Délais d’Ouverture fir e Compte de Paiement CCP

Mam Gesetz vum 13. Juni 2017 iwwert « Comptes de Paiement » gouf zu Lëtzebuerg en « Compte de Paiement de base » agefouert, deen ënnert anerem och vun der POST ouni Fraisen offréiert gëtt. Dëse Kont ass e wichtegen Outil, fir jidderengem en Accès zu Bankkonten ze ginn, onofhängeg vun Akommes, Kreditwierdegkeet a Mobilitéit. Et ass ze verstoen, datt et duerch d’COVID-19 Pandemie zu verlängerten Delaie kënnt, elo ass et awer esou, datt Clienten, déi esou e Kont ugefrot hunn, vun Delaien, déi iwwert e Mount daueren, betraff sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wat sinn d’Ursaachen dovun, datt d’Opmaache vun engem Basiskont esou laang Delaie mat sech bréngt?

  2. Wéi eng Mesure goufen en place gesat, fir datt d’Post hirer ëffentlecher Missioun nokommen an zäitno e qualitative Service offréiere kann?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4181

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt