Deprecated: Use of "self" in callables is deprecated in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/a2-optimized-wp/core/A2_Optimized_CacheEngine.php on line 119
Denkmalschutz zu Péiteng – eng Katastrophe? – PIRATEN
Deprecated: ElementorPro\Modules\Posts\Traits\Button_Widget_Trait::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/posts/traits/button-widget-trait.php on line 413

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Media_Carousel::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/media-carousel.php on line 268

Deprecated: ElementorPro\Modules\Carousel\Widgets\Base::print_slider(): Implicitly marking parameter $settings as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/carousel/widgets/base.php on line 520

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Paypal_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/paypal-button.php on line 220

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Classes\Payment_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/classes/payment-button.php on line 501

Deprecated: ElementorPro\Modules\Payments\Widgets\Stripe_Button::render_button(): Implicitly marking parameter $instance as nullable is deprecated, the explicit nullable type must be used instead in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/payments/widgets/stripe-button.php on line 243

Warning: Undefined array key "options" in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/theme-builder/widgets/site-logo.php on line 124

Denkmalschutz zu Péiteng – eng Katastrophe?

Fro un de Schäfferot a Buergermeeschter zum Thema Denkmalschutz

Sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter eng Fro stellen.

An engem Artikel op RTL.LU vum 24te Februar, deen iwwert den Denkmalschutz handelt, kënnt d’Gemeng Péiteng guer net gutt ewech. Eng Lëscht, déi ee Grupp vun Denkmalschützer op Basis vun den Date vu Sites et Monuments opgestallt huet, sträicht kloer ervir, datt d’Gemengeresponsabel vun 1131 nëmmen 181 iwwert de PAG schütze gelooss huet. 

Op RTL.lu am Artikel ass ze liesen: Eng Fro schéisst engem direkt an de Kapp, wann ee sech déi 58 PAGen ukuckt, déi bis elo fäerdeg sinn, an ee sech méi speziell fir eise Patrimoine intresséiert: wat der Däiwel hunn d’Péitenger fir e Problem mat Denkmalschutz? Ass et de Buergermeeschter, dee vläicht näischt domadd kann ufänken? Oder wollt ee sech einfach net dra schwätze loosse vu Sites et Monuments, wéi deen neie Bebauungsplang gezeechent gouf? Op alle Fall sinn d’Zuelen hei definitiv katastrophal: 1.131 Gebaier wieren ze schützen, soten d’Experten vum Staat. “Boff”, duecht de Pierre Mellina wuel, an hält der effektiv 181. An elo? D’Inneministesch kennt hier Méiglechkeeten, kéint e Veto aleeën. 

An deem Zesummenhang wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter folgend Froe stellen:

1. Aus wéi enge Grënn goufen iwwer 80% vun de Gebaier, déi vu Site et Monuments als erhalenswäert agestuuft goufen, net am PAG geschützt a firwat waren dës Gebaier net wichteg genuch, fir geschützt ze ginn?
2. Aktuell lafen zu Péiteng e puer Projeten, déi zum Zil hunn touristesch Aktivitéiten an der Gemeng ze promouvéieren. Sinn de Buergermeeschter a Schäfferot der Meenung, dass duerch d’Erhalen an d’Mise en Scène vum historeschen architektonesche Patrimoine d’touristescht Potenzial an den Uertschaften däitlech erhéije géif?
3. Wäerten de Buergermeeschter a Schäfferot der weiderer Zerstéierung vum architektonesche Patrimoine entgéintwierken a versichen, méi Gebaier ënnert Denkmalschutz ze setzen? Falls jo, wéi eng weider Gebaier solle geschützt ginn? 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36

Warning: Trying to access array offset on false in /var/www/vhosts/piraten.lu/httpdocs/wp-content/plugins/elementor-pro/modules/dynamic-tags/tags/post-featured-image.php on line 36
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll