Déclaration gouvernementale dans lecontexte de la hausse des prix de l’énergie, suivie d’un débat

M. Sven Clement (Piraten) | Merci. Ech profitéieren
dann, fir zur véierter Motioun, zu där leschter, ze
schwätzen, wou et ëm d’Frais de déplacement geet,
déi am Moment op 99 Euro d’Unitéit festgesat sinn an
déi u sech direkt spillen op der Fiche de salaire um
Enn vum Mount vun all eenzelnem Salarié. Respektiv,
Leit, déi eng Fiche de salaire kréien an eng Steierkaart
hunn, kréien op hirem éischte Salaire automatesch en
fonction vun dem Eloignement vun der Aarbechtsplaz
zu hirem Wunnuert eeben direkt e Steierkreditt ofgehalen.
Déi Frais de déplacement si schonn eng Zäitchen net
no uewen ugepasst ginn. D’leschte Kéier gouf argumentéiert, dat war wärend der Covidkris, do hu mer
driwwer geschwat wéinst dem Homeoffice, du krute
mer gesot: „Jo, dat kompenséiert sech iergendwou mat
eeben de Frais de déplacement, datt een net muss op
d’Aarbecht fueren, duerfir gëtt et keng Primm fir den
Homeoffice.“ Elo si mer bei de Frais de déplacement a
mir mierken, datt mer eng Flambée des prix hunn.
Anescht kann een et net nennen. De Bam brennt an déi
Frais de déplacement, dat ass wierklech eng relativ
einfach Mesure, déi ee kann applizéieren.
Mir hunn eis bewosst entscheet, elo mol nëmme 15 %
bäizeginn. Dat kompenséiert net 100 % vun där
Augmentatioun, déi mer op den Energiepräisser hu fir
d’Mobilitéit, mee et ass eng Mesure, déi direkt bei
deene Leit, déi am wäitsten ewech wunnen, am
meeschten Impakt huet. Dat heescht, et kompenséiert
de Wee fir op d’Aarbecht. Et ass also eng Mesure, déi
ganz kloer cibléiert ass fir Leit, déi schaffe ginn, fir Leit,
déi drop ugewise sinn, op hir Aarbecht ze kommen. A
wat ee méi wäit ewech wunnt, wat nun emol leider och
hei zu Lëtzebuerg oft den ëffentlechen Transport net
ëmmer eng Méiglechkeet ass.
Et ass certes plazeweis besser ginn, et ass awer och
certes plazeweis méi schlecht gi mat der Reform. Ech
mengen, do ginn et eng ganz Rëtsch Questionparlementairen dozou. Ech ginn net dodrop an. Mir
sinn der Meenung, datt dat doten eng Mesure ass, déi
direkt kéint geholl ginn, datt mer um Enn vum Mount –
an dat kéint ee bis Enn vum Mount maachen – de Leit
géife méi an d’Täsch ginn, fir datt se iwwerhaapt nach
kënne mat hirem preferéierten Transportmoyen op hir
Aarbecht kommen an erëm heem

Zesummenhang posts

Zu Rodange gëtt de Bau vun engem Jugend- a Familljenhotel geplangt. Dëse Projet stéisst op Widderstand vu Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng, well
D’Office Sociaux’en hei am Land leeschten ee wichtegen Déngscht, fir deene Leit, déi et hei am Land finanziell net iwwert Ronne packen, ënnert d’Äerm
An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt