Vill Kanner hei am Land ginn a verschiddene Betreiungsstrukturen ënnerbruecht, zum Beispill an enger Crèche oder enger Maison relais. De Staat iwwerhëlt iwwert d’Chèque-service accueil eng finanziell Participatioun fir d’Crèchen, wou d’Eltere bis zu 20 Stonnen d’Woch ze gutt hunn am Kader vum Programm “d’éducation plurilingue”. Fir d’Maisons Relaisen iwwerhëlt de Staat di ganz finanziell Participatioun, bis op d’Schoulvakanzen, wou d’Elteren dann ee klengen Deel selwer musse bezuelen.
Donieft gëtt et nach den Enseignement Precoce, wou d’Kanner net als “enfants scolarisés” ugesi ginn. Kanner, déi nëmmen hallef Deeg an de Precoce ginn, hunn nach 10 Stonnen d’Woch am Kader vum Programm “d’éducation plurilingue” ze gutt. Wann se awer ganz an de Precoce ginn, hu si am Kader “d’éducation plurilingue” keen Urecht op eng staatlech Hëllef ze gutt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Firwat gëtt den Enseignement Precoce bei dëser Reegelung net wéi d’Crèchen an d’Maisons relaise behandelt?
-
Huet de Minister wëlles, den Enseignement Precoce ze fërderen an de Kanner vun 3 Joer déi selwecht Chancen op eng méisproocheg Bildung ze erméiglechen?
• Wann jo, wisou kréien déi Elteren, deenen hir Kanner vollzäit an de Precoce ginn, dann net déi selwecht Hëllef?
• Wa nee, firwat net? -
Firwat gëtt den Enseignement Precoce net méi als Alternativ zu den dacks iwwerfëllte Crèche gefërdert?
QP Nummer 7759