Ee Pfändungsschutzkonto fir Lëtzebuerg?

An der Bundesrepublik Däitschland gëtt et zanter dem 1. Juli 2010 e sougenannten “Pfändungsschutzkonto” (§850k ZPO), deen et Betraffenen erlaabt ee Minimalbetrag op hirem Bankkonto virun enger saisie-arrêt ze schütze fir esou weider um gesellschaftleche Liewe kennen deelzehuelen.

Dës Norm ass onofhängeg vun enger eventueller Saisie oder Cessioun op engem Salaire, mee betrëfft direkt de Kontestand vun engem eventuellen Debiteur.

An Däitschland ass nämlech am §850c ZPO d’Saisie vun engem Aarbechtsakommes gereegelt an trotzdeem huet den däitsche Legislateur et fir néideg fonnt fir och de monetären Eegentum ze schützen. Den §850c ZPO existéiert am lëtzebuergesche Gesetz ënnert der Form vun den Artikelen L. 224-1 bis L. 224-5 vum Code du Travail, wou ee sougenannten “Pfändungsfreibetrag” virgesinn ass, deen awer net equivalent zum 850k ZPO ass. 

An deem Zesummenhang hu mir de Ministere fir Finanzen, Justiz an Aarbecht dës Froe gestallt:

  1. Ginn et Pläng vun der Regierung fir eng analog Reegelung zum däitschen §850k ZPO zu Lëtzebuerg anzeféieren?
  2. Wéi vill Saisie goufen an deene leschte 5 Joer (opgedeelt no Joer) géint Privatpersounen geschwat? Wéi vill dovunner hunn (och pro Joer opgedeelt):
    • just de Salaire betraff?
    • just Eegentum betraff?
    • souwuel Salaire wéi och Eegentum betraff?
  3. Wéi vill Saisien hunn tëscht 2014 an haut stattfonnt bei deenen de ganze Solde vun engem Bankkont saiséiert gouf? Wéi vill dovunner ware Privatpersounen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene