Déiereversich – Wéi vill Déiere stiewe wierklech an wie kontrolléiert d’Tester?

Och wann eng rezent ECI d’Déierenversich ganz staark och an der Grondlagenfuerschung kritizéiert an a Fro stellt, sinn se an Europa nach ëmmer eng Realitéit. Och zu Lëtzebuerg. Ennert der EU NTS DATABASE ON THE USE OF ANIMALS FOR SCIENTIFIC PURPOSES UNDER DIRECTIVE 2010/63/EU kann een d’Unzuel an d’Aarte vu Fuerschungsprojeten hei am Land, déi Déiereversich notzen, nokucken. Dës Datebank ass awer net komplett, well déi Déieren, déi fir d’Versich genotzt ginn, déi eenzeg sinn, déi an de Rapporten ugi ginn. Et sinn nämlech och Déieren déi fir Projete geziicht respektiv akaaft ginn,mee um Enn net genotzt (kënne ginn) an dann dout gemaach gi, falls keng aner Optioun wéi z.B. Adoptioun méiglech ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Etablissementer hu mir zu Lëtzebuerg, déi eng Geneemegung hunn fir Déiereversich laut Directive 2010/63/EU auszeféieren, an a wéi ee Beräich falen déi (Schoul, Akademesch, Industrie, Pharmaindustrie, CRO-contract research organisation)?

  2. A. Wéi vill Déiere goufen an deene leschten 10 Joer a wëssenschaftlechen Experimenter genotzt? Bei dësen Zuelen net nëmmen déi Déieren, déi fir de Projet validéiert gi si, mee och déi, déi fir de Projet geziicht gi sinn an net genotzt konnte ginn (opgelëscht no Joer)?
    B. Wéi vill Déiere waren dat fir edukativ Zwecker (z.B. am Lycée an de Biologie Coursen, fir déi noutwenneg Kompetenzen ze léieren)? Wann der fir dee leschten Zweck benotzt ginn, wisou gëtt hei net op „Dummies“/Modeller gesat, wéi dat och op Veterinärsuniversitéite mëttlerweil de Fall ass? Wann an de Lycéeën Déieren déi ënnert des Gesetzgebung fale benotzt ginn, wéi ass dat gereegelt?

  3. Wat fir een Experiment huet hei am Land an deene leschten 10 Joer zur gréisster Unzuel un Déierenzuucht an Doud gefouert? Wéi vill Déieren waren et? Waren hei d’ 3R Prinzipien ugewandt ginn?

  4. Wéi vill Déiere goufen an de leschten 10 Joer (opgelëscht no Mount) jeeweils als “Stock animals” vun den Etablissementer, déi Déiereversich maache, gehalen?

  5. D’EU huet sech zum Ziel gemaach d’Déiereversich esou vill wéi méiglech duerch sougenannten NAMs (non animal methods) ze ersetzen an nëmmen do wou et noweislech net anescht méiglech ass no strengsten Evaluatiounen a Krittären en Déiereversuch ze erlaben. Et ass eis zu Ouere komm, dass eng gréisser nei Unitéit fir Déiereversich zu Lëtzebuerg soll kommen.
    Kann de Minister dëst bestätegen?
    • Wa jo, wat sinn d’Argumenter fir esou eng Struktur opzebauen? Wat bréngt se eis als Land?
    • Wa jo, wat sinn d’Argumenter fir net dat ëmzesetze wat d’Regierung sech laut diversen Artikele virgeholl huet a wat och d’Ziel vun der EU ass, nämlech eng Reduzéierung vun Déiereversich?
    • Wa jo, wéi grouss soll des Unitéit sinn a wat ass de Budget deen duerfir virgesinn eis (och pro Joer)? 

    Wat ass am Géigesaz de Budget fir NAMs?

  6. Benotzen d’Akteuren, déi hei zu Lëtzebuerg eng Autorisatioun hunn, fir Déiereversich ze maachen d’ ” PREPARE”  an och “ARRIVE 2.0” Guidelines? Wa jo, gëtt um Enn vun engem Projet eng Evaluatioun gemaach, fir ze kuken ob se sënnvoll a noutwendeg waren?

  7. Déiereversich solle vun engem sougenannte „vétérinaire designé” iwwerpréift ginn. Am Reglement vun 2013 kann ee liesen:

    “Art. 24. “Tout éleveur, fournisseur ou utilisateur doit disposer de la part d’un vétérinaire désigné, compétent en médecine des animaux de laboratoire, ou d’un expert ayant les qualifications requises, des conseils sur le bien-être et le traitement des animaux.””

    Am Ausland ginn et a verschiddene Länner Mindestkrittäre vun Ausbildung an Erfarung, fir dass een als vétérinaire désigné schaffe kann. Dëst gëtt och vun internationalen Associatioune gefuerdert fir sécherzestellen, dass déi Persoun(en) och dat noutwendegt Wëssen an d’Erfarung hunn fir déi Funktioun auszeüben.
    1. Wat sinn déi genee Krittären u Formatioun a Spezialisatioun déi esou ee vétérinaire désigné zu Lëtzebuerg muss hunn? Wat sinn d’Mindestufuerderungen zu Lëtzebuerg? Wann se net gefrot sinn, wisou ass dat esou?
    2. Laut engem Dokument vun der Uni Lëtzebuerg sinn et 1,5 Veterinären, déi dës Posten 24/7 bestzen, och wärend de Weekender an de Vakanzen. Ginn dës Informatioune vun der Autorité compétente iwwerpréiwt?
    3. Wat sinn d’Méiglechkeeten déi ee vétérinaire designé huet falls en Mëssstänn feststellt? Sinn déi gesetzlech festgeluecht a ginn déi Méiglechkeete vun der Autorité compétente iwwerpréift? 1. Wa jo, wéi?
    2. Wa nee, ginn et do Iwwerleeunge fir des Funktioun méi genee gesetzlech festzeleeën?
    4. Fir d’Onofhängegkeet vum vétérinaire désigné ze garantéieren, sollt déi Fonctioun weisungsfräi sinn an et sollt séchergestallt ginn, dass seng Jugementer e net a Situatioune vun eventuellen Interessekonflikter bréngt. 1. Wéi ass dat séchergestallt?
    2. Wat fir ee Budget steet dësem Posten zur Verfügung fir seng Kontrollen effizient kënnen ze maachen?
    3. U wéi enge Reuniounen hëlt de Vétérinaire désigné reegelméisseg Deel?

  8. Op der Universitéit Utrecht an Holland gëtt aktiv dru geschafft, fir déiereversuchsfräi Fuerschung duerch eng eege Professur weider ze dréiwen. Wéi steet Lëtzebuerg zum Projet aus Utrecht an ass dat eppes wat och fir Lëtzebuerg envisagéiert ass? Wéi eng Initiativë ginn et do konkret a wéi ee Budget ass do virgesinn?

  9. Am Reglement vun 2013 kann een dann d’Konditioune fir den Akaf vun den Déieren noliesen:
    “”Tous les éleveurs, fournisseurs et utilisateurs doivent présenter une demande écrite, dans une des langues officielles du pays, à l’autorité compétente en vue d’un agrément et d’un enregistrement auprès d’elle. L’agrément peut être accordé pour une durée limitée.””

    Wéi eng Fournisseuren hunn am Moment sou eng Geneemegung? Aus wéi enge Länner sinn dës?
    Handelt et sech ëm lieweg Déieren oder agefrueren Organismen déi geliwwert ginn?

  10. Laut dem Reglement vun 2013 kann ee liesen dass et ee „Comité national pour la protection des animaux utilisés à des fins scientifiques“ gëtt. Dee soll ënnert anerem d’autorités compétentes beroden. Laut Memorial B gouf d’Zesummesetzung am Arrêté ministériel du 19 octobre 2021 festgehalen. Wann een d’Gesetzgebung an och d’Ausféierung mat anere Länner vergläicht, déi och um Site vum Agriculturministère opgelëscht sinn, muss ee feststellen, dass alleng d’Kompositioun vum Comité erstaunlech ass.
    1. Wéi genee gëtt d‘Roll vun dëser Kommissioun ausgeféiert a wien leed se?
    2. Wat sinn d’Qualifikatiounen an d’speziell Expertise am Domaine vun den Déiereversich an Ethik, sou wéi am „Experimental Design“, déi di verschidde Memberen mussen hunn?
    3. Ass een oder méi Vertrieder vun enger Déiereschutzorganisatioun Member vun der Kommissioun?
    4. Wéi oft si kënnt se zesummen?
    5. Wou kann een d’Rapporte vun der Kommissioun noliesen?
    6. Ass de Minister der Meenung, dass dës Zesummesetzung sënnvoll ass an dat beschtméiglecht Resultat fir Lëtzebuerg garantéiert? Ass d’Onofhängegkeet vun der Kommissioun garantéiert?
    7. Ass de Minister der Meenung dass d’Expertise vun den aktuelle Memberen déi ass, déi sécherstelle kann, dass hei zu Lëtzebuerg een héchste Standard agehale ka ginn?
    8. Ass de Minister der Meenung, dass et sënnvoll ass, dass d’autorités compétentes sech selwer beroden?

  11. An Holland ginn d’Projete vun der „central authority for scientific procedures on animals“ autoriséiert. Dëst ass eng QUANGO (quasi-autonomous non-governmental organization) mat Experten an de néidege Beräicher. Dëst stellt sécher, dass d’Evaluatioun vun de Projeten onofhängeg a mat héijer Expertise ka gemaach ginn.
    Ass de Minister der Meenung, dass d’Beispill aus Holland méiglecherweis och eng Optioun fir Lëtzebuerg wier?
    • Wa jo, wéini kéint dëst ëmgesat ginn? Wa nee, firwat?
    • Wann nee, ginn et extern Auditen déi d’Qualitéit vun deene Prozesser an Evaluatiounen iwwerpréift hunn?

  12. Laut EU Directive 2010/63 Punkt 38 soll eng ethesch Evaluatioun an den Memberstaaten stattfannen.
    1. Op wéi engem Niveau passéiert déi?
    2. Wéi genee gëtt hei viirgaangen?
    3. Wéi eng Experte sinn hei implizéiert? 

  13. Laut den Internetsäiten vum Agrikulturministère gouf 2 Mol een 3 R Symposium zu Lëtzebuerg ofgehalen, wou Präisser verdeelt gi sinn. De LIST ass hei all Kéiers als Gewënner ervirgaangen. Wéi eng aner Institutiounen hu matgemaach a wéi gutt hunn se ofgeschnidden? Erfëllen si d‘3 R Virgaben zu den héchsten Krittären, besonnesch déi vum „Replacement“? Wéi ee Gremium huet dës Wettbewerber évaluéiert a wéi eng Krittären sinn applizéiert ginn? Kann een dozou méi genee Informatiounen anzwou noliesen?

  14. Op der Internetsäit vun der Uni.lu kann ee liesen, dass ee Comité éthique pour l’expérimentation animale opgestallt ginn ass. https://wwwen.uni.lu/research/researchers_research/ethics_policies_and_committees
    Wéi een hei liesen kann, sinn just Leit déi Salariéën vun der Uni.lu sinn an dësem Comité représentéiert. De President vun deem Comité ass wéi ee nosichen kann eng Wëssenschaftlerin, déi selwer Déiereversich mécht an de Vize-President ass laut Dokumenter op der Internetsäit de Manager vun der Mausdéierenhaltung.
    1. Wéi gëtt séchergestallt, dass et net zu Interessenskonflikter kënnt?
    2. Wéi vill Gewiicht huet den Avis vun deem Comité a wat bedeit dat fir d’Autorisatioun vu Projeten?
    3. Huet de Comité scho misste Projete stoppen, well de Respekt vun den 3 R’en net garantéiert war?Wa jo, wéi oft?
    4. Huet den LIH, op deem laut Internetsäiten och Déierversich gemaach ginn, och esou eng Ethikkommissioun? Wa jo, wéi ass déi opgestallt a wéi fonctionéiert se?
    5. Wéi gëtt dat an aneren Institutiounen, déi Déiereversich maachen, gehandhabt?

  15. Laut dem Reglement vun 2013 muss all Joer a mindestens bei engem Drëttel vun den Utilisateure vun Déiereversich Kontrolle gemaach ginn.
    1. Wéi héich war de Prozentsaz u Kontrollen an de leschten 10 Joer (opgelëscht no Joer)?
    2. Wéi vill Persoune waren am leschte Joer zoustänneg fir dës Kontrollen ze maachen?
    3. Wéi eng Qualifikatiounen haten d’Leit, déi déi Kontrollen duerchgefouert hunn? Si bei dëse Kontrollen och extern Experte mat abezu gi, fir souwuel der Qualitéit wéi och dem potentiellen Interessekonflikt Rechnung ze droen?
    4. Sinn an de leschten 10 Joer Net-Konformitéite festgestallt ginn? A wéi engem Beräich sinn an de leschten 10 Joer Verstéiss géint de Reglement festgestallt ginn, speziell wat de bien-être animal an d’Anhale vun den 3 R (net d’Konformitéit vun den Infrastrukturen) ugeet? 

    • Wa jo wéi vill?
    • Wa jo, wat waren d’Konsequenzen?

  16. Am Fall vu Verstéiss géint den Déiereschutz ginn et an anere Länner Whistleblower-Méiglechkeete fir am Fall vun Onreegelméissegkeeten déi Persounen ze schützen, déi se rapportéiere wéilten.
    Gëtt et esou eng Whistleblower Méiglechkeet och zu Lëtzebuerg?
    • Wa jo, u wien kënnen des Persounen sech wenden a wéi genee fonctionéiert et?
    • Wa nee, firwat net?

  17. D’Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire (ALVA), fréier Administration des services vétérinaires(ASV), ass zoustänneg, fir d’Anhale vum ofgeännerten Déiereschutzgesetz vun 2018 grad wéi de Reglement vun 2013 ze kontrolléieren.
    1. Wéi vill Persoune sinn am Moment fir dee Beräich bei der ALVA ugestallt?
    2. Ëm wéi vill voll Tâchen handelt et sech? Wéi vill Zäit gëtt fir d’Déiereversich ze iwwerpréiwe benotzt?
    3. Wat sinn d’Profiller vun de jeeweilege Mataarbechter? Hunn dës Persounen och ausserhalb vun hiren Tâchë bei der ALVA am Beräich vun den Déiereversich Erfarung?
    4. Wéi vill Kontrollen huet d’ASV/ALVA an de leschte 5 Joer gemaach?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8174

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir