Am Bulletin luxembourgeois des questions sociales vum ALOSS, gëtt d’Fro no engem méi kloer reglementéierte Kader fir Apdikter opgeworf. Dem Artikel 12 vum Code de déontologie des pharmaciens no, huet een Apdikter d’Rescht, fir engem Patient Medikamenter ze refuséieren, am Fall wou en d’Gesondheet vum Patient a Gefor gesäit. Der ALOSS no, ass awer net kloer, wat geschitt, wann een Apdikter d’Rausginn vun engem vum Dokter verschriwwene Medikament refuséiert. De Bulletin werft och weider Froen op iwwert de Rôle vun den Apdikter am Kontext vun den DSP-Dossiéeën, wou et zu dësem Moment nach e puer Onkloerheeten ze gi schéngt.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wat ass d’Prozedur, wann een Apdikter refuséiert, engem Patient ee verschriwwent Medikament erauszeginn? Muss den Dokter, deen d’Medikament verschriwwen huet, an dësem Fall informéiert ginn?
-
Um Site vun der Agence e-Santé ass ze liesen: [Un professionnel de santé] faut y [dans le DSP] déposer les données de santé qui sont utiles et pertinentes pour le suivi du patient et pour la coordination des soins de santé à lui prodiguer. An der Charte d’utilisation um Site esante.lu steet dozou awer: Selon son métier et/ou son rôle déclaré par le Patient le cas échéant, le Professionnel de santé pourra ajouter des informations au sein du DSP de son Patient. Ass d’Gesondheetspersonal also verflicht Donnéeën an den DSP anzeginn? Falls jo, ëm wéi eng Donnéeën handelt et sech heibäi?
QP Nummer 3029