D’Enn vum Congé collectif?

No den Aussoe vum Här Minister Bausch iwwert Ännerunge beim Congé collectif, hat de Marc Goergen an der leschter Chamberssëtzung schonn opmierksam gemaacht, dass d’Konditiounen am Konstruktiounssecteur net dorënner däerfe leiden.

Mir vun de Pirate wëllen net, dass d’Mënschen am Wanter an der Keelt an am Schnéi oder am Summer an ze waarmen Temperaturen op de Chantieren dobausse schaffe mussen!
Et gëtt genuch Profit um Réck vun den Aarbechter gemaach, de Congé collectif ass eng Moossnam fir d’Aarbechter ze schützen.
D’Resultat vun enger schlecht organiséierter Politik vun de leschte Jore gëtt elo op d’Aarbechter zu Lëtzebuerg ofgelooss, déi ënner enormen Drock dausende vu Wunnenge baue mussen.
D’Sécherheet vun den Aarbechter gëtt dobäi guer net a Kaf geholl an et sinn Si, déi dorënner leiden!
Mir vun de Pirate setzen ons dofir a fir d’Qualitéit an d’Sécherheet op de Bausstellen, an dass d’Syndikater hire Congé collectif bestëmmen, net de Minister.

D’Pirate wollten dofir vun der Regierung wëssen, wéi et am Dossier Congé collectif weidergeet.

An der Chamberssëtzung vum 12te Februar 2019 huet den Här Minister Bausch ugekënnegt, d’Realiséierung vu grousse Bauprojete méi schnell virunzedreiwen, andeems z. B. de Congé Collectif am Konstruktiounssecteur geréckelt soll ginn. E puer Syndikater, dorënner den OGBL, wieren sech géint dës Propose a schwätze vun engem “matraquage des salariés du bâtiment”. D’Syndikater hunn de Congé collectif als wichteg sozial Errongenschaft duerch eng Convention collective ausgehandelt, well gewosst ass, dass d’Ufuerderungen un d’Aarbechter am Konstruktiounssecteur kierperlech immens ustrengend sinn.

An deem Zesummenhang wéilt ech de Ministeren dës Froe stellen:

  • Gesäit den Här Minister Bausch vir de Congé Collectif fir 2019 a bestëmmte Fäll ze verschiben? Falls jo, wéieng konkret Pläng ginn et hei?
  • Wëll den Här Minister Bausch de Congé collectif och fir déi folgend Joren ëmgestalten? Falls jo, wéi gesäit en dëst vir? Falls nee, wat rechtfäerdegt d’Ëmgestaltung fir dëst Joer?
  • Wäert den Här Minister Kersch gebrauch maache vum Dispositif vum Artikel L-164-8 vum Aarbechtsgesetz an eng Demande fir eng “déclaration d’obligation générale” vum Congé collectif am Konstruktiounssecteur fir 2019 an engem Reglement Grand-Ducal festhalen? Falls nee, ënnert wéi enger Form well den Här Aarbechtsminister soss nach Afloss op déi fräi Gestaltung vum Congé collectif huelen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Realiséierung vu grousse Bauprojeten ee staatlecht Agräifen an d’fräi Gestaltung vun de Kollektivverträg rechtfäerdegt?
  • Ass den Här Minister Bausch der Meenung, dass d’Aarbechter am Konstruktiounssecteur hir Aarbecht sollen an alle Meteoskonditioune verriichten z. B. och bei héijen Temperaturen am Summer ëm 40 Grad Celsius oder bei Minustemperaturen am Wanter mat Schnéi an Äis?

Mat déiwem Respekt,
GOERGEN Marc
Député

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister