, méi am Detail dorobber anzegoen.
Wa mer den Outil vun der Biergerinitiativ also wierklech notze wëllen, fir d’Biergerinnen an d’Bierger an Zukunft méi staark an den demokratesche Prozess anzebannen, dann dierf et net sinn, datt d’Regierungsparteie weider just stuer déi Proposen aus der Bevëlkerung stëmmen, déi souwisou schonn an hirem Koalitiounsaccord stinn, an déi aner an en Tirang paken an do
verstëbse loossen. Dat huet mat Matbestëmmung näischt
ze dinn! Da kënnen d’Leit sech hiert Engagement och spueren an einfach waarden, datt ëmgesat gëtt, wat och ëmmer d’Majoritéit dann dee Moment fir richteg hält. En änlechen Ëmgang gesi mer
jo aktuell och mat de Petitiounen. Erfollegräich Petitionäre kréie gratuléiert, et gëtt een Debat a souguer wann d’Chamber sech eens ass, datt d’Petitionäre Recht hunn an hei misst eppes geschéien, verschwënnt den Dossier duerno laang Zäit oder et ginn eeben déi Punkten erausgezunn, déi d’Majoritéit souwisou schonns laang virhat
ze änneren, an déi aner gi fale gelooss. Bei Motiounen ass et d’nämmlecht. D’Chamber stëmmt deelweis eestëmmeg Motiounen an d’Ëmsetzung, do héiert een da laang näischt méi dovunner! De reellen Afloss vun de Biergerinnen a Bierger op de politesche Prozess ass dann eigentlech null. Mee d’Regierung an d’Majoritéitsparteie kënne jo dann awer drop verweisen, datt si hei op d’Bierger gelauschtert hunn, well et weess jo keen, datt si hir Iddien och ëmgesat hätten, ouni datt d’Biergerinnen an d’Bierger se gefuerdert hätten. Esou eppes nennt sech Schäinparticipatioun. An och, wann ee
kuerzfristeg d’Leit domadder täusche kann, erkenne se laangfristeg ganz däitlech, wéi wéineg Pouvoir hinnen hei eigentlech dach awer zoukënnt. Wann den neien Outil vun der Biergerinitiativ, deen eis d’Verfassung an Zukunft soll ginn, also wierklech zu méi polite scher Participatioun soll féieren, da muss sech och um Niveau vun der Responsivitéit vun der Majoritéit eppes doen. An dat soll natierlech net heeschen, datt all Propos vun de Bierger einfach blann soll gestëmmt ginn! D’Chamber ass ëmmer nach den demokratesche Representant, bei deem um Enn d’Entscheedungsgewalt läit. An de Seuil u Stëmmen, deen erreecht muss ginn, fir als Biergerin oder Bierger eng Gesetzespropos ze maachen, ass jo net vergläichbar mam Seuil vun engem bindende Referendum. Mee et gëtt jo wuel e Mëttelwee tëschent Schäinparticipatioun an direkter Demokratie! An dee besteet ganz einfach doran, datt d’Mandatsträger oppe sinn. An
dat misst jo eigentlech ganz einfach sinn. Mee tëschent Fraktiouns- a Koalitiounszwang oder Versteesdemech, oder wéi een et anescht wëllt ausdrécken, soe mer, Zesummenhalt, bleift an der Realitéit awer oft net méi vill Plaz fir nei Gedanken. An dat ass ganz bedauerlech. Mee dat muss jo net esou bleiwen! Ech hu mech dofir entscheet, optimistesch op dësen Text ze kucken an deen neien Outil vun der Biergerinitiativ als Chance ze gesinn, an Zukunft méi eng oppe Chamber ze erliewen. Ob dat dann och esou antreffe wäert, wäerte mer gesinn. Zousätzlech zum Initiativrecht fir d’Biergerinnen an d’Bierger gëtt mat dëser Verfassungsreform och eng nei Dispositioun geschaaft, déi et an Zukunft der Chamber erméigleche soll, per Gesetz ze reegelen, wéi eng Persounekreesser bei enger spezifescher Referendumsfro solle mat ofstëmme kënnen. A mir Piraten fannen, datt dat eng ganz positiv Ännerung ass. Anescht wéi e puer aner Leit heibanne si mir net der Meenung, datt esou eng Dispositioun eng Gefor ass fir d’Walrecht vun de Lëtzebuerger Biergerinnen a Bierger. Dësen Text seet nämlech weeder, datt an Zukunft all Referendumsfro muss un déi ganz Populatioun gestallt ginn, nach, datt déi Referende
bindend solle sinn. D’Verfassung leet d’Recht, doriwwer ze entscheeden, just bei d’Chamber a gëtt selwer keng Virgabe méi.
D’Chamber ka ganz gutt och an Zukunft an all Referendumsgesetz schreiwen, datt just Awunner mat Lëtzebuerger Nationalitéit dierfen un der Wal deelhuelen, wann dat de Wëlle vun der Majoritéit heibannen ass. Mee si kann – an ech betounen: „kann“, net „muss“! – bei gewësse Froen och entscheeden, de Persounekrees méi wäit opzemaachen an och auslännesch Awunner matwielen ze loossen oder méi jonk Awunnerinnen an Awunner matwielen ze loossen. An dat ka jo bei verschiddenen Theemen duerchaus interessant sinn. Denke mer nëmmen u Froen, déi d’Gemengepolitik betreffen. Mir wäerten haut nach e Gesetzesprojet stëmmen, deen et den auslännesche Matbiergerinnen a Matbierger wäert vereinfachen, un de Gemengewalen deelzehuelen. Do mécht et dach nëmme Sënn, dann dës Bierger och bei de Referenden iwwert d’Gemengefroe matschwätzen ze loossen. Mir gesinn an dëser Verfassungsännerung also definitiv keng Gefor, mee eng Stäerkung vun der Chamber, déi et den Deputéierten erlaabt, de Persounekrees vun de Wielerinnen a Wieler fir d’Referenden esou festzeleeën, datt en och bei d’Fro passt.


Här President,

Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech hunn net genuch Riedezäit, fir op all d’Ännerungen an dësem Verfassungskapitel am Detail anzegoen, mee ee wichtege Punkt wëll ech dann awer nach virum Schluss thematiséieren an dat ass dee vun der Enquêtëkommissioun. Mat der neier Verfassung wäert et der Chamber méiglech sinn, eng Enquêtëkommissioun anzeberuffen, wann een Drëttel vun den Deputéierten dat fir néideg hält. An dat ass eng wierklech wichteg Stäerkung vun der parlamentarescher Kontrollfonctioun, déi een nëmme begréisse kann. Ech deelen do d’Ängschten also och net, datt dës nei Regelung elo dozou féiere kéint, datt duerch ze vill Enquêten d’Politik kéint ausgebremst ginn. An ech ënnerstëtzen och net den Opruff, datt d’Oppositioun dach wannechgelift spuersam mat dësem Outil sollt ëmgoen, esou wéi wann d’Responsabilitéit hei
bei hir léich! Wa jo wuel ee responsabel derfir ass, datt keng Enquêtëkommissioune gebraucht ginn, dann ass et d’Regierung! Wa si net ze vill Enquêtë wëllt, da soll se esou schaffen, datt et keng Enquêtë brauch! An dat heescht dann: keng geheim Kontrakter méi,
keng Inaktivitéit a Krisenzäiten, kee Favoritismus, keng Plagiater a virun allem en transparent Zesummeschaffe mat der Chamber, wann et ëm d’Deele vun Informatioune geet. An hei gesäit den neien Text jo och eng Stäerkung vum Informatiounsrecht vun den Deputéierte vir. Ech mengen, datt dëst Recht och dozou bäidroe wäert, datt Enquêtëkommissioune limitéiert wäerte sinn, wann ’Informatiounsrecht an der Praxis dann och applizéiert gëtt an net
erëm sëlleg Ausriede fonnt ginn, wéi grad den Här Turmes et elo
erëm gemaach huet bei enger legitimmer Fro, fir e Kontrakt ze
gesinn, deen, mengen ech, net esou geheim ass, wéi d’Regierung hei erëm spillt. An ech maachen do nach eng Kéier den Appell un d’Regierung, Flexibilitéit ze weisen. Mir kënne Huis clos maachen, mir
kënnen op Ministèrë kommen, et ass mir egal. Mir hu missen op
d’Geriicht goen. Glécklecherweis steet elo eppes an der Verfassung iwwer esou Saachen! An natierlech ass och d’Chamber an der Verantwortung. An, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wamer eis eescht huelen, da kucke mer, datt mer fir den Hierscht bei der éischter Sëtzung eng Propos fir de Règlement virleien hunn, datt mer endlech deen Informatiounszougang gereegelt kréien, well den Arrêt ass vum Januar d’lescht Joer a mir sinn nach ëmmer net weiderkomm! Also dat fänkt esou lues un, lächerlech ze ginn! An domadder mengen ech, wann deen Accès zu den Dokumenter fonctionéiert, da brauch
et manner Enquêtëkommissiounen, well da kënnen d’Deputéiert iwwer aner Outile schonn hir Kontrollfonctioun ausüben.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen,
genee wéi eis Memberen ënnerstëtzen och mir Piraten hei
an der Chamber also d’Ännerungen aus dem virleiende Verfassungskapitel. An domadder ginn ech eisen Accord zu dësem Text.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall