M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Ech
hunn a menger Ried gesot, datt mer déi Motioun och
net kënne matstëmmen, net nëmme wéinst deenen
Tireten op der zweeter Säit, mee u sech och wéinst
dem Tiret op der éischter Säit. Dat heescht, ech si mat
all de Constaten averstanen, déi d’Majoritéit mécht.
Ech mengen, ech begréissen och, datt d’Tripartite
zesummegeruff gouf. Mee ech si mat deene Konklusiounen net averstanen. Mir kënnen déi Indexmanipulatioun an deen Indexklau hei net mat ënnerstëtzen.
An duerfir wäerte mer dergéint stëmmen.
M. Fernand Etgen, Président | Merci villmools, Här
Clement. Sinn nach weider Wuertmeldungen do? Soss
kënne mer zum Vott vun der Motioun mat deenen
Ofännerunge kommen, wéi se vum Här Roth proposéiert ginn ass a vum Här Gilles Baum guttgeheescht
ginn ass.
- June 25, 2026
- 2:53 pm
- Parlamentaresch Froen
Den Artikel 27 vum ofgeännerte Gesetz vum 8. Mäerz 2017 iwwert d’lëtzebuerger Nationalitéit gesäit eng Optioun fir Volljäreger vir, déi op d’mannst siwe Joer