7648 – Projet de loi relative au Pactelogement avec les communes en vued’augmenter l’offre de logements abordables et durables et modifiant

M. Marc Goergen (Piraten)

Här President,

haut komme mir erëm zum Theema Logement, a sech wéi eng Sendung an Dauerschläif, quasi wéi eng Show, wou een ëmmer erëm op en Neits e puer Kandidaten eraschéckt, fir e Präis ze gewannen,
awer ni ee Kandidat emol bis op den Usaz vun enger Finall kënnt. Esou kéint een och d’Logementspolitik vun dëser Regierung erklären. Et schéckt een ëmmer erëm nei Tester, awer ouni e Wandel an der Strategie, ouni de Problem un der Wuerzel unzepaken. Fir eis Piraten ass ee vun de Problemer de Promoteur, deen als eenzegt Zil huet, méiglechst vill Profitt ze maachen op der Wunnengsnout vun de Bierger am Land. A sech ass dat eethesch eng ganz interessant Fro an Diskussioun, well de Steiersystem souwéi och d’Gesetzer an eisen Aen éischter fir Immobilienhaie schaffe wéi fir d’Famill, déi onbedéngt eng Wunneng brauch. Duerfir ass et och kritesch ze gesinn, dass dës Koalitioun e Kaddo un d’Promoteure gemaach huet mat méi Baufläch, mat, einfach, riichteraus gesot, méi Profitt.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Här President,

e bëssen zréckgebléckt, am Dezember 2019 hate mir schonns an enger längerer Diskussioun iwwert d’Iddie vum Pacte Logement 2.0 geschwat. Zwee Joer duerno, also haut, ass et dann esou wäit, dass d’Regierung dëse Pakt wäert stëmme loossen. D’Inhalter vu menger Ried wäerte sech haut am Fong net vill vun deene vu virun zwee Joer ënnerscheeden. Ech wëll och schonn am Viraus soen, dass mir Piraten direkt derbäi si fir all Initiativ, an där de Staat sech méi an de Wunnengsmarché amëscht. Ze vill gëtt dëse Marché aktuell sech selwer iwwerlooss, ze vill Schued gëtt doduerch an eiser Gesellschaft ugeriicht. D’Wunnengskris betrëfft virun allem déi ekonomesch schwaach opgestallten Haushalter, ma net nëmmen. Ëmmer méi Leit, jo, och mat gudde Paien, kréien et finanziell net méi hin, fir Wunnengsbesëtzer hei am Land ze ginn. Zënterdeems dës DräierRegierung am Amt ass, sinn d’Präisser hei am Land weider -oder vläicht eréischt esou richteg – explodéiert. Dat ass Wansinn! Laut Eurostat si mir mat 17 % Präissteigerung am éischten Trimester 2021 op Plaz eent an Europa. De Pacte Logement 2.0 soll derfir suergen, dass méi erschwénglech Wunnengen hei am Land gebaut ginn, méi Terraine mobiliséiert ginn, d’Wunnqualitéit am Land verbessert gëtt. Et ass een Instrument, mat deem versicht gëtt, déi verschidden Interessen vun de Gemengen an deene verschiddene Ministèren op eng Schinn ze bréngen. Wéi och schonns virun zwee Joer gesot: De Pacte Logement 2.0 ass an éischter Linn e Kompromëss tëscht de villen ëffentlechen Instanzen am Bausecteur: D’Gemengen, eng Hellewull u Ministèren an zwee ëffentlech Bauträger sollen op eng Schinn bruecht ginn, fir de soziale Wunnengsbau hei am Land ze organiséieren. D’Philosophie vum Pacte Logement 1.0 op den 2.0 ännert och net esou vill, wéi gesot. Dat hei ass kee Paradigmewiessel. De Logement bleift ëmmer nach an der Kompetenz vu ville staatlechen Acteuren – jo, ze villen, fir wierklech propper a schnell schaffen ze kënnen. Mir Piraten bleiwen eleng dowéinst scho skeptesch, ob d’Pläng vum Minister wäerte Realitéit ginn. D’Landesplanung bleift weiderhin e Kuddelmuddel tëschent iwwer 100 verschiddene Gemengen an och tëscht ville verschiddene Ministèren, wou oft Dossiere leie bleiwen, wou scho viru Joren hätte kënne grouss Wunnquartieren entstoen. Do gëtt
dann oft näischanescht gemaach, wéi dass de Problem vun engem Ministère op deen aneren, dann erëm op d’Gemeng gedréckt gëtt. Mee schlussendlech dauert et oft nach vill ze laang, bis konkreet Bauprojete realiséiert ginn. Dat weist alt erëm, dass mer virun allem d’Bauprozeduren, déi aktuell vill ze laangwiereg an onkloer sinn, méi schlank musse maachen. Dofir mussen d’Landesplanungsgesetz an d’Logementsgesetz an deenen nächste Joren onbedéngt nach eng Kéier op de Leescht geholl ginn.


Här President,

d’Gemenge kréie jee nodeem, wéi vill erschwéngleche Wunnraum op hirem Terrain gebaut gëtt, Geld vum Staat. Et gëtt festgehalen, dass bei Wunnquartieren 10 % bis 20 % vun den Neibaute fir erschwéngleche Wunnraum mussen disponibel sinn. Jo, dës Moossnam gefält eis Piraten an déi kënne mer ënnerstëtzen. Allerdéngs geet eis d’Moossnam awer net wäit genuch, éischtens, well den Taux vun ufanks 30 % op elo 20 % erofgesat gëtt, an dat fanne mir net richteg. Dat ass keng Sozialpolitik. Do froe mir eis, wéisou ee virun enger Lobbyaarbecht vun de Promoteuren ageknéckt ass, wéisou d’Regierung schwaach ginn ass. Oder anescht gefrot: Wiem seng Interesse vertrëtt dës Regierung nach? Well net nëmme manner bezuelbare Wunnraum, nee, als Kiischt um Kuch kritt de Promoteur och nach e Kaddo gemaach, andeems hien 10 % méi u Baufläch bebauen dierf. Dat ass schnell an oft e Gewënn vu Milliounen, wuel verstane renge Profitt, fir de Promoteur, deen elo um Plateau zerwéiert gëtt vun dëser Dräierkoalitioun, bekanntlech eng Koalitioun, déi nach an der Steierpolitik sou munch Lächer opléisst, dass een dann och nach just wéineg Steieren op esou Profitter bezilt. An där grénger Welt bezilt also hei d’Famill, déi eppes keeft mat hirem Erspuertem, de Profitt vun den Immobilienhaie mat. Heimat gouf eng Entscheedung geholl, dass déi Leit belount ginn, déi souwisou scho vun der Präisexplosioun um Wunnmarché profitéieren. Ech erënneren da jiddereen heimat dorun: Mir sinn nach ëmmer an enger Logementskris, déi eng grouss Partie Mënschen hei am Land an d’Aarmut dréckt a virun allem de Jonke jeeglech Perspektiv hëlt, fir kënne Besëtzer vun enger Wunneng ze ginn. Déi Lobbyaarbecht vun de Promoteuren, d’Nogi vun der Regierung ass ee Grond, wéisou mir Piraten haut net wäerten dëse Projet matstëmmen. Mir brauchen endlech eng richteg Sozialpolitik hei am Land. Dat hei ass e Gesetz mat Ännerungen, wou dat kloer net méi de Fall ass. Iwwerhaapt feelt am Pacte Logement 2.0 all Spuer, fir och de private Promoteuren Drock ze maachen, fir hir Bauten zu méi bëllege Präisser unzebidden. Et schéngt, wéi wann dës Regierung Angscht hätt virun dëse Promoteuren. Wann ech an dësem Rapport liesen, dass bei engem Bauprojet, wou e Quartier fir 65 Milliounen Euro gebaut gëtt – an elo haalt Iech fest! -, de Promoteur 16 Milliounen Euro Benefiss mécht, da kann engem nëmme schlecht ginn. Mam Privatmaart eleng ass dëse Kampf an eisen Aen net ze gewannen. Elo hinzegoen an déi grouss Promoteuren nach ze belounen, dass se iwwerhaapt eppes maachen, ass an eisen Aen net fair. Dat ass dee komplett falsche Wee! Am Géigendeel: de Risiko besteet, dass de Promoteur dat bëssen, wat hien och muss ofginn, einfach op d’Präisser vun de Privatwunnenge kéint drécken – alt erëm d’Famillje bestrofen! -, dass hien also ke ng Verloschter mécht, mee on top nach 10 % méi derbäikritt, also zweemol gewonnen huet an esou seng Verloschter kompenséiert, wat dann déi aner Wunnengen, déi net dem Staat gehéieren, erëm méi deier mécht. An der Kommissioun hat ech dofir och ee konkreet Beispill opgeworf. An zwar ass et an deem Beispill dorëms gaangen: De Baupromoteur baut iwwer seng eege Firma Wunnengen, also wou hie Parten huet, e Fall, deen oft hei am Land optrëtt. Elo seet dat neit Gesetz, dass hien dann der Gemeng säi Projet, déi Wunnengen zu den Entsteeungspräisser verkafen kann. Also huet de Promoteur via Duechterfirma och do nach eng Präiskontroll a ka Benefiss maachen, kritt awer on top nach eng Kéier 10 %, fir méi ze bauen. Do gëtt et keng Reegele fir de Präis, deen eng Gemeng herno gefrot kritt. Entsteeungskäschte sinn also ee Riselastik, wou ganz vill Profitt kann drop gemaach ginn – esou d’Äntwert an der Kommissioun op meng konkreet Froen a Beispiller. A sech just erëm e Beispill, wéi onsozial dëst Gesetz ass. Et ass kloer: Soulaang de Privatmarché dierf um Wunnmarché maachen, wat e wëllt, esoulaang wäert dëst Land an enger Wunnengskris bleiwen. Egal wat fir een Testballon dës Dräier-Regierung elo lassschéckt, ännere wäert sech näischt. Duerfir muss an eisen Aen de Staat nach méi selwer bauen. Well wann de Staat selwer baut, da kënnen net nëmmen 20 % vun de Wunnengen zu engem faire Präis ugebuede ginn, mee da kéinten 100 % zu engem faire Präis ugebuede ginn. Hei muss een da kloer soen, dass d’Interesse vun den décke Promoteuren an dësem Gesetzesprojet héichgehale gi sinn. Do gëtt net dru gefréckelt! Ma dat stännegt Op de-Knéie-Rutsche virun de private Promoteuren ass fir eis Piraten inakzeptabel. Duerfir misst Dir an eisen Aen onbedéngt higoen als Staat an d’Margen am Bausecteur regléieren, esoudass de Promoteur seng Käschten deckt a just nach e moderate Benefiss dierft maachen adesou bei den Agencen, déi ëmmer nach vill ze vill verdéngen – 3 % Kommissioune beim Verkaf vu Wunnengen. En Heedegeld fléisst an d’Immoagencen, déi verdénge mat all Präissteigerung um Marché mat! De gewielte System vun den dräi Regierungsparteien ass einfach onfair. Firwat gi mer net hin a mir deckelen dës Kommissiounen op ee fixe Montant vun 1.000 bis 5.000 Euro fir all Vente a fäerdeg? Dann hu mir nach eng weider Kritik an déi betrëfft dann och d’Präisser vun erschwéngleche Wunnengen. De Syvicol schreift a sengem Avis, dass mer schnell missten um Neiopbau vum Logementsgesetz schaffen, fir den erschwéngleche Wunnraum besser anzerummen. Och mir Piraten gesinn dat esou: D’Definitioun vun erschwénglechem Wunnraum geet net wäit genuch. Fir eis ass kloer, dass „erschwénglech“ och muss am Verhältnis stoen zum Salaire, deen eng Persoun verdéngt. Eng Persoun, déi e klenge Salaire kritt, dierf an eisen Aen ni mi wéi 10 Euro de Meterkaree ausginn. Ma vun esou Approchë feelt an dësem Gesetz, am Logementsgesetz, nach all Spuer.

Här President,

d’Gambia-Koalitioun verkeeft eis dëst Gesetz haut als en Häerzstéck vun hirer Logementspolitik. Wann dat d’Politik ass, déi ee sech op de Fändel schreift, dann huet dës Regierung kloer gewisen, dass een éischter un de Profitt wéi un d’Familljen denkt. Ma fir eis ass et evident, dass de Pacte Logement 2.0 erëm nëmmen eng Drëps op de waarme Steen ass. Nach ëmmer ass de Wunnengsmarché fir déi Schwaach hei am Land net gerecht. Si hu weider keng Chance op en eegene Wunnraum. A mir Piraten bleiwe skeptesch, dass sech d’Situatioun fir déi Mënschen an noer Zukunft wäert änneren. Mir Piraten bleiwe bei der Fuerderung, dass de Staat selwer muss massiv bauen a fir 10 Euro de Meterkaree verlounen. De Projet zu Wolz, jo, muss den Ustouss ginn, fir dass de Staat selwer eng Logementsoffensiv ugeet. Et gëtt nach esou vill Terrainen hei am Land, wou de Staat flott an erschwénglech Projete kéint bauen. Mir bleiwen duerfir weiderhi bei eiser Iwwerzeegung: De Privatmarché wäert sech net selwer regulariséieren! Mir mussen och endlech de Courage hunn an un de Secteur erugoen. Et kann net sinn, dass d’Promoteure mam Handel mam Terrain Milliounen an déi eegen Täsch maachen, an dat um Réck vum Rescht vun eiser Gesellschaft, déi schwéier fir hiert Geld schaffe muss! Als Fazit soe mir Piraten, dass de Pacte Logement net genuch verännert, fir esou eng Wunnengskris zu Lëtzebuerg an de Grëff ze kréien. Hei muss an deenen nächste Joren d’Schrauf nach méi fest gedréit ginn, well eis feelen aktuell Zéngdausende vun erschwénglech Wunnengen. An och brauche mir elo eng fundamental Ännerung an eisem Logementsgesetz, fir erschwéngleche Wunnraum wierklech erschwénglech ze maachen. Mir sinn an der Logementskris. Mir mussen eppes ënnerhuelen! Mee et ass wuel wéi an der Klimakris: Ze soft ass dës Regierung. Mir Piraten sinn der Meenung, dass mer bei dësem Gesetz nach onbedéngt nobessere mussen, fir dass de Wunnengsbau méi fair a sozial gestalt gëtt.
Merci

Zesummenhang posts

At the physical starting point of guichet.lu, citizens can complete various formalities in person, for example to exchange an identity card or driver’s license
Zënter Joren héiert een ëmmer erëm, dass et eng Iwwerpopulatioun u Wëllschwäi géif ginn. Verschidden Acteure maachen d’Politik dofir verantwortlech, well d’Reegelen, wéi eng
Wärend dem Héichpunkt vun der Covid-Pandemien sinn an den Impfzentren zu Lëtzebuerg dausende Persounen pro Dag geimpft ginn. D’Hale ware voll an d’medezinescht Personal