Déi 4 Klassen bei der Mutualité des Employeurs

Déi 4 Klasse bei der Mutualité des Employeurs leeë fest, wéi vill Prozent de Patron muss fir seng Aarbechter cotiséieren. Jee no Taux d’absentéisme gëtt d’Klass méi héisch oder manner héisch festgeluecht. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech den Taux d’absentéisme säit 2017 entwéckelt (opgelëscht no Joer an no Secteur)? 

  2. Wéi huet sech d’Klasséierung vun de Betriber zu Lëtzebuerg säit 2017 verännert: 

• Wéi vill Betriber si mindestens eng Klass geklommen? 

• Wéi vill si mindestens eng Klass gefall?

3. Wéi huet sech d’Unzuel u Betriber an deenen eenzelne Klassen säit 2017 verännert (opgelëscht no Joer)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7009

Zesummenhang posts

D’ASBL “Eng Zukunft fir Lëtzebuerg” setzt sech zënter Jore fir eng besser Integratioun vu Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg an, notamment, well d’Personal an d’Fräiwëlleger
Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Doktere kënnen Ordonnancë fir Analysen am Labo verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert ginn. An deem Fall