Denkmalschutz vun historesche Gebäier

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande de Classement fir ee Gebai un de Minister schécken.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demandes de Classement sinn an de leschte fënnef Joer beim Kulturministère agaangen? Wéi vill dovu koume vu Besëtzer vun de Gebaier, wéi vill vu Gemengen a wéi vill vun Drëttpersounen? 

  2. Wéi vill vun den Demanden hunn zu engem Classement gefouert, opgeschlësselt no deem, vu wiem d’Demande agereecht gouf?

  3. An der Äntwert op d’Fro 7511 krute mir d’Informatioun, dass eng Klassementsprozedur am Schnëtt tëschent 6 a 24 Méint dauert, jee no der Envergure vum Dossier.
    Wéi vill Demandë sinn aktuell en Cours de Traitement?
    Wéi vill waren et der zum Stand vum 31te Mäerz 2023?

  4. Kann de Kulturminister bestätegen, dass all Besëtzer, deem säi Gebai sollt klasséiert ginn, eng Intention de classement zoukomme gelooss krut, sou wéi den Artikel 19 vum Denkmalschutzgesetz dat virgesäit? 

  5. A wéi ville Fäll gouf d’Intention de classement virun engem Geriicht kontestéiert a mat wat fir engem Effekt? Wéi vill Prozedure sinn aktuell virum Verwaltungsgeriicht?

  6. Wéi vill Gebaier, fir déi eng Demande de classement virlouch, konnte besicht ginn a wéi vill konnten net besicht ginn an aus wéi enge Grënn?
    Wat gesäit d’Prozedur vir, wann ee Besëtzer net bereet ass, fir d’Experte vum INPA an d’Gebai eranzeloossen? Wéi oft ass dat an de vergaangene fënnef Joer virkomm?

  7. Ginn et aktuell Gebaier, déi vun den Experte vum Ministère an INPA als wäertvoll betruecht ginn an déi verfalen, well hier Besëtzer net un engem Erhalt interesséiert sinn? Wa jo, wat gëtt ënnerholl fir de Verloscht vun deene Gebaier ze verhënneren?

  8. Wéi eng Strofen si virgesinn, wann ee Besëtzer trotz enger Demande oder Intention de Classement säi Gebai verfale léisst oder zerstéiert? Wéi vill Mol ass dëst an de vergaangene fënnef Joer virkomm?

 

Zesummenhang posts

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni
Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). Wien säi
An der Käler Gemengerotsitzung vum 12te Mäerz hat ee Vertrieder vum TICE erkläert, dass de Staat – also de Mobilitéitsministère – d’TICE-Buslinn 17, déi