Débat sur le programme de stabilité et de croissance (PSC) et le programme national de réforme (PNR)

Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’lescht Joer hat de
viregte Finanzminister op dëser Plaz gesot, et géif
ee schonn d’Liicht um Enn vum Tunnel gesinn, a mir
hunn e bëssen de Geck gemaach: Et wäert jo hoffentlech net eng Lokomotiv sinn, déi eis entgéintkënnt.
Heiansdo kënnt d’Realitéit der Komedie dach awer
ganz no! Well säin Optimismus konnt sech net duerchsetzen – leider, muss ee soen!
Dat gesäit dann och déi nei Finanzministesch esou.
Well Europa rutscht momentan vun enger Kris an déi
nächst. D’wirtschaftlech Situatioun ass am Moment
schwiereg anzeschätzen. A wéi d’Ministere gëschter
soten: Et ka kee wierklech ofschätzen, wéini a wéi
dëse Krich wäert op en Enn goen a wat d’Konsequenzen dovunner sinn.
Ech wëll awer op dëser Plaz och soen, datt et falsch
wier, einfach nëmmen a Pessimismus ze verfalen.
Europa kënnt aus dëse Krisen eraus. Mir wäerten dat
packen, sou wéi mer och aner Krisen an der Vergaangenheet gepackt hunn.
Well och wann d’Situatioun um europäesche Kontinent
wéinst dem Krich an der Ukrain aktuell instabill ass,
esou gleewe mir Piraten drun, datt mer mat vill Wëllen an Aarbecht eis Wirtschaft transforméiere kënnen.
An dofir wäert et primordial sinn, datt mer elo séier a
konsequent den Ëmstig an erneierbar Energien ëmsetzen, d’Croissance vu fossillen Energien decoupléieren an
eis esou vun internationale Fluktuatiounen a Marchésabréch schützen. Nëmmen esou kënne mir als Europa
onofhängeg gi vun Diktaturen, déi eis mat bëllege fossillen Energien u sech bannen a weider wëlle lackelen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, vläicht
eng kleng Remark nach am Viraus: Ech fannen, et sollt
een d’Zuele vun 2020 – ëmmerhin engem Pandemiejoer – net pauschal mat deene vun 2019 an 2021 vergläichen! Mir haten dräi Méint Lockdown. An e Verglach ass dofir schwéier, voire onméiglech ze zéien.
Wann een d’Zuelen tëscht dem Budget oder der Croissance planifiée mat deene reellen Zuele vergläicht,
esou gesäit een dach gewalteg Differenzen. Déi aktuell wirtschaftlech Lag ass ze komplex, fir se mat der
gewinnter Prezisioun ze modelliséieren. A grad dofir
warne mer och virun ze vill Pessimismus géintiwwer
der Zukunft. Onsécherheet an Imprevisibilitéit kënnen
och ganz schnell erëm ëmschloen an eppes Positives.
Kloer sinn d’Leit, genausou wéi d’Betriber, aktuell virsiichteg, méi virsiichteg wéi soss. Mee positiv Iwwerraschungen um Weltmaart kéinten och ganz schnell erëm fir besser Pronosticke suergen.
Grad an dëse Momenter ass eng keynesianesch …
„Keynesianesch“, dat ass e Wuert, dat, mengen ech, op
Lëtzebuergesch einfach net ze iwwersetzen ass, mee
den Här Keynes wär, mengen ech, ganz iwwerrascht
doriwwer, datt säin Numm esou oft an eise Mond geholl gëtt. Mee en huet Recht: Et ass seng Politik, déi
sech am Moment duerchsetze muss, eng Politik, an där
de Staat sech als Garant asetzt. Dat ass wichteg. Eng
Politik, an där mer als Staat Acteur sinn an net nëmme
Spectateur. Well d’Perspektive fir Lëtzebuerg sinn an
deem Hibléck alles anescht wéi schlecht, trotz oder
grad wéinst eiser internationaler Ouverture.
Dat weist jo och eise PIB, deen d’Finanzministesch op
90 Milliarde chiffréiert. A mat engem Staatsbudget vun
20 Milliarde fir ronn 650.000 Awunner hu mer eng gewësse Marge de manœuvre, fir d’Lag zu eise Gonschten ze verwandelen.
Mir Piraten haten d’lescht Joer op dëser Plaz gesot,
datt mer d’Iddien am PNR am Grondsaz gutt géife
fannen. Leider kënne mer dat dëst Joer dann net méi
esou soen, well et dëst Joer keng weider Iddien ze
bewäerte gëtt. An deene virgeluechten 200 Säite sti
kaum bis guer keng nei Projete par rapport zu de Virjoren. Verschidde Punkten an dësem PNR datéieren
op 2017 an domadder net emol op dës Legislaturperiod.
Dat hei ass an eisen Aen, esou wéi de Wirtschaftsminister dat och gesot huet, kee Plan de réforme, mee
éischter e Résumé de travail vun den Aarbechte vun
den eenzele Ministeren. Et gesäit also ganz kloer esou
aus, wéi wann d’Regierung elo just nach géif hir Projete fäerdeg maachen a sech net d’Méi gemaach hätt,
fir nei Projeten op de Wee ze bréngen, nei Weichen ze
stellen a Visioune fir d’Zukunft ze weisen.
Wann een d’Pläng fir d’Investissementer bis 2025
kuckt, da géif een och net mengen, datt mer an enger
Klima- oder Logementskris sinn. Esou soll de Budget
fir ëffentlech Investitioune bei der Ëmwelt ab 2025
ëm 50 Millioune falen. Dat selwecht mam Budget fir
de Logement, wou mer 2025 par rapport zu 2024 30
Milliounen aspueren. Entweeder huet dës Regierung
keng Loscht, sech méi mat der Zukunft ze befaassen,
oder se mengt wierklech, d’Klima- a Logementskris
wären 2025 eriwwer.
Ech hu virdru gesot, mir sollten net a Pessimismus
verfalen, mee mir sollten awer och net d’Welt mat
engem rosaroude Brëll kucken an der Meenung sinn,
datt 2025 souwuel d’Klima- wéi och d’Logementskris
eriwwer sinn. Ech mengen, dat wär naiv.
Ech weess och net, firwat déi Zuele méi niddreg sinn.
Mee ech weess awer, datt mer och an deene kommende 5 bis 15 Joer warscheinlech méi Sue brauchen, fir dës Krisen ze bewältegen, an net manner.
D’EU-Kommissioun huet schonn 2019 virausgesot, datt
Lëtzebuerg seng Ëmweltziler net wäert anhalen. Loftverschmotzung, ze vill Verkéier, Besteierung vum Bensinn an ze héich Präisser am Logement goufe schonn deemools als déi gréisste Problemer fir Lëtzebuerg identifizéiert. Eleng beim Theema Klimawandel muss
eise Staat nach ganz Schëppen – nee, ganz Schubbkaren – bäileeën. Just als Beispill: Mat 11,7 % erneierbaren Energien an eisem Energieverbrauch pro Haushalt leie mer méi schlecht wéi d’EU-Moyenne.
Mir hunn eist Zil fir 2020, wat d’Elektrobornen ugeet,
net erreecht. Mir sinn net emol an d’Géigend komm.
D’Hausnummer ass eng ganz aner. Ech mengen, mir
sinn an enger anerer Postleitzuel gelant. De Moment
si just 4 % – 4 %, léif Kolleeginnen a Kolleegen – vun
allen ëffentlechen Diecher mat Solarpanelen ekipéiert.
Ass dat déi Resilienz, déi Transformatioun, déi mer sichen?
Mir hu rezent eng Kéier en Debat hei gehat iwwer
Rifkin an iwwert d’industriell Revolutioun, mat der Iwwerleeung, mir misste méi wäit denken, mir missten zu de Prosumer ginn, zu deene Consommateuren, déi och nach iergendwou selwer eppes produzéieren. Ma de Staat ass dat definitiv nach net, well mat 4 % steet e wierklech net gutt do. Mir hunn dat scho gesot a mir
wäerten och de Mëtten, wa mer nach eng Kéier iwwert
déi 7,5 Cent schwätzen, dorobber zréckkommen.
Duerch den Handwierkermangel mussen dann och
d’Privatleit méintelaang waarden, wa se dann eng
Anlag wëllen, wa se se sech leeschte kënnen, wa se
iwwerhaapt emol Proprietär sinn. Da musse se nach
waarden, well mer net genuch qualifizéiert Personal zu
Lëtzebuerg hunn.
Wann de Staat also wierklech och elo nach wéilt bis
2025 säi Retard a puncto Solaranlagen ophuelen – ech
erënneren drun: De Staat plangt an der Moyenne pro
Joer dräi Megawatt nei Installatiounen, dat si 7.500 m2
Solaranlagen d’Joer, déi e wëllt bäibauen –, da brauch
en Handwierker, déi dat maachen. A wann net nei
Handwierker iergendwou bäikommen, da wäert dat
dozou féieren, datt d’Privathaushalter nach méi laang
wäerte misse waarden, fir sech kënnen eng Anlag op
den Daach ze stellen, sous condition, datt se iwwerhaapt Proprietär sinn. Well datt dat bei de Residencen
net esou wierklech klappt, dat hu mer gëschter thematiséiert.
Dat wäerte mer déi nächst Wochen a Méint ëmmer
erëm gesinn. Mir brauchen also hei e Bewosstsinn,

datt de Fachkräftemangel direkt op eis Energie- a Klimaziler aschléit.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, vu datt
an dësem PNR jo wéineg nei Informatiounen drastinn,
wëll ech dann elo op e puer Punkten agoen, déi zwar
scho gewosst sinn, mee déi mer trotzdeem begréissen.
Mir begréissen, datt ronn 230 Milliounen an de Volet
Digitalisatioun gestach ginn, wou Lëtzebuerg zwar
schonn eng Rei flott Projeten huet, mee wou et awer
nach vill Sputt no uewe gëtt. Mir hate gëschter hei op
dëser Plaz iwwert d’Museksschoule geschwat an iwwert déi Dausenden Zeilen an Excelstabloen. An ech
mengen, do ass et einfach wichteg, datt esou Projete
kloer digitaliséiert ginn an net um Excelsniveau hänke
bleiwen.
E weidert Beispill ass de Projet „Digital Skills“, deen
d’lescht Joer am Kader vu genau dësem Debat hei presentéiert gouf. Hei kruten 30.000 Leit am Chômage
partiel eng Formation de base fir digital Kompetenzen offréiert. Elo hat ee geduecht, dovun hätte vill Leit kënne profitéieren, ma et war anescht: Keng 2 % vun de Leit hunn dës Offer ugeholl. D’Regierung hat vu 50 % geschwat. Do war net emol méi d’Postleitzuel
déi falsch, do ware mer schonn an engem anere Land
ukomm.
Firwat kaum ee vun dëser Offer profitéiert huet, war
vun Ufank u kloer – ech sot et schonns d’lescht Joer hei
op der Tribün –: Entweeder sollten dës Course fir komplett Neiasteiger sinn oder fir Leit, déi schonn eppes vu
Computeren a Videokonferenze verstinn, mee béides
gläichzäiteg geet net. Dëse Projet war also e kloren
Echec. Do kann een esou vill Lëppestëft op d’Schwäi
molen, wéi ee wëllt, et gëtt doduerjer net méi schéin.
En Echec, dee jiddereen, deen et wollt gesinn, vu Wäitem komme gesinn huet. En Echec, deen een nëmme
ka bedaueren, well hei eng Chance verpasst gouf, fir
deene Leit, déi wierklech nach Hëllef brauchen, wat
d’digital Kompetenzen ugeet, weiderzehëllefen.
Här President, wann ech meng Rieden aus deene
leschte Joren iwwerliesen, esou fält mer dach op,
datt d’Problemer vun eiser Wirtschaft Joer fir Joer déi
selwecht sinn: d’Fiabilitéit vun eisem Pensiounssystem, de Fachkräftemangel wéinst feelende Kompetenzvermëttlungen an d’Wunnengskris. Och dat, datt d’Verschëldung vun de Menagen eropgeet, well d’Wunnengspräisser ze deier sinn, ass keng Neiegkeet.
Schonn 2019 louch d’Verscholdung op Rekordniveau.
Huet sech dorunner eppes geännert? Nee.
Och dëst Joer gëtt am PNR erëm vum Projet „NeiSchmelz“, „Wunne mat der Wooltz“ an „Elmen“ geschwat. Ech weess net, wéi oft dës Regierung nach wëll op längst beschlosse Projeten zréckkommen, einfach fir kënnen ze soen, datt se a puncto Logement eppes
gemaach huet. D’Schafe vu méi abordabelem Wunnraum ass en Deel vum éischte Pilier vum PNR. Mee an der Realitéit gesäit ee beim Logement net wierklech, wou et soll higoe mat dëser Regierung.
Virun engem hallwe Joer huet de Premier ugekënnegt,
datt eng Spekulatiouns- an eng Grondsteier soll kommen. Mir Piraten hu scho viru sechs Méint eis éischt Proposen eraginn a waarden zanter véier Méint op en Avis vum Staatsrot, wéi bei ville Gesetzespropose vun der Oppositioun. Wärenddeem huet d’Regierung awer am Wunnengsbau absolutt keen neie Projet opzeweisen. Näischt, wat och nëmmen usazweis en Impakt op
de Wunnengsmarché hätt. Am Contraire: All Mount
gëtt den Dram vum Eegenheem méi deier, réckelt méi
wäit an d’Distanz, an dat op d’Käschte vu ville Mënschen hei am Land, déi keng Bauterraine besëtzen akleng bis mëttel Revenuen hunn.
Ëmmer méi Leit liewen hei am Land an Aarmut. D’Ministesch huet vun 119.000 Mënsche geschwat, déi
dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn. 119.000 Mënschen!
Dorunner ass zum groussen Deel de Logement schold.
An an eisen Aen ass de beschte Wee, fir den Aarmutsrisiko ze reduzéieren, deen, datt de Staat weider baut.
Mir brauche Wunnengen, déi och fir deelweis ënner
10 Euro de Meterkaree kënnen ugebuede ginn. An dat
klappt nun emol nëmmen, wann de Staat Proprietär
vun dëse Wunnengen ass oder d’Wunnengen esou
subventionéiert, datt en d’Kontroll driwwer huet.
Eng Wunneng ass ee vun den éischte Pilieren, fir d’Altersaarmut ze bekämpfen. Wien eng Wunneng huet,
sous condition, datt se ofbezuelt ass, sëtzt op engem
Kapital, dat e fir spéider ka benotzen. E sëtzt op enger
Spuerbéchs aus Steen, well e kee Loyer méi bezuele
muss – wa se dann awer ofbezuelt ass! Well wa se dat
net ass an et elo an abseebarer Zäit zu enger Zënshausse kënnt, da wäerte mer nach eng Kéier en dramateschen Impakt op d’Kafkraaft vun de Menagen
hunn, déi kaf hunn an dat iwwer e Prêt finanzéiert
hunn. An och do musse mer eis iwwerleeën, wéi mer
an Zukunft domadder ëmginn, wéi mer Prêten, an net
nëmme Loyeren, am Kafkraaftcalcul berücksichtegen.
Eis Prioritéit muss an deenen nächste Joren de Wunnengsbau sinn. Et dierf net sinn, datt de Staat all Joer nei Ausgaberekorder brécht a gläichzäiteg all Joer de Wunnengsmarché nei Präisrekorder brécht. Et geet elo definitiv duer!
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, e Plang
fir d’Zukunft ass dëse PNR net. Et handelt sech ëm eng
Zesummefaassung, e Resümmee vun ofgeschlossenen
an ugefaangene Projeten. Lëtzebuerg bräicht awer
méi. Europa brauch méi. Et dierf net just nach „weider
esou“ heesche bis d’Walen. Mir brauche weiderhin ambitiéis an zäitno Léisunge fir d’Klimakris, d’Logementskris, d’Präisdeierecht, d’Sécherheet an Europa an och
eise Pensiounssystem. Lëtzebuerg däerf de Wandel
net verpennen!
Ech soen Iech Merci.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat