Delaien vun der Demande en obtention pour le soutien intensif extrahospitalier

Wann een als Persoun Doheem muss gefleegt ginn, kann een eng „Demande en obtention d’une mesure exceptionnelle pour le soutien intensif extrahospitalier en vue de garantir le maintien à domicile“ bei der interministerieller Plattform vum Gesondheetsministère maache, fir finanziell Ënnerstëtzung ze kréien.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi laang si Stand haut Delaie fir bei enger “Demande en obtention d’une mesure exceptionnelle pour le soutien intensif extrahospitalier en vue de garantir le maintien à domicile” eng Acceptatioun oder ee Refus ze kréien?

  2. Wéi laang dauert et no enger Akzeptatioun am Schnëtt bis d’Geld iwwerwise gëtt? 

  3. Wéi vill Demandë fir d’Joer 2021 si nach net ofgeschloss?

  4. Wéi vill Demandë fir d’Joer 2022 si nach net ofgeschloss?

  5. Wéi vill Demandë vun 2021 sinn acceptéiert ginn a Gelder un déi Betraffe geschéckt ginn?

  6. Wéi laang waren Delaie Stand Juli 2022 fir eng Demande ofzeschléissen (mat Akzeptatioun oder Refus)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 13

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an