Déclaration gouvernementale relative au projet de Programme directeur d’amé- nagement du territoire (PDAT)

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Ech maachen et dann och zimmlech kuerz.

De Programme directeur setzt sech mat der raim- lecher Organisatioun vum Land auserneen. Mam

Haaptzil kënne mir Piraten nëmmen d’accord sinn. Et geet drëm, eisen Territoire, eiser Natur an eiser Bevëlkerung net méi zouzemudden, wéi ee verdroe kann. Dofir brauche mir e gudde Kaderprogramm, de Programme directeur.

Dräi grouss politesch Ziler ginn am Dokument ge- nannt. De Buedemverbrauch, e grousse Problem hei am Land, soll ageschränkt ginn. Dat wäert net einfach ginn. D’Entwécklung soll sech op Plaze konzentréie- ren, déi sech am beschten derfir eegenen. Schliiss- lech soll d’Raumplanung grenziwwerschreidend ginn.

Här President, Agglo-Zentrum, Agglo-Süden, Nord- stad, Grüngürtel, Kompensatiounsflächen, Dezentra- liséierung an esou weider, mir sollten net esou maachen, wéi wann dat alles nei wier. Den éischte Programme directeur ass schonn am Joer 1978 eraus- komm an dann an den 1980er goufen déi éischt raumplaneresch Direktive verëffentlecht.

Och hei goufe scho follgend Saache festgehalen: Et soll net egal wou, egal wéi a laanscht d’Stroosse ge- baut ginn. Den Duerfkär soll gestäerkt ginn, op de Patrimoine architectural soll opgepasst ginn, nei Lo- tissementer solle sech harmonesch an déi bestoend Strukturen am Land afügen. Fréier war also scho vill Wichteges gesot. Et huet just missen ëmgesat ginn. Genee do louch d’Kromm an der Heck. Et ass net ge- schitt!

Villes dovun, fir net ze soen, dat meescht, ass einfach net ëmgesat ginn. Raumplaneresch Virstellunge ware bis elo meeschtens Wonschvirstellungen.

Ech hunn et schonn e puermol hei gesot, de Pro- gramme directeur ass u sech d’Bibel vun der Raum- planung zu Lëtzebuerg. Déi beschte Bibel daacht allerdéngs näischt, wa kee sech drun hält. D’Raum- planung gëtt dofir oft als „Papiertiger“ bezeechent. Mee firwat gëtt d’Raumplanung nëmme ganz seele konkreet? Well se nëmme ganz seelen u wichteg Dos- sieren erugelooss gëtt. Entweeder sinn et aner Mi- nisteren, déi d’Soen hunn, oder et si Gemengen, déi sech net wëllen draschwätze loossen. De Programme directeur kann nämlech net einfach duerchgeboxt ginn, d’Kompetenze vun den anere Ministèren däerfe jo net beschnidde ginn.

Et ass e klasseschen Dilemma vun der Raumplanung. Wa se net stéiert, agräift an och emol eppes verbitt, da bréngt se näischt. Da brauche mer se net. Da ginn déi aner Ministèrë vëlleg duer. A wa se stéiert an agräift, wëll kee se hunn.

A ville Riede gouf gefuerdert, der Raumplanung méi Gewiicht ze ginn. Dat stoung och schonn an den 1990er an de Regierungserklärungen. Ech hu leider d’Zäit net, fir elo dee ganze Programme directeur auserneenzeplécken. Ech konzentréiere mech dofir op d’Ëmweltprüfung, d’wirtschaftlech Entwécklung, d’demografesch Entwécklung an de Wuesstum.

Ech hu mir d’strateegesch Ëmweltprüfung ugekuckt, déi am Kader vun der Ausaarbechtung vum Program- me directeur ausgeschafft gouf. Do stellt ee sech awer och verschidde Froen.

Eng stabill a gesond Ëmwelt soll mat der Raumpla- nung erauskommen. A wann een d’Analys vun den Auteure vun der Ëmweltprüfung liest, da kléngt dat leider nach zimmlech vag. Ech zitéieren: „D’Mooss- name schéngen den Ëmweltziler net ze widdersprie- chen.“ „D’Ziler si grondsätzlech positiv.“ „Et sinn haaptsächlech positiv Auswierkungen ze erwaar- den.“ „D’Moossnamen hunn entweeder eng positiv oder eng neutral Wierkung.“ „D’Moossname wier- ken haaptsächlech weeder eendeiteg negativ nach eendeiteg positiv.“ An esou weider. Dat kléngt wéi: „D’Wieder gëtt entweeder esou oder esou oder awer anescht.“

Zur wirtschaftlecher Entwécklung. Hei ass et fir eis Piraten kloer: Mir kënnen a mir sollen net alles zu Lëtzebuerg maachen. Beispill FAGE, wou vill Krokodils- tréinen herno gefloss sinn. E Betrib kënnt aus Steier- grënn op Lëtzebuerg, d’Matière première, d’Mëllech, gëtt importéiert. D’Produktioun, de Jugurt, gëtt erëm exportéiert. Och d’Main-d’oeuvre gëtt gréisstendeels importéiert. Ee Beispill vu villen. Et gëtt also zimmlech alles importéiert an dann erëm exportéiert. Dat ass eng absolutt kënschtlech Produktioun fir eis. Wann een dann nach de Landverbrauch, de Waasserverbrauch, de Stroumverbrauch an de Verkéier kuckt, da geet d’Rechnung einfach net méi op.

Zur demografescher Entwécklung: Ech sinn an deem Dokument vun der Raumplanung drop gestouss, wat viru bal 30 Joer geschriwwe gouf mam Titel „Quel Lu- xembourg pour demain ?“. Schonn deemools ass vun enger komplett neier Geografie vum Land geschwat ginn. Ech zitéieren: „Zanter 20 Joer erlieft Lëtzebuerg en exzeptionelle Bevëlkerungswuesstem.“ „D’Change- menter hunn déifgräifend raimlech Auswierkungen, déi mir erkennen, verstoen a corrigéiere mussen.“ „Mir hunn en exzessive Landverbrauch.“ „Lëtzebuerg ass amstand, däitlech méi Awunner ze verkraaften“, an deemools waren et der 400.000, „mee da musse mir déi regional Verdeelung komplett iwwerdenken.“ „Mir mussen ophalen, eis Landschaften ze verschandelen, Aktivitéitszonen egal wou ze plangen.“ An dat war en Dokument vu virun 30 Joer. Den Toun huet sech zën- terdeem net vill geännert. Wat deemools wouer war, stëmmt och haut nach.

Dann nach zum Wuesstum: Mir bräichten e gesonde Wuesstum, heescht et. Ënner krankem Wuesstum ass da wuel dee Wuesstum ze verstoen, deen zu Verkéi- erschaos, zur Logementskris, zu dem Verloscht vun der Biodiversitéit an zur Äerderwiermung gefouert huet. De Problem ass net de Wuesstum u sech, mee d’Form vum Wuesstum. Mir sinn elo schonn dat mat am meeschten zersidelt an zerschniddent Land an der EU. Terrainen, déi virun 20 Joer nach net an engem Iwwerschwemmungsgebitt louchen, sinn elo matzen- dran. D’Natur schléit zréck.

Kee Wuesstum ass awer och keng Alternativ. Dat muss och net sinn. Mir kënnen e Wirtschaftswuesstum hunn, mee net op Käschte vun der Natur oder sou, dass de Logement onbezuelbar gëtt. Duerch eng gemeinsam intelligent Wirtschafts- an Usiidlungspolitick an der Groussregioun kéint een d’Problemer vum Wuesstum zumindest e bëssen ausbremsen. Lëtzebuerg brauch heifir eng Dezentraliséierung, déi och schonn zanter 30 Joer ugekënnegt gëtt. Si soll verstäerkt dem Süden, der Nordstad an der Grenzregioun zeguttkommen.

No de ganzen Debatten iwwert de Programme direc- teur stellt sech no iwwer 30 Joer nach ëmmer d’Fro: Firwat schwätze mer esou laang iwwert d’Landespla- nung? A firwat maache mir et dann net?

Fir Landesplanung ze maachen, muss se net an der Verfassung stoen. Mir brauchen och kee Supermi- nistère. Wat gebraucht gëtt, si follgend Saachen: den néidege politesche Wëllen, e Grondvertrauen an d’Raumplanung, Transparenz, d’Bereetschaft, och emol op eppes ze verzichten, zum Beispill wann e Pro- jet beim Noper méi Sënn mécht.

Ech soen awer op dëser Plaz och nach eng Kéier ei- sem Conseiller politique bei de Piraten, dem Claude Gengler, e grousse Merci fir seng Hëllef beim Aus- schaffe vun dësem Dokument, well och hie war selwer 30 Joer am Raumplanungsministère an e wäert elo am Juni no all de Jore fir d’Raumplanung seng wuelver- déngte Pensioun untrieden. Him alles Guddes an der Pensioun an Iech Merci.

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren