Piraten an der Chamber – deng Stëmm ziehlt Please enable JavaScript in your browser to complete this form.Fir wat ass dëse Formulaire ze gebrauchen?D'Piraten sinn eng Matmaachpartei a mir probéieren d'Basisdemokratie op alle Niveauen anzebauen. Basisdemokratie bedeit nolauschteren an d'Leit ëm hier Meenung froen.Dofir schaffe mir mat eiser stëmm.piraten.lu, op där s du eis deng Iddien zu den Dossieren an der Chamber kanns matdeelen!Hei fënns du all d'Gesetzesprojeten an Themen, déi deemnächst an der Chamber wäerten diskutéiert ginn. Iwwert dëse Formulaire kanns du eis soen, wat s du vun dësen Themen hälls a wat eis Piraten-Deputéiert an dësen Debatten sollen uschwätzen. Wat steet deemnächst an der Chamber um Programm?Déi nächst Chamberssitzunge sinn den 17ten, 18ten a 19te Januar. Déi eenzel Themen fënns du hei ënnendrënner opgelëscht.Du kanns zu deenen Themen eppes schreiwen, déi dech interesséieren. Setz einfach däin Text an déi richteg Case hei ënnendrënner dobäi. Bei Froen a weidere Kommentaren, zéck net eise Büro um 20 60 66 (erreechbar vu Méindes bis Freides) oder per Mail op piraten@chd.lu ze kontaktéieren.Gesetzesprojet 7979 : Traité Belsch - Lëtzebuerg iwwert d'Notzung vum Militärfliiger A400MLëtzebuerg huet den Traité mat der Belsch ënnerschriwwen, wat d'Notzung vum Militärfliiger ugeet. Dësen Traité muss vun der Chamber ratifizéiert (=ugeholl) ginn, éiert en a Kraaft triede kann.Aktualitéitsstonn iwwert de PDAT2023 All Infoen heizou fënns du op https://mea.gouvernement.lu/fr/actualites/article/2022/a.html Gesetzesprojet 8111 fir een Deckel op den Energiepräisser (réseau chauffage urbain)Gesetzesprojet 7259 iwwert d'Kierperduerchsichungen duerch d'PoliceDébat iwwert d'Diversifizéierung vun eiser LandwirtschaftEch si Member bei de Piraten *JoNeeNach net Member, mee interesséiert? All Informatiounen fënns du an eiser Rubrik "Pirat ginn"Kontakt *Wann s du wëlls, dass mir dech kontaktéieren, looss eis w.e.g. hei nach eng Kontakméiglechkeet (Numm oder Pseudonym, E-Mail, Telefonsnummer, Adress...). Mir probéieren, den Ëmstänn entspriechend an zäitnoh Kontakt mat dir opzehuelen.Submit