Emgang mat Kryptowallets

An der parlamentarescher Fro Nummer 5082 hunn d’Justizministesch an de Finanzminister erkläert, dass d’« Section Nouvelles Technologies » bei der Police schonn iwwert eege Wallets verfüügt, an deene Kryptowärunge gespäichert kënne ginn, déi beschlagnaamt goufen. Wann Kryptowärungen esou beschlagnaamt an aus dem Verkéier gezu goufen, stellt sech d’Fro, wat mat de sougenannten “Coins” an de Wallets vun der Police geschitt, a wéi virgaange gëtt, falls d’Coins no opgeschlossener Prozedur bei der Justiz erëm un hire Besëtzer missten zeréck iwwerwise ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Iwwer wéi vill Wallets verfüügt de Lëtzebuerger Staat am Moment?

  2. Wat fir Prozedure ginn duerchlaf am Fall, wou d’Kryptowärungen, déi an dëse Wallets gespäichert sinn, sollen a Fiatgeld ëmgewandelt ginn?

  3. Ginn et Fäll, wou beschlagnaamte Kyptowärunge vun Drëtten a Fiatgeld ëmgewandelt ginn? Wa jo, wat geschitt am Fall, wou duerch d’Ëmwandele vun der Kryptowärung op zum Beispill den Euro oder Dollar ee Benefice gemaach gëtt? Erhält de Besetzer dann dëse Benefice?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5814

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt