Eltereversammlungen zu Covid Zäiten

Här President,

Sou wéi den Artikel 83 vun eisem Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un de Minister fir Bildung weiderzeleeden.

An enger Circulaire vum Educatiounsministère vum 25ten November 2020 un d’Léierpersonal aus de Cyclen 2 bis 4 iwwert d’Bilans intermédiaires heescht et:

Remarque:
Il  est  rappelé  que  les  parents  des  élèves  des  cycles  2-4  participeront  à  des  échanges individuels  organisés  par  le  titulaire  de  classe  avant  les vacances de  Noël.  Les entretiens  avec  les parents se dérouleront, dans la mesure du possible, en présentiel à l’école et ceci dans le respect des mesures de protection des gestes barrière qui s’imposent.

Verschidde Persounen hei am Land (Leit vum Léierpersonal grad ewéi och verschidden Elteren) gëllen als vulnerabel a sollten am beschten all direkte Kontakt mat Leit vu bausse vermeiden.
Doriwwer eraus sollen awer och net vulnerabel Léit am Moment op all net essentielle Kontakt verzichten.
  1. Hält de Minister et fir richteg, d’Léierpersonal unzeweisen d’Eltereversammlungen an der Schoul ofzehalen?
    Sollt dës Decisioun net de Concernéierten um Terrain iwwerlooss ginn, fir esou d’Léierpersonal zesummen mat den Elteren déi bescht Approche fir een Treffen auswiehlen ze loossen?
  2. Wat mengt de Minister, wann hie seet, dass dës Entretienen sech sollen “dans la mesure du possible” an de Schoulen ofhalen?

Fro n°3222

Verlaaf an der Chamber

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an