D’Délégué:es du Gouvernement si Beamten, déi dem Justizministère ënnerstinn an déi de Staat viru Geriicht kënne vertrieden. De Staat gräift awer net nëmmen op dës Délégué:es zréck, mee engagéiert och privat Affekot(inn)en aus Etüden, fir sech representéieren ze loossen.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
- No wéi enge Critère ginn d’Délégué:es du Gouvernement ernannt?
- Wéi vill Délégué:es du Gouvernement gouf et 2013?
- Wéi vill Délégué:es du Gouvernement ginn et haut?
- Sinn déi Délégué:es du Gouvernement alleguerte reegelméisseg aktiv? Wéi vill Dossieren hu si an deene leschten 10 Joer virun de Juridictions administratives plaidéiert (separat Oplëschtung vum Tribunal administrativ an der Cour administrative)?
- Wéi gëtt en:g Délégué:e du Gouvernement remuneréiert? Gëtt et eng Primm oder Jetone fir traitéiert Dossiere virun de Juridictions administratives? Wa jo, wéi vill Euro pro Stonn?
- Wéi e Gesamtbetrag huet de Staat an deene leschten 10 Joer un Primmen oder “Jetonen” un d’Délégué:es du Gouvernement bezuelt?
- No wéi enge Critèren decidéiert de Staat, sech virun de Juridictions administratives vun engem/enger Affekot:in vertrieden ze loossen amplaz vun engem/enger Délégué:e du Gouvernement?
- Wéi oft huet de Staat sech an deene leschten 10 Joer virun de Juridictions administratives vun engem/enger Affekot:in vertriede gelooss (separat Oplëschtung Tribunal administratif a Cour administrative)?
- No wéi enge Critère wielt de Staat d’Affekot(inn)en aus, fir sech virun de Juridictions administratives vertrieden ze loossen, ofgesi vum Critère vun der Kompetenz?
- Wéi ville verschiddenen Etüden hunn d’Affekot(inn)en, déi vum Staat an deene leschte 5 Joer engagéiert gi sinn, ugehéiert? Wéi eng fënnef Etüde waren hei am heefegste betraff a wéi vill Prozent vun den Opträg mécht dat jeeweils bei dësen Etüden aus?
- Leet de Staat een Taux horaire fest fir privat Affekot(inn)en oder gëtt den Taux vu Leschtere selwer festgeluecht? Falls d’Affekot(inn)en den Taux selwer festleeën, gëtt et ee Plaffong a wéi héisch ass dësen?
- Wielt de Staat ëmmer déi selwecht Affekoten-Etuden, fir sech virun de Juridictions administratives vertrieden ze loossen? Falls jo, mat wéi engem Argument?
- Wéi e Gesamtbetrag huet de Staat an deene leschten 10 Joer un Affekot(inn)e bezuelt, fir sech virun de Juridictions administratives vertrieden ze loossen?
QP Nummer 7942