Demanden fir en Transfert à l’étranger bei der CNS

Leider kënnt et ëmmer nees fir, dass Assuréeën zum Beispill no engem Accident am Ausland musse bei den Dokter oder an e Spidol goen, fir sech behandelen ze loossen. Domat ass et awer net ëmmer an all Fall gedoen an et sinn och an der Zäit duerno weider Behandlungen noutwenneg. Well si den Traitement am Ausland ugefaangen hunn, si verschidden Dokteren hei am Land net gewëllt, de Patient ze behandelen, mee e soll den Traitement am Ausland ofschléissen. Fir dass dësen Traitement vun der Gesondheetskeess iwwerholl gëtt, muss den Assuré eng Demande fir en Transfert à l’étranger eraginn. Et gouf eis zougedroen, dass vill Demande réischt no Méint beäntwert ginn, obwuel eng Operatioun zu deem Zäitpunkt schonn duerchgefouert ginn ass. Des Weidere géifen Dokumenter, wéi extrem detailléiert Rapporten an Informatioune gefrot ginn, déi dacks net virleien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Demande fir een Transferts à l’étranger goufen, opgelëscht pro Joer, zënter 2015?

  2. Bei vill vun dësen Demanden, opgelëscht pro Joer, huet d’Gesondheetskeess den Transfert à l’étranger refuséiert?

  3. Wat waren déi 5 heefegst Motiver fir dës Refuse respektiv wat kënnen d’Grënn fir de Refus vun enger Demande sinn?

  4. Wéi laang dauert et an der Moyenne, bis ee Patient eng Äntwert op seng Demande fir en Transfert à l’étranger kritt? Wat war säit 2015 déi längsten Dauer?

  5. A wéi ville Fäll gouf eng Demande fir en Transfert à l’étranger beäntwert, nodeems den Traitement am Ausland schonn duerchgefouert ginn ass?

  6. Ass geplangt, fir d’Prozedur ze vereinfachen an ze beschleunegen, fir nach besser am Interêt vum/vun der Assuré:e ze schaffen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8016

Zesummenhang posts

Mir hunn an der Vergaangenheet schonn eng Rei Froen zum Dossier de Soins partagés (DSP) vun der Agence eSanté gestallt. Aus der Äntwert op
Den elektronesche Carnet de vaccination (CVE) à jour ze halen ass fir den Dokter  oder d’Doktesch am Moment relativ ëmständlech. Den Dokter oder d’Doktesch