Debate de consultation sur la note interministérielle sur la criminalité lieé aux stupéfiants au Luxembourg.

M. Marc Goergen (Piraten)

Merci, Här President.

D’Theema haut ass jo erëm ganz interessant. Mee déi Diskussiounen, déi haut de Mëtten, oder besser haut den Owend, geféiert ginn, sinn u sech zum Deel eng Verlängerung vun der Aktualitéitsstonn, déi am Mäerz ugefrot gi war vun eis, just haut méi spezifesch op den Drogenhandel, mee awer nach ëmmer iwwert déi illegal Sécherheetsfirmen op der Stater Gare. Jo, d’Situatioun op verschiddene Plazen hei am Land ass fir d’Leit eeben aktuell net agreabel. Trotzdeem, mir Piraten setzen awer, wéi esou oft op eng mënschlech, sozial a fair Approche. Et dierf an eisen Aen net dorobber erauslafen, dass mer an dëse stännegen Diskussiounen Drogenofhängeger als béis ofstempelen. Drogenofhängeger dierfen net wéinst hirem Krankheetsbild – an dat ass et nun emol kriminaliséiert ginn. Well oft ass et esou, dass vill vun hinnen déi Schwächst an eiser Gesellschaft sinn. Et ass d’Gesellschaft, déi dës Leit un engem Matmaachen an eiser Ekonomie gehënnert huet. Dës Leit sinn an enger Situatioun gelant, wou se oft selwer emol guer net wëllen dra sinn. Dat verdéngt eist Matgefill an eis Solidaritéit, an net eisen Haass. Aus deem Grond musse mir och ewechkommen, d’Drogenzeen als Ënnerwelt ze gesinn. Villméi ass dës „Ënnerwelt“ en Deel vun eiser Gesellschaft. Se war et ëmmer a se wäert et ëmmer bleiwen. Droge sinn zënter Joerdausende schonn an eiser Kultur. Deemno sinn d’Mënschen an den Drogenzeene Bierger wéi mir alleguerten heibannen. Ech wäert mech awer och op déi verschidde Punkten aus dem Rapport beschränken an eis Positiounen zu de verschiddene Propose kloermaachen. Fir unzefänken, d’Statistike vun 2000 bis 2020, déi de Policeminister eis zoukomme gelooss huet a
wou en ze erkenne gëtt, dass d’Unzuel un Drogenaffären an de leschten 20 Joer konstant eropgaangen ass. Jo, et ass kloer: Wat méi Policekontrollen, wat d’Affäre méi eropginn. Also sinn och d’Zuelen en Unzeeche vun enger effektiver Policeaarbecht. Zweetens, eis Bevëlkerung zu Lëtzebuerg ass zënter der Joerdausendwend immens gewuess, wou ee vläicht och nach duerch déi modern Technologië vill méi Droge vill méi einfach fënnt. Et wär dach interessant ze kucken, ob zënter de 60er-Joren an der Zäit, mir wëssen et alleguer, vun der Hippiebeweegung den Drogekonsum, prozentual gesinn, souguer ofgeholl huet oder vläicht stabill bliwwen ass. Den Drogeproblem war schonn ëmmer e Problem, well et ëmmer e gesellschaftlechen Tabu war, Drogen ze huelen oder ze verkafen. Den Ënnerscheed tëscht erlaabten a verbuedenen Droge berout éischter op enger Traditioun wéi op medezinneschen a wëssenschaftlechen Tatsaachen. Dat läit awer och nëmmen dodrun, dass konservativ Politiker mat enger Politik vu Wonschdenken an Angschtmaacherei sech deemools duerchgesat hunn. Ma genee aus dësem Wonschdenke muss eis Gesellschaft elo erauskommen. Drogenofhängeger dierfen net méi wéinst hirem Krankheetsbild kriminaliséiert ginn. Suchtverhalen ass eng Krankheet, déi behandelt muss ginn, ouni dass d’Affer aus Angscht viru Strofen op eng Behandlung verzicht. U sech musse mir an eiser Gesellschaft eis schummen, Mënschen, déi an eng Ofhängegkeet vun enger Substanz komm sinn, ze stigmatiséieren an ze verdäiwelen. Mir sollte mat dëse Leit matfillen, se verstoen; verstoen, dass se heiansdo awer selwer net ganz kloer mat sech sinn, dass et immens schwéier fir si ass, aus dëser Situatioun erëm erauszekommen. Fir eis Approche vun der Behandlung an der Unerkennung vun Drogenofhängegen als Mënschen ass dat de richtege Wee. Dofir si mir och ganz averstanen, dass d’Strukture wéi den Abrigado fir d’Leit do sinn, awer dat net nëmmen an der Stad, mee se musse vill méi dezentral ugebuede ginn.


Une voix.- Très juste!


M. Marc Goergen (Piraten).- Mir mussen der Realitéit an d’Ae kucken. Mir brauchen dezentraliséiert Strukturen. Den Abrigado ka gären eng Empfangsstruktur si mat Servicer, vläicht och 24 op 7 fir d’Leit. Mee d’Behandlung vun den Ofhängege misst an eisen Ae vill méi dezentral stattfannen, fir dass dës Leit erauskommen aus der Drogenzeen, aus de sougenannten Hotspots, déi mer selwer kreéiert
hunn. Mee och d’Dealere mussen eng Méiglechkeet
gebuede kréien, fir erëm aus dëser Drogenzeen erauszeklammen. D’Deale mat Drogen gëtt een net duerch d’Gesetz lass. Et sicht och kee sech eraus, en Dealer ze ginn, mee oft ass et eng Verzweiflung, déi een dozou gezwongen huet. Mir brauche keng repressiv Drogepolitik méi, wéi déi konservativ Parteien dat zënter de 60er diktéieren, an déi fir vill Leed an Zerstéierung suergt an Hierstellerlänner souwéi bei de Konsumenten. Fir déi Kriminell Meeschter ze ginn, musse mir deene mat deenen décke Portmonnien un den Hals an net de klengen Dealeren op der Gare. Mir mussen déi Schwaach, déi vun de Groussen ausgenotzt ginn, schützen. All déi repressiv Mesuren an dem Code pénal, déi iwwert d’Deale mat Drogen handelen, mussen op de Leescht geholl ginn an eng tolerant Drogepolitik erëmspigelen. Liicht Droge musse legaliséiert ginn an haart Droge mussen endlech entkriminaliséiert ginn, op jidde Fall bei de klenge Quantitéiten, déi u sech jo net dem Dealer gehéieren, mee dem Chef ganz uewen. De Besëtz an den Handel mat Droge muss déi grouss Käpp treffen an net déi kleng.
Här President, oft kritt ee vun de rietspopulistesche Parteien ze héieren, de Problem wären eh d’Auslänner. Déi riets Parteien, fir Law and order, benotzen awer d’Auslänner just fir hire politesche Profitt, fir quasi en Dämon ze molen, deen awer net do ass. Well et sinn déi Law-and-order-Parteien, déi etabléiert Parteien, déi iwwerhaapt d’Flüchtlingen derzou zwéngen, an esou eng Situatioun ze kommen. Bal kee Flüchtling kënnt hei an Europa, fir kriminell ze ginn. Déi puer, déi et geplangt hunn, jo, déi ginn et och. Dat wëll ech net verheemlechen. Mee dat ass wéi an all Gesellschaftsschicht. Wivill kriminell Banker gëtt et? Wivill kriminell Millionären? A firwat net, wivill kriminell Politiker? All Gesellschaftsschicht huet hir schwaarz Schof – jo, dat stëmmt. Et ass dofir awer net fair, all Mënsch … A wa mir iwwer Auslänner oder Flüchtlinge schwätzen, sinn et nach ëmmer Mënschen …, kee Géigestand, kee Mënsch, dee manner Wäert ass. Nee. All Mënsch – a mir sinn alleguerten d’selwecht – soll och gläich behandelt ginn. Et sinn awer déi begrenzt Méiglechkeeten, déi d’Flüchtlingen hunn, déi se zwéngen, via dubios Weeër u Geld ze kommen oder sech souguer op déi falsch Leit anzeloossen.
Mir brauche Gesetzer, déi de Flüchtlingen et méi einfach maachen, sech legal an d’Aarbechtswelt ze beweegen, fir sech eng Zukunft opzebauen. Mir dierfen et net de Schlepper oder soss Gangsteren
iwwerloossen, fir hinne falsch Verspriechungen ze maachen. Nee, d’Leit, déi Schutz sichen, musse sech op de Staat, op eis Gesellschaft verloosse kënnen. Zu den eenzelne Punkten, déi mir elo schonn héieren hunn, wëll ech nach e puer Bemierkunge lassginn, an dat un déi streng an etabléiert Parteien, grad eng DP an CSV, déi, kéint ee bal mengen, enger ADR-Wielerschaft nolafe wëlle mat hiren Aussoe ronderëm d’Stad Lëtzebuerg. Huet een aus dem Stater Schäfferot sech scho gefrot, wat fir e Bild ee vu sech gëtt, wann ee grouss via Press der Police an de Réck fält, andeems een eng, fir eis illegal, Sécherheetsfirma fir Aktivitéite bezilt, an dat aus dem Gemengebudget? Rifft dat net no nach méi Kriminalitéit, wann een de Gangstere grouss via Press erkläert, dass d’Police eh an der Stad op der Gare näischt mécht? Oder wann eng CSV grouss op Pressekonferenzen an d’Welt erausposaunt, wéi schlecht eis Police op der Gare ass, lackelt een do net fir politesche Profitt nach méi Krimineller un?

M. Marc Goergen (Piraten).- Spillt een do net bewosst mat deem oft zitéierte Sécherheetsgefill vun den Awunner? Hei hunn ech d’Gefill, dass vill Diskussiounen, grad vun enger DP an CSV, dorops aus sinn, politesche Profitt ze maachen, awer net wierklech eng legal Léisung ze fannen. Dann huet awer de Schäfferot aus der Stad den Hëllefsveräiner, als Beispill huele mer d’Street Angels, keng Plaz méi zu Bouneweg ginn, fir de Leit ze hëllefen, ier se kriminell gi sinn. Jo, dat gehéiert och gesot, dass een duerch esou eng Politik, dass een deenen d’Hëllef ewechhëlt, erëm déi Leit ouni Perspektiv zréckléisst. Mee mir dierfen net um Réck vu kommunale Muechtpositiounen, och net wann et eis Haaptstad ass, eis national Sécherheets- an Drogepolitik ausriichten. Eist Land ass méi wéi d’Stad Lëtzebuerg.
Här President, Preventioun ass eng gutt Saach, mee virdrunner brauche mer e Paradigmewiessel, deen Drogen endlech als Bestanddeel vun eiser Gesellschaft begräift. D’Politik muss déi sougenannten Ënnerwelt als Bestanddeel vun eiser Gesellschaft begräifen a se integréieren amplaz se ze ënnerdrécken, soss si mir an den nächsten 20 Joer genau do, wou mir virun 20 Joer stoungen. Mir brauchen en Ëmdenken, wéi mir mat auslännesche Matbierger ëmginn, wéi mir hinnen d’Méiglechkeete ginn, sech an eisem Land erëmzefannen. Mir hunn eng richteg gutt Police hei am Land. All Polizistinnen a Poliziste schaffe ganz vill fir eis Sécherheet hei am Land. Si schaffen awer mat de Mëttelen, déi d’Politik hinne ginn huet. An do ass den Enkpass. Der Police e grousse Merci fir hiren
Asaz. Mir Piraten si bereet fir méi Courage a méi Mënschlechkeet an der Drogepolitik. Mir sti prett fir eng fair, modern an transparent Sécherheets- an Drogepolitik.
Merci.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister