Déclaration de M. Jean Asselborn, Mi­ nistre des Affaires étrangères et euro­ péennes, sur la politique européenne et étrangère

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, de Bausseminister huet eis gëschter seng Linnen a seng Konklusioune vun deene leschten zwielef Méint presentéiert. An a sengem groussen Tour du monde, deen e gléckle- cherweis net huet komplett um Vëlo misse maachen, well soss wär en nach méi an d’Schweesse komm, …

(Interruption)

… huet en eis awer trotzdeem gesot, datt et déi schwieregst Ried a senger Karriär gewiescht wier. An en huet Recht, déi lescht zwielef Méint waren alles anescht ewéi einfach. D’Mënschen an der EU fäer- ten erëm en Atomkrich. An ausserhalb vun der EU mussend’MënschenhiertLiewegifirhirFamilljenan eis gemeinsam Wäerter.

Mir Piraten hunn et schonn oft op dëser Plaz gesot: Mir stinn hannert der Ukrain, hannert de Sanktiou- nen, hannert der Ënnerstëtzung, déi Lëtzebuerg der Ukrain zoukomme léisst a fir en Ophuele vu Flücht- lingen. Mir stinn derfir an, datt all Persoun, déi hiert Heemechtsland muss verloossen, hei zu Lëtzebuerg eng Chance op e BPI-Status kritt. Mir stinn och fir d’territorial Integritéit vun der Ukrain an a mir hof- fen, datt d’Regierung och weiderhi bei där Positioun bleift.

Mir hoffen, datt och d’Positioun vun den Amerikaner no de Midterms, déi Stand elo nach ëmmer net ganz entscheet sinn, nach ëmmer wäert proukrainesch sinn. Finanziell hu mer mat der EU zesumme scho vill gehollef. Mee duerch déi vill Stroumausfäll, déi duerch d’russesch Attacken op d’Zivillinfrastruktur, déi absolutt inakzeptabel sinn, ausgeléist goufen, muss d’EU och kucken, wéi si hei kann a puncto Ener- gieversuergung hëllefen.

Mir sinn och der Meenung, datt déi Leit, datt déi Familljen, déi Leit ophuelen, an dat waren der 2022 glécklecherweis enorm vill, vum Staat op d’mannst zum Deel sollte finanziell ënnerstëtzt ginn. De Merci, deen de Minister gëschter hei ausgeschwat huet, ass

wichteg, mee e geet net duer. Misst den ONA all déi

Familljen och nach ënnerbréngen, hätt de Staat nach e méi grousse Problem. Dofir ass hei eng kleng finan- ziell Ënnerstëtzung vläicht net vu Muttwëll an et ass och eng Demande, déi d’Associatioun LUkraine mat ënnerstëtzt.

De Staat an de Bausseminister stelle sech gären als Paradebeispill a puncto Flüchtlingsopnam duer. A jo, Lëtzebuerg ass do besser wéi déi meescht aner Länner. Mee wien A seet, muss dann och B maachen!

Déi Leit, déi op Lëtzebuerg flüchten, waarde méinte- laang op eng Decisioun op hirem Dossier. Verschid- den afghanesch Matbiergerinnen a Matbierger kréie kee Status, se ginn awer gedult. Bon, dat ass besser wéi eng Ausweisung un d’Taliban. Esou kënnen déi Leit sech hei awer kee Liewen opbauen a virun allem och keng Zukunft. Dës Leit hunn eng schnell Ent- scheedung verdéngt, déi et hinnen erlaabt, sech hei am Land eeben déi Zukunft opzebauen. Dozou gehéi- ert och den Zougang zum Logement.

Et kann een als DPI net iwwert d’Grenz wunne goen, wann een hei säin Dossier lafen huet. Als BPI och net. Déi Leit kënnen net emol an d’Ausland auswäichen, wat leider haut vill Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuer- ger maachen; well mer de Logementsmarché ken- nen. Dat heescht net, datt et gutt ass, an d’Ausland auswäichen ze mussen. Och do ass d’Politik gefuer- dert – mee mir sinn elo an der aussepolitescher De- batt an do geet et net ëm de Logementssecteur. Mee et dierf een hei awer virun allem net zwou Gruppe vu Leit, déi Hëllef brauchen, géinteneen ausspillen. D’Regierung huet derfir ze suergen, datt jiddereen hei am Land en Daach iwwert dem Kapp kann hunn.

Här President, gëschter krute mer vum Minister endlech och gesot, wat d’Positioun zur Liwwerket- tendirektiv ass, déi scho bal néng Méint virläit. Mir fuerderen awer dann hei och nach eng Kéier op dëser Plaz formell, datt dës Positioun och schrëftlech ëffent- lech gemaach gëtt.

Och a puncto Klimawandel a Mënscherechter stellt d’Regierung sech jo gären als Virreider duer, mee och op dës Annoncë follgen net ëmmer déi passend Do- ten.

An deene leschten zwielef Méint huet sech heirunner wéineg geännert. De Pensiounsfong huet nach ëm- mer keng nohalteg Investitiounspolitik.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Et ass fënnef Sekonne virun zwielef an eis Pensiounsgelder ginn nach ëm- mer a Pëtrol an an autoritär Regimmer investéiert. Laut Joresrapport vun 2020 hat de Pensiounsfong 20 Milliounen u russesche Staatsscholden – wat déi haut wuel nach wäert sinn? – an nach eng Kéier 15 Milliou- nen, déi mer a Gazprom-Aktie stiechen haten, donieft nach Milliounen u Rubel, déi de Fong reegelméisseg keeft oder verkeeft.

D’Sanktioune géint Russland hu sech am Pensiouns- fong déi éischte Kéier erëmgespigelt, wéi eng nei Liste d’exclusion am Juni, Enn Juni, de leschten Dag vum Juni, publizéiert gouf, well de Fong dat nëmmen zweemol d’Joer mécht. Do stellt ee sech dann d’Fro, ob e Krich an Europa net vläicht e Grond gewiescht wier, méi séier ze reagéieren.

Laut enger Studie vum FTSE Russell ass eng gréng Ekonomie scho säit 2014 méi sécher a méi rentabel wéi Investissementer a Pëtrol oder Gas. D’Resulta- ter vun dëser Etüd ginn iwwregens vum UNFCCC – dat sinn déi, déi d’COP organiséieren – gedeelt. Mir schwätzen hei also vill iwwer gréng Finanzpolitik, ginn awer als Staat net ëmmer mam gudde Beispill vir. An och do: Wien A seet, muss B maachen!

Här President, beim Punkt Klimawandel dann nach zwee Sätz zur COP27. Mir Piraten hunn ewell eng Aktualitéitsstonn ugefrot, fir iwwert d’Resultater ze schwätzen, wa se eriwwer ass. Mee mir hoffe virun allem, datt een hei zu engem Accord kënnt, bei deem méiglechst vill Länner matmaachen – an och do, mengen ech, sinn d’Midterms an den USA dann awer erëm wichteg –, engem Accord, deen et eis duerch massiv Aspuerunge vun Zäregasen an all technolo- gesch Moyenen erméiglecht, fir awer nach bei 1,5 Grad Celsius ze bleiwen.

Duerfir hei eisen Appell un d’Regierung, fir ambitiéis Accorden ze ënnerstëtzen a matzedroen a virun allem keng Mesuren ze ënnerstëtzen, déi just nach Green- washing sinn.

Generell muss d’Regierung méi Kohärenz weisen, wat hir Aussoen op der nationaler Bün ugeet an dann d’Aktiounen duerno op internationalem Niveau. Mir kréien hei an der Chamber eng Ënnerstëtzung vum EU-wäite „gas price cap“ versprach, fir dann e puer Deeg duerno ze liesen, datt mir eent vun deene Länner waren, déi do blockéiert hunn. Generell gëllt dat fir all Decisioun op EU-Niveau, wou d’Chamber an d’Medien heefeg vill ze mann Informatioune kréien. An dat ass net nëmmen an deene Conseilen, wou den Ausseminister sëtzt. Dat ass an all de Conseilen.

Mir wëssen oft net, wéi an de Conseilsgremien an eiser aller Numm ofgestëmmt gëtt, vu COREPER (ndlr: Comité des représentants permanents des Gouverne- ments des États membres de l’Union européenne) bis hin zu de politesche Conseilen. Et ginn och keng Mo- tiounen ugeholl, déi der Regierung e kloert d’Mandat géife mat op de Wee ginn. Et herrscht Intransparenz. Intransparenz, déi d’Akzeptanz vun de Mesuren, déi am Conseil geholl ginn, net bevirdeelegt. D’EU muss méi op Transparenz setzen, wa se EU-feindlech Stréi- munge wëll ënnerbannen.

Nëmmen als eng staark a gëeent Unioun kënne mer eis autoritären Tendenzen aus Ungarn an anere Länner entgéintstellen. Nëmmen esou loosse sech Walresul- tater wéi an Italie verhënneren. Duerfir brauche mer Transparenz beim Conseil an en effektive Rechtsstaat- lechkeetsmechanismus. Et gëtt iwwregens Länner, an déi goufen haut och schonn zitéiert, wou dat gang und gäbe ass: Éisträich, fir nëmmen eent ze nennen, wou virun all Conseil d’Regierung an den EU-Unter- ausschuss kënnt, fir e kloert Mandat mat an d’Ver- handlungen ze huelen. Souguer Frankräich gouf haut schonn zitéiert, wou de President awer reegelméisseg, wann och net ëmmer, an den zoustännegen Ausschoss kënnt, fir do e Mandat matzehuelen.

Wéi de Minister gëscht jo och scho sot, sinn éischt Gelder an deem Kader vum Rechtsstaatlechkeetsme- chanismus zréckgehale ginn, mee de Premier Orbán probéiert weiderhin, d’EU ze erpressen.

Ungarn huet, Stand gëschter, nach ëmmer net d’Bäi- trëttserklärung vu Schweden a Finnland ratifizéiert. An ech hunn esou meng Doutten, datt se et haut gemaach hätten. Domat schuede se eis all, well mir brauche grad elo eng staark NATO. Dat dierf net sinn an d’EU muss hei Stäerkt weisen an Ungarn muss endlech agesinn, datt, wann een Deel vun eppes ass, een och muss säin Deel leeschten an eis Wäerter res- pektéieren an no bausse verteidegen.

Här President, d’lescht Joer op dëser Plaz hate mir Pi- raten déi polnesch Ofdreiwungsgesetzer kritiséiert, Ge- setzer, déi a Pole scho méi wéi ee Liewe kascht hunn. Och d’Entscheedung vum Supreme Court an Amerika musse mir Piraten kritiséieren. Och an Amerika si Mën- sche mat Gebärmutter elo erëm op archaesch a lie- wensgeféierlech Mesuren ugewisen, wa se net Mamm wëlle ginn. Och an den USA wäerte Fraen duerch dëst

Urteel an déi Gesetzer, déi doropshi komm sinn, hiert Liewe verléieren.

Et huet een e Recht op seng eege Gesondheet. Et huet een d’Recht, selwer ze decidéieren, ob een e Kand wëll oder net. Dofir setze mir Piraten eis a ganz Europa an. D’Recht op Ofdreiwung ass e Recht op Ge- sondheet, et ass e Recht op Selbstbestëmmung.

D’Rechter vun de Frae sinn nach ëmmer weltwäit kontestéiert, wéi een och am Iran trauregerweis erëm muss gesinn. Leider hunn ech keng Zäit, fir op d’Situatioun am Iran an der Déift anzegoen. Ech wëll awer hei kloer soen, datt et schrecklech ass, datt d’iranescht Parlament elo all déi verhaften Demons- tranten an Demonstrantinnen u sech esou sevère ewéi méiglech wëllt penaliséieren. An dat kéint bis zur Doudesstrof goen. Hei muss d’Weltgesellschaft elo séier reagéieren!

Här President, den Ausseminister ass och ganz kuerz op China agaangen, a mir begréissen et natierlech, datt d’Lëtzebuerger Representanten ëmmer erëm de Krich uschwätzen, wa se mat chineeseschen Homologe schwätzen. Dat selwecht sollt awer och fir d’Mënscherechtssituatioun a China gëllen a fir déi konstant Droungen, déi d’Land géint anerer ausschwätzt. Mir Piraten fuerdere jo, datt bei all Missioun vun engem Minister e Mënscherechtsbeop- traagten ageluede gëtt.

D’Situatioun a Xinjiang an d’Drounge géintiwwer Taiwan musse vun eis Europäer ëmmer an ëmmer erëm erwäänt ginn. Dës Theeme mussen op interna- tionalem Niveau Gehéier fannen. Et ass eis Flicht als Demokratie, fir d’Uiguren Opklärung ze fuerderen an Taiwan de Réck ze stäipen.

China stellt sech gär als politesch neutraalt Land op internationalem Plang duer. Mee wéi de Minister richteg sot, ass am Fall vum Ukrain-Krich eng passiv Positioun u sech eng Positioun, déi Russland zegutt- kënnt. Dat muss ee genausou soen an et muss een als Lëtzebuerg sech alt erëm froen, awéiwäit ee mat esou Länner nach weider wirtschaftlech Relatioune wëllt ausbauen. Dat gëllt fir de Lëtzebuerger Staat, dat gëllt awer och zum Beispill fir d’Chambre de Com- merce, déi elo erëm eng Missioun gemaach huet.

Här President, ier ech zum Schluss kommen, kommen ech awer nach zu engem weideren Theema, dat mir Piraten hei an der Chamber schonn op den Ordre du jour bruecht hunn. Et ass en europäeschen Dossier, an dat ass ChatControl. Mir Piraten kämpfen EU-wäit géint dës Propos, déi dorobber ofziilt, all eis Noriich- ten, Videoen a Fotoen ze scannen. Dëst ass fir eis eng kloer Mënscherechtsverletzung, déi net ze akzeptéie- ren ass. Eng generell Iwwerwaachung vun der Be- vëlkerung ass eng Praxis vun autoritäre Regimmer, déi mer a China zu Recht kritiséieren, déi mir eis net uneegne sollten!

Bis ewell ass nach näischt vun der EU-Kommissioun ze héieren, datt de Projet ChatControl soll zréckgezu ginn. Néngmol ass awer elo schonn op Conseilsniveau iwwer ChatControl geschwat ginn, fir d’lescht nach den 3. November. D’Propos gouf elo dem EU-Parlament virgeluecht, wou am Oktober elo d’Aarbechten an der Kommissioun och schonn ugaange waren.

ChatControl wäert den Internet net méi sécher maachen. E wäert eis Kanner net virun Ausbeutung schützen. Dëst bestätegt iwwregens och elo rezent e Bericht vum Service scientifique vum Däitsche Bun- destag. Dee bezweifelt, datt d’Propos vun der Kom- missioun wäert derzou bäidroen, datt eis Kanner besser geschützt sinn. An e bezweifelt och, datt se virun dem Europäesche Geriichtshaff géif standhalen. En hält et fir eng disproportional Mesure, déi zu wei- deren Aschränkunge vu Fräiheeten an der EU kéint féieren, wa se bis ageféiert géif ginn.

Mir Piraten hu scho probéiert, hei an der Chamber iw- wert d’Gefore vun ChatControl opzeklären. Eis Piraten- Kolleegen am EU-Parlament wäerten dat zu Bréissel weider maachen, an d’éisträichescht Parlament, vun deem ech virdru schonn eng Kéier geschwat hunn, huet als Parlament der Regierung eng kloer Reso- lutioun mat op de Wee ginn, fir e Mandat géint Chat- Control anzehuelen. Do hunn d’Regierungsparteien hire Ministere kloer gesot, wéi Éisträich sech op EU- Niveau positionéiere wäert.

Och wann eis Motioun deemools hei net mat- gestëmmt gouf, hoffe mir dach, datt d’Regierung hei Wuert hält a sech géint deen Text stellt. Méi wéi hoffe kënne mer net, eis kloer Motioun gouf jo ofgeleent.

An déi nämmlecht Kerb kann een u sech och schloen, wann een iwwert de rezente Leak vum EU-AI-Act wëllt schwätzen, e Reglement, léif Kolleeginnen a Kolleegen, wat u sech d’kënschtlech Intelligenz soll reglemen- téieren, wat am Endeffekt awer näischt anescht bedeit, wéi flächendeckend d’biomeetresch Kameraiwwer- waachung ze legaliséieren. A wann déi aktuell Propos vun der tschechescher Rotspresidentschaft esou géif duerchgoen am Conseil, dann hu mer eng Situa- tioun, wou China quasi nach mënscherechtsfrëndlech eriwwerkënnt.

Och do musse mer an eiser Aussepolitik, an eiser Eu- ropapolitik kloer Faarf bekennen, datt mer eis eeben net inspiréieren u Länner, déi Mënscherechter mat Féiss trëppelen, mee datt mer eis fir Mënscherechter, fir d’Recht op Privatsphär, fir d’Recht op en dignet Liewen hei an Europa asetzen.

Une voix | Très bien!

M. Sven Clement (Piraten) | Dir sot A. Mir als Cham- ber erwaarden, datt de B dann och ass, fir deen A ëm- zesetzen!

Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Rezent gouf ugekënnegt, dass ab dem 21ten Dezember d’Gesellschaft China Southern plangt eng Kéier d’Woch mat engem Airbus 350-900-Fliger vun de Stied Guangzhou a