M. Sven Clement (Piraten)
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech verstinn, firwat déi Lénk net wëllen, datt eis Regierung reest, well wann ee scho Gibraltar mat Monaco verwiesselt, dann huet een an der Geo net opgepasst an et hätt ee vläicht besser, selwer eng Kéier ze reesen, fir ze gesinn, datt déi Welt. Mme Myriam Cecchetti (déi Lénk).- Nolauschteren!
M. Sven Clement (Piraten)
dach e bësse méi grouss ass wéi vläicht den Horizont vu muncherengem heibannen.
Mme Myriam Cecchetti (déi Lénk).- Nolauschteren!
M. Sven Clement (Piraten) De ‚Lëtzebuerger Modell’ ass eng Erfollegsgeschicht“, hu mer gëschter héieren. Mir hunn e „gemeinsaamt Zil“ an e „gemeinsame Wee“, an zesumme kënne mer dat packen. Dat ass jo esou wonnerschéin an idyllesch, do denkt ee jo direkt un eng Reklamm vu „Visit Luxembourg“ mat vill Gréngs, enger doucer Musek am Hannergrond an enger schéiner Loftopnam vum Palais vum Grand-Duc! Lëtzebuerg geet et gutt, an déi puer Saachen, déi vläicht awer net ganz esou gutt ginn, déi huet de Premier all am Bléck an déi goufe schonn all an Ugrëff geholl oder ginn deemnächst besäitegt.
M. Xavier Bettel, Premier Ministre, Ministre
d’État.- Très bien, Här Clement!
M. Sven Clement (Piraten) Et ass also alles tippitoppi a mir solle méiglechst net driwwer nodenken, datt Lëtzebuerg net nëmmen eng Erfollegsgeschicht ass, wat Wuesstum an Entwécklung vun enger floréierender Finanzplaz ugeet, mee och wat wuessend sozial Ongerechtegkeete betrëfft. Mee leider ass awer genee dat de Fall, an dat däerfe mer einfach net aus den Ae verléieren. D’Schéier tëscht Aarm a Räich geet zu Lëtzebuerg ëmmer méi wäit auserneen, an do ass och eng Reindexéierung vum Kannergeld – déi an éischter Linn jo ni hätt dierfen ofgeschaaft ginn – net méi wéi den absolutte Minimum, dee muss gemaach ginn. Och wat déi aktuell sanitär Kris betrëfft, krute mer gëschter Hoffnunge gemaach: „Mir sinn dem Enn vun der Pandemie ganz no“, huet et geheescht, a keen hätt méi geimpft wéi Europa. Ouni wierklech drop anzegoen, datt d’Impfstoffer weltwäit net gerecht verdeelt goufen an een duerfir net onbedéngt houfreg soll sinn, datt Europa seng Awunner flächendeckend geimpft huet a souguer schonns iwwer Drëttimpfungen nodenkt, wärend Mënschen an
Entwécklungslänner dem Virus schutzlos ausgeliwwert bleiwen, gëtt also bei eis iwwerluecht, wéi een en éischte virsiichtege Bilan vun dëser Pandemie zéie kéint a wéi d’Gestioun vun der Kris ze evaluéieren ass. Lues a lues kéint een also d’Enn vum Tunnel erkennen. Dat ass natierlech eng exzellent Nouvelle an ech si mer sécher, datt d’Chamber der Regierung och gären hëlleft bei där Evaluatioun vum Krisemanagement. Et ass schliisslech kloer, datt d’Regierung hir eegen Aarbecht wuel kaum eleng objektiv aschätze kann. Mee wann d’Pandemie elo anscheinend esou lues dem Enn zougeet an eis Zuele gutt ausgesinn, da stellt sech mer dach awer d’Fro, wéi da gerechtfertegt soll sinn, datt Covidrestriktiounen op der Aarbechtsplaz mam Gesetz vun nächster Woch nach verschäerft solle ginn. Tëscht der Pressekonferenz iwwert d’Covidgesetz vu leschter Woch an der Ried zur Lag vun der Natioun gëschter leie Welten. Gëschter gouf vum noen Enn vun der Pandemie geschwat, vu sozialer Gerechtegkeet, vun engem gemeinsame Wee, dovun, d’Biergerinnen an d’Bierger an d’Politik anzebannen. A gläichzäiteg gëtt, ganz ouni d’Gewerkschaften oder d’Patronat, un engem Gesetzesprojet geschafft, deen net geimpften Aarbechter soll forcéieren, en Deel vun hirem Geld scho fir Covidtester auszeginn, éier se et iwwerhaapt verdéngt hunn, just fir iwwerhaapt mol dierfe schaffen ze goen! Do gehéiert scho vill Courage derzou, sech mat enger Ried, déi den Titel „Eise Wee. Eist Zil.“ dréit, heihinzestellen, wärend een eigentlech grad amgaangen ass, Politik ze maachen, déi riicht iwwert d’Käpp vun de Leit ewechgeet. An do ass net nëmmen dat neit Covidgesetz e Beispill derfir, mee natierlech och de Verfassungsreferendum, dee vun alle Parteien an de Walprogrammer ugekënnegt ginn ass an de Biergerinnen a Bierger elo awer virenthale soll ginn. Ech hat ee Moment vir, den Owend eng Resolutioun ze deposéieren, wou d’Chamber sech selwer géif opfuerderen, e Verfassungsreferendum an d’Weeër ze leeden iwwert déi véier Texter.
M. Fernand Kartheiser (ADR) An Dir sidd dergéint?
M. Sven Clement (Piraten) Mir hunn aktuell eng Petitioun lafen, an aus Respekt virun de Petitionäre wäerte mer déi Resolutioun haut nach net deposéieren. Ech bleiwen awer derbäi, datt mer genau
dat wäerte maachen, soubal déi Petitioun ofgeschloss ass.
M. Fernand Kartheiser (ADR).- Dierf ech eng Fro stellen?
M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance.- Jo, selbstverständlech dierft Der.
M. Sven Clement (Piraten) Ech huelen och dem Här Kartheiser seng Fro un, wa se net vu menger Zäit ofgeet.
M. Fernand Kartheiser (ADR).- Jo, Här Clement, villmools merci. Ech freeë mech iwwer Är nei Positioun, wat de Referendum ugeet. D’ADR hat eng Motioun hei oder eng Resolutioun an der Chamber tabléiert, wou mer eebe genau de Referendum gefrot hunn. A wann ech mech gutt erënneren, haten d’Piraten dergéint gestëmmt oder sech enthalen. Duerfir freeën ech mech iwwer Är nei Positioun. Ech wollt Iech just froen, wéi war dann d’Positioun bis elo iwwert de Referendum? Firwat hutt Der eis deemools net ënnerstëtzt? A firwat hutt Der Är Meenung geännert? Merci.
M. Sven Clement (Piraten) Also ech kann dat ganz einfach soen, well ech et och deemools begrënnt hunn, firwat mer eis enthalen hunn: Et war zu deem Zäitpunkt ze fréi, well mer u sech nach e leschte Fonken Hoffnung haten, datt déi aner Parteie sech géifen um Rimm rappen. Mee heiansdo – mir si jo déi, déi gäre Vorschusslorbeere ginn, mir hu jo och emol schonn eng Kéier eng Regierungserklärung matgestëmmt – weist sech, datt déi Vorschusslorbeeren net ëmmer verdéngt ware vun deenen, déi se kruten. Bon. Mee fir de Biergerinnen a Bierger awer trotz dem feelende Referendum dann awer zumindest e bëssen d’Gefill ze ginn, dach awer matschwätzen ze kënnen, soll elo op en – ech zitéieren de Premier – aussergewéinlechen“ Outil zréckgegraff ginn: op de Biergerrot. Wéi aussergewéinlech esou e Biergerrot elo tatsächlech ass, stellen ech elo mol einfach an de Raum. Ëmmerhi gëtt et am Ausland schonn där Biergerréit an och mir Piraten hu scho virun iwwer engem Joer eng Gesetzespropos iwwer esou e Biergerrot hei deposéiert. Den Avis vun der Regierung war iwwregens dozou, datt se keen Interêt an esou engem neie participativen Outil géif gesinn. Wéi sech awer och bei der Regierung heiansdo d’Meenung ännere ka mat e bëssen Drock! Mee egal wéi, mir freeën eis natierlech elo, datt d’Regierung, nodeems se eis Propos am Ufank kategoresch ofgeleent huet, dann elo awer den Notze vun dëse participative Foren erkannt huet. Firwat d’Regierung de Biergerrot awer elo grad am Beräich vun der Klimapolitik wëllt asetzen, dat ass mer net kloer. Wann et ee politescht Feld gëtt, léif Kolleeginnen a Kolleegen, an deem d’Gesellschaft an de vergaangene Joren hiert Uleies méi wéi däitlech artikuléiert huet, dann ass dat jo awer wuel den Ëmwelt- a Klimaschutz! Ausser an aarbechtsrechtleche Froen ass et dat gesellschaftlecht Feld, wou déi meeschte Leit an deene leschte Joren op d’Strooss gaange sinn, all Generatioune confondu. Méi wéi eng Kéier sinn déi Jonk mat hire Fuerderungen op d’Strooss gaangen an d’Ëmweltverbänn an d’ASBLen hu Lëschte voll Punkten, déi drop waarden, zugonschte vu Klima an Natur ëmgesat ze ginn. Ëmmer erëm heescht et da vusäite vun der Regierung a Richtung vun den Aktivisten: „Mir héieren Iech! Mir wäerten aktiv ginn!“ Mee amplaz dann elo endlech aktiv ze ginn a wierklech eppes ze maachen, soll elo mol nach e Biergerrot geschaaft ginn, fir nach eemol, an aller Rou, genee ze kucken, wat d’Biergerinnen an d’Bierger iwwerhaapt wëllen. Ma hu mer hinnen dann elo déi lescht Joren nogelauschtert oder net? Ech si sécher dee Leschten, dee sech heibanne géif géint e Biergerrot ausschwätzen. Ech hunn och guer näischt dergéint, esou e Rot, dee sech mat Klimapolitik beschäftegte soll, anzesetzen. Mee dobäi muss et ëm méi goe wéi Scheinparticipatioun an et muss séier goen. Mir wëssen et alleguerten: Wat d’Klimapolitik ugeet, ass et net fënnef vir zwielef, mee et ass fënnef op zwielef. D’Äerderwäermung ass net méi réckgängeg ze maachen, mee just nach, esou gutt et geet, ze limitéieren. Ob et do de richtege Moment ass, e Biergerrot anzesetzen, fir d’Mënschen ze froen, wat si da mengen, datt mer solle maachen, wärend si eis scho säit Jore riicht an d’Gesiicht jäizen, wat se wëllen? Ech weess jo net 2030 ass net einfach iergendeng Zwëschenetapp um Wee zur Rettung vum Klima, déi dann iergendwann 2050 soll méi reell ginn. Dat ass ze spéit! Wa mer net endlech handelen, ma dann hu mer de Moment verpasst! Mir kënnen eis gären eis Zuele schéischwätzen an eis eppes drop abilden, datt mer eis erneierbar Energië verduebelen oder verdräifachen. Mee wa mer éierlech sinn, dann ass dat dach och just méiglech, well eis Zuelen esou kleng sinn, datt dat och zimmlech einfach geet. Wann ech just ee vun zéng Punkten an enger Prüfung kréien, muss ech an der nächster jo schliisslech och net wierklech vill besser sinn, fir mech ze verduebelen oder ze verdräifachen. Mee duerchgefall wär ech awer! De Premier huet a senger Ried gemengt, d’Leit wéilten, datt d’Regierung endlech an den nächste Gang géif schalten, wat d’Klimapolitik ugeet. An duerfir solle jo elo och méi Diecher vun ëffentleche Gebaier mat Fotovoltaikanlagen ausgerüst ginn. An dat ass eng Mesure, déi ech voll a ganz ënnerstëtzen an déi och schonns laang vun de Piraten gefuerdert gouf. Mee eigentlech misst de Premier awer och genee wëssen, datt et beim Klima- an Ëmweltschutz eeben net drëms geet, ëmmer nëmme weider no uewen an den nächste Gang ze schalten, mee ganz am Contraire, datt et drëms geet zréckzeschalten. Méi gréng Energie ze produzéieren, ass gutt. An d’Piraten hunn duerfir jo och de Sunergy proposéiert an hirem Programm, dee virgesäit, datt de Staat net nëmmen op sengen eegenen Diecher soll Solaranlagen ubréngen, mee och op den Diecher vu Privatleit, déi dëst wëllen.
D’CO2-Emissioun ze kompenséieren, ass och gutt. Ech hunn dat schliisslech och selwer schonns hei proposéiert an enger Motioun, wéi et nach geheescht huet, datt dat fir déi heite Regierung net
méiglech wär. Bref, et ass méiglech. Mee op d’Brems ze trëppelen an iwwerhaapt manner Energie ze verbrauchen, wär besser. A jo, och ech weess, datt Verzicht näischt Attraktives ass. Mee sou ass et nun awer mol. Wa mer d’Äerderwärmung op e Minimum wëlle reduzéieren an d’Aartestierwe stoppe wëllen, da musse mer op d’Brems trëppelen. Mir kënnen net weider esou iwwert eise Planéit hierfale wéi bis elo – och net, wa mer fir d’Ausbeutung vun der Äerd just erneierbar Energië géifen notzen. Mir alleguerte wäerten eise Liewensstil mussen upassen an eng Hand mat upaken, wann et drëms geet, d’Wunnen an den Transport méi klimafrëndlech ze maachen. Selbstverständlech sollen dobäi déi Persounen, deenen et elo schonns un allen Ecken an Enner feelt, awer net nach zousätzlech finanziell belaascht ginn. Dat huet de Premier jo gëschter och selwer gesot. A jo, et goufen, och iwwert d’Klimapolitik eraus, eng ganz Rei sozial Mesuren ugekënnegt, déi souwuel den Erwuessene wéi och de Kanner zegutt kommen. Datt de Mindestloun elo schonns véiermol no uewen ugepasst ginn ass an trotzdeem ëmmer nach net un déi héich Liewenskäschten an eisem Land ugepasst ass, ass dobäi a mengen Aen awer näischt, mat deem ee sech ze vill bretze sollt. Wär et eemol zu enger anstänneger Erhéijung komm, hätt een duerno vläicht net esou heefeg erëm missen nobesseren. D’Piraten begréisse selbstverständlech awer all Erhéijung vum Mindestloun, egal wéi kleng se dann ass, genee wéi och d’Erhéijung vum REVIS, der Allocation de vie chère an d’Reindexéierung vum Kannergeld. All Drëps op e gliddege Steen ass besser, wéi keng Drëps op de gliddege Steen an nach Feier drënner ze maachen. Mee trotzdeem geet et net duer. Duerfir fanne mer och déi nei Mesure, déi et de Kanner aus Familljen, deenen et finanziell net esou gutt geet, soll erméiglechen, mëttes an der Schoul fir näischt kënnen ze iessen, exzellent. A mir freeën eis och, datt d’Museksschoulen an de Sport fir all Kand solle méi accessibel ginn. Och gratis Maisonrelaise kléngen um Pabeier an an dem geschwatene Wuert hei op der Tribün exzellent. D’Fro ass just: Wou sinn déi Maison-relaisen? Wou sinn d’Sportveräiner, déi déi Kapazitéiten hunn, fir all déi motivéiert Kanner elo opzefänken? Well gratis Maison relais dat ass och en Engagement, datt och jiddereen eng Plaz an der Maison relais kritt. A
souwäit ech dat weess, ech kucken hei eng Kéier esou an déi Gesiichter vun de Gemengepäpp a Gemengemammen heibannen, an ech hunn dat gëschter och bei der Ried gesinn: Do war e bëssen Entsetzen an den Aen opkomm, wéi se realiséiert hunn, datt gratis Maison relais, an domadder quasi en Urecht an der Maison relais, bedeit, datt vill méi Maison-relaise musse gebaut ginn, Personal muss rekrutéiert ginn, fir deene Kanner eng Plaz ze schafen, fir datt se kënnen dervu profitéieren. Et ass schéi gesot: „Et ass gratis!“, mee wann een net dervu profitéiere kann, dann ass et schéin, wann et gratis ass, mee et huet een näischt dovunner. Datt dës punktuell Mesuren also elo awer gebraucht ginn, fir doriwwer ewech ze tréischten, datt et net zu enger grousser Steierreform komme
wäert, ass méi wéi bedauerlech. Mir wësse ganz genee, datt eisen aktuelle Steiersystem net gerecht ass, datt verschidde Liewensmodeller par rapport zu anere ganz offensichtlech benodeelegt ginn. An trotzdeem soll elo einfach esou weidergemaach gi wéi bis elo. D’Ongerechtegkeete vis-à-vis vun Elengerzéienden a Wittleit ginn einfach ignoréiert. Et huet ee bal d’Gefill, datt dës Regierung, déi ugetruede war, fir gesellschaftlech Verännerungen ze huelen, fir deene gesellschaftleche Verännerunge Rechnung ze droen an alle Gesetzer, déi – an dat ginn ech gären zou grouss sozial Reforme gemaach huet am Sënn vun Unerkennung vu Minoritéiten, déi Trennung vu Kierch a Staat ugepak huet, dorunner
scheitert, d’Trennung vu Kierch a Staat am Steiersystem hinzekréien.
Da kommt, mir vergiessen net, datt den aktuelle Steiersystem dorobber baséiert, wat d’Kierch als ideal Famill gesäit, an net op deem, wat haut gelieft gëtt. An duerfir ass et ëmsou méi schlëmm, datt grad dës Regierung, déi déi historesch Chance hat, elo an aacht Joer a warscheinlech och an deenen nächsten zwee Joer et net fäerdegbréngt, mat dësen Ongerechtegkeeten, déi historesch verschold sinn – net vun der Regierung just virdrun, mee historesch verschold sinn -, mat deenen opzeraumen. Déi punktuell Saachleeschtungen, déi gëschter ugekënnegt goufen, ginn net duer, fir déi aktuell Ongerechtegkeeten auszegläichen. Eppes Weideres, wat mech – a warscheinlech och vill aner Familljen zu Lëtzebuerg – gëschter besonnesch frappéiert huet, war dem Minister seng Ausso, datt sech zu Lëtzebuerg kee méi tëscht Famill a Beruff misst entscheeden. A jo, dat stëmmt! Mee net, well dës Regierung esou fantastesch derfir gesuergt huet, datt ee Famill a Beruff suergen- a
stressfräi ënner een Hutt kritt. Nee, hei am Land musse ganz einfach vill Eltere sech net méi entscheeden, ob se léiwer schaffe ginn oder bei de Kanner wëlle sinn, well de Staat mat senger sozialer Logementspolitik dëse Choix scho fir si gemaach huet. Et muss kee sech méi entscheeden, well just nach eng Optioun a Fro kënnt: an zwar déi, zu zwee schaffen ze goen. Ob eigentlech ee vun den Eltere gäre wéilt bei senge Kanner bleiwen, spillt guer keng Roll – onofhängeg, ob Mann oder Fra. Wann een hei am Land wëllt iwwert d’Ronne kommen, da muss een zu zwee schaffe goen, wann een net grad e gléckleche Groussverdénger, Rentier oder Ierwen ass.
Mir schwätzen oft dervun, wéi schwéier et fir Elengerzéiender ass, mat hire Kanner iwwert d’Ronnen ze kommen. Ma wéi schwéier wär et dann, zousätzlech zu sengem Kand mat nëmmen engem Salaire
och nach fir e Partner opzekommen? Dat ass fir déi ganz grouss Majoritéit vun de Familljen einfach net méi méiglech. Déi vill Saachleeschtunge vun der Regierung ginn ëmmer nëmmen an eng Richtung: Si komme just deenen Elteren zegutt, déi schaffe ginn. D’Kanner mussen ëmmer méi an ëmmer méi laang an d’Crèche an an d’Maison relais, wou de Staat fir hir Prise en charge vill Suen ausgëtt. Mee wie seng Kanner selwer wëllt versuergen an dem Staat jo domat géif Sue spueren, dee kritt näischt oder ganz wéineg. Dat fanne mir Piraten net gerecht an och net am Sënn vum Wuel vum Kand. Mir fuerdere säit laangem, datt een den Elteren hei e richtege Choix muss loossen: Wie seng Kanner léiwer selwer wëllt versuergen an duerfir net vun der staatlecher gratis Kannerbetreiung wëllt profitéieren, dee misst de Montant, dee mir als Allgemengheet fir déi Kannerbetreiung virgesinn hunn, kënnen ausbezuelt kréien. Dat géif de Staat keen Cent méi kaschten a ville Familljen awer eng Méiglechkeet ginn, fräi kënnen ze entscheeden, ob si zu zwee wëlle schaffe goen oder ob nëmmen ee vun hinne wëllt schaffe goen – oder an engem ganz flexibelen anere Modell. Well dat ass Fräiheet!
(Brouhaha) Datt vill Familljen ouni staatlech Ënnerstëtzung zu Lëtzebuerg just nach iwwert d’Ronne kommen, wann déi zwee Elterendeeler schaffe ginn, läit virun allem och un de Logementspräisser, déi säit Joren duerch de Plaffong ginn, ouni datt de Staat deem eppes entgéintzesetzen hätt. Ech fille mech ëmmer erëm e bësse wéi an „Und täglich grüßt das Murmeltier“: An all Ried zur Lag vun der Natioun, an all Budgetsvirstellung, an all Chambersessioun, all Nationalfeierdag schwätze mer dervun, datt de Logementsproblem seriö wär. Et ass e bësse wéi de Klimawandel: Jiddweree seet, datt et seriö ass, mee maachen di mer näischt. Mir bräichten all Joer ongeféier 6.000 nei Wunnengen zu abordabele Präisser, fir der enormer Nofro kënne gerecht ze ginn. A wat hu mer
gëschter héieren? Wann et gutt geet, brénge mer der an den nächste Joren zesummegerechent 8.000 fäerdeg. An dann ass et nach net kloer, wat d’Regierung fir en abordabele Präis hält. Vergaange Projeten, wéi zum Beispill de Projet Elmen, hu jo gewisen, datt och Sozialwunnenge schonn zu vill ze héije Präisser verkaf ginn.
Niewent der staatlecher Offer u bezuelbarem Wunnraum sollen awer och privat Bauträger mat an d’Boot geholl ginn, an den Immobiliemaart als Ganze soll duerch eng Reform vun der Grondsteier esou verännert ginn, datt Spekulatiounen op Bauterrainen an Zukunft hoffentlech der Vergaangenheet ugehéiere wäerten. Grad dee leschte Punkt ass dach méi wéi begréissenswäert: Eng Steier op Bauterrainen, déi bewosst net bebaut ginn a broochleien an enger Zäit, an där Wunnraum dréngend gebraucht gëtt, ass ganz dréngend néideg! Do sinn ech mat der Regierung tatsächlech ganz enger Meenung.
Dépôt d’une proposition de loi par
M. Sven Clement An ech hunn duerfir och iwwert de Summer mat de Piraten zesummen un enger konkreeter Gesetzespropos geschafft, déi ech dann och haut wéilt ofginn.
Wannechgelift, Här President.
M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance.- Merci.
Exposé
M. Sven Clement (Piraten), auteur.- Nodeems mir
gëschter iwwerraschenderweis vum Premier gewuer goufen, datt d’Regierung déi selwecht Iddi verfollegt, hat ech nach kuerz driwwer nogeduecht, meng Propos net méi anzereechen – well et sollt jo
eppes kommen. Mee ech hunn aus der ugekënnegter Steierreform, dem ugekënnegte Verfassungsreferendum, der ugekënnegter Legaliséierung vum Cannabis nawell meng Léiere gezunn. Net alles,
wat d’Regierung esou seet, gëtt och Realitéit. A fir ze verhënneren, datt dat dann och an dësem wichtegen Dossier ka geschéien, hunn ech dann och haut eis Gesetzespropos matbruecht. Wann den Text vun der Regierung dann iergendwann tatsächlech sollt virleien – man bemerke den Konjunktiv -, sinn d’Piraten natierlech méi wéi gewëllt, och un dësem konstruktiv matzeschaffen. Mee falls et nach laang géif daueren, kéinte mir als Chamber op Basis vun eisem Text jo och eis eege Responsabilitéiten huelen. Ech wëll elo hei net ze wäit op dës Gesetzespropos agoen, mee loosst mech awer kuerz ëmräissen, wéi d’Piraten sech dës Steier virstellen. Mir proposéieren eng Steier, déi a Fonctioun vun der Gréisst vum Terrain an de Joren, déi den Terrain net bebaut gëtt, no uewen zouhëlt. Esou solle Persounen decouragéiert ginn, Terrainen iwwer länger Zäit broochleien ze loossen. Wuelbemierkt geet et hei nëmmen ëm Terrainen, déi an enger Zon leien, déi geduecht ass, fir bebaut ze ginn. Natierlech soll
kee besteiert ginn, deen en eidelen Terrain an enger Gréngzon besëtzt. Dat wär absurd. Gläichzäiteg wëlle mer Privatleit, déi en Terrain fir hir Kanner kafen an esou laang net bebauen, bis d’Kanner al genuch sinn, fir eleng kënnen ze wunnen, natierlech och net bestrofen. Duerfir gesäit dësen Text och vir, datt all Persoun 8 Ar einfach esou an dann nach eemol 8 Ar zousätzlech pro Kand ka
steierfräi besëtzen. Dat ass méi wéi grousszügeg. Ech kennen a mengem perséinlechen Ëmfeld keen, deen ënnert där heiter Steier misst eppes bezuelen a jiddweree kéint senge Kanner weiderhin en Terrain verierwen, fir drop ze bauen, wann en dann
d’Chance hat, dat ze hunn. Mee alles, wat doriwwer erausgeet, ënnerläit dann der proposéierter Steier. Méi wäit wëll ech awer elo
net op eisen Text agoen. Mir wäerte jo sécher nach genuch Geleeënheeten dozou kréien, wann en an der Kommissioun diskutéiert gëtt.
7898 – Proposition de loi visant l’exploitation des
terrains à bâtir à des fins d’habitation
Débat sur la politique générale sur l’état de la nation (suite)
Débat (suite) Ech wëll mam Rescht vu menger Riedezäit nämlech
nach op eng Rei aner wichteg Punkten agoen. An dorënner ass och ganz besonnesch den Drëtten Alter. Eis eeler Matbiergerinnen a Matbierger sinn, wéi mer alleguerte wëssen, vun der Pandemie ganz besonnesch staark getraff ginn. Déi tragesch Ëmstänn aus den Alters- a Fleegeheemer hunn eis alleguerte beweegt a mir hunn och méi wéi eng Kéier hei am héijen Haus, oder deemools nach am Cercle, iwwert dëst Theema geschwat. Ëmsou méi erstaunlech fannen ech, datt d’Regierung an dësem wichtegen Domän net méi opzeweisen huet wéi en Outil fir eng besser Präistransparenz, déi – säit Joren annoncéiert – nach ëmmer net do ass, an eng Augmentatioun vun der Unzuel vun de Better. Do hat ech mer wierklech méi erwaart! Ech hat gehofft, datt dës Pandemie eis zu engem wierklechen Ëmdenken an dësem Beräich géif
beweegen. Mir brauchen dréngend e breeden Discours iwwert
d’Dignitéit vum Mënsch am Alter. Déi grouss Majoritéit vu Fleege- a Gesondheetspersonal gëtt all Dag hiert Bescht, fir de Bewunner an den Alters- a Fleegeheemer e confortabelt Doheem ze bidden. Mee
souguer hir Aarbecht geet net duer, fir géint d’Isolatioun vun deene villen ale Leit virzegoen. Wann d’Personalschlëssele knapp sinn an d’Minutte vun der Assurance dépendance esou just duerginn, fir eemol duerch d’Zëmmer ze huschen, de Resident séier ze wäschen, éier ee scho beim nächste muss sinn, dann ass et ganz schwéier, de Mënsche mat hire Besoinen an eventuellen Ängschte wierklech gerecht ze ginn. Do kann een dem Personal awer näischt virwerfen, wuel awerder Regierung, déi hei d’Wirtschaftlechkeet iwwert de Mënsch stellt. Duerfir musse mer vill méi breet un de Sujet vum Drëtten Alter erugoen, wéi just iwwer eng Augmentatioun vun der Unzuel vun de Better ze schwätzen.
Dépôt d’une proposition de loi par
M. Sven Clement
Exposé
Eng kleng Pist wär iwwregens och, an dat huet och d’CSL proposéiert, de Reajustement weiderhi bei de Pensioune gëllen ze loossen, esou wéi d’CSL dat, mengen ech, och alle Parteien kommunizéiert huet. Duerfir, Här President, hunn ech hei nach eng Proposition de loi, déi deem géif Rechnung droen.
7899 – Proposition de loi modifiant les articles
219bis, 223, 225bis du code de la sécurité sociale
Débat sur la politique générale sur l’état de la nation (suite)
Débat (suite) Och wat d’Integratioun vu Persoune mat Handicap
ugeet, muss nach villes verbessert ginn. Nach vill ze oft liewen och Mënsche mat engem Handicap a Strukturen, vum Rescht vun der Gesellschaft isoléiert, well hinnen d’Participatioun esou schwéier
gemaach gëtt. Kucke mer nëmmen den Adapto: Aktuell sinn zu
Lëtzebuerg nëmmen 13 % vun de Busarrête behënnertegerecht – 13 %! Mir si Signataire, mir hunn d’UN-Behënnerterechtskonventioun ratifizéiert, mir hu grouss Campagnë gefouert, datt Lëtzebuerg, elo
wou mer déi Konventioun ratifizéiert hätten, eppes géif maache fir Leit mat Behënnerung, datt se inkludéiert wären an eisem Liewen. Fakt ass: 13 % vun de Busarrête si behënnertegerecht. Wie Pech huet a bei deene 87 anere Prozent wunnt jo, deen huet Pech! Anescht kann een et net soen. Wat maache mer dogéint? Wéineg bis guer näischt! Den Adapto-Service ass fir vill Persoune mat Handicap also den eenzege Wee, fir sech ze deplacéieren, an trotzdeem limitéiere mir d’Trajeten.
(Interruption)
Jo jo, et ass zum Deel Gemengekompetenz, mee de Staat kann awer dann de Gemengen déi néideg Moyenen zur Verfügung stellen an de Gemenge soen: „Dir musst, wann Der eng Strooss oprappt an déi meescht sinn op Staatsstroossen, „ma hei, Dir kritt keng Geneemegung, fir déi Staatsstrooss opzerappen, wann dee Busarrêt net nei gemaach gëtt.“ Et huet ee Moyenen, wann ee se wëllt notzen.
D’Fro ass just, ob een et eng Prioritéit mécht, fir eebe Leit mat Behënnerung ze inkludéieren, oder net. An trotzdeem limitéiere mir d’Trajeten, déi ee pro Persoun mam Adapto zegutt huet. Firwat a mat wat fir engem Recht? Mir limitéieren den ëffentlechen Transport fir Persounen ouni Handicap jo och net op eng bestëmmten Unzuel vu Faarten. Wa mer an de Bus oder an den Tram klammen, musse mer jo
keen Ticket méi knipsen, wou gezielt gëtt, ob mer eis 360 Trajete vum Joer nach net erof hunn. Wien den Adapto hëlt, däerf 360-mol d’Joer fueren. Allezretour heescht dat, datt ech nëmmen all zweeten
Dag eppes däerf maachen. De Rescht vun der Zäit 50 % vum Joer sinn ech doheem agespaart. Dat ass Inklusioun vun dëser Regierung!
Hei hätt ech mer wierklech eng Adaptatioun erhofft; eng Adaptatioun, déi fir d’Gläichstellung vu Persoune mat an ouni Handicap dréngend noutwendeg wär.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech muss esou lues zum Schluss kommen, mee net ouni nach op en allerlescht Theema wëllen anzegoen, wat eis alleguerten an all Alters- a Gesellschaftsschichte betrëfft: d’mental Gesondheet. Och de Premier ass gëschter op dat wichtegt Theema agaangen an och mir an der Chamber hate
schonns deen een oder deen aneren Debat zu dësem ganz zentralen Theema. An eigentlech si mer eis iwwer all d’Bänken hei eens gewiescht: Der mentaler Gesondheet muss méi Opmierksamkeet geschenkt ginn a Behandlunge bei engem Therapeut musse vun der Krankekeess rembourséiert kënne ginn. Mir sinn eis eens, an et geschitt awer näischt, well d’CNS an d’Federatioun vun den Associatioune vun den Therapeuten hei säit Jore keen Accord fannen. Duerfir geet deen Dossier einfach net virun. Mee dat kann een dach dann net einfach esou am Raum stoe loossen! Do kann d’Regierung sech jo net einfach op de concernéierten Acteuren ausrouen an alles op si schiben. Wann et op deem bis elo gewielte Wee net weidergeet, da muss ee vläicht aner Piste wielen.
Wärend der Pandemie si weltwäit d’Zuele vu Persounen, déi sech wéinst Problemer aus dem Beräich vun der Santé mentale a Behandlung beginn hunn, an d’Luucht gaangen. D’Zäit drängt, mee Lëtzebuerg kënnt mat de Remboursementer net vum Fleck. Dat kann einfach net sinn! Hei muss d’Regierung endlech Responsabilitéiten iwwerhuelen. D’Mënsche brauchen Hëllef, déi bezuelbar ass. An
dat zielt net nëmme fir Persoune mat Depressiounen, mat Burnout oder anere mentale Krankheeten, un déi ee bei dësem Sujet vläicht als éischt denkt. Jo, dat zielt och fir Persoune mat Suchterkrankungen. Jo, och Suchterkrankungen zielen zum Domän
vun der Santé mentale. Doru soll een och denken, wann een déi nächste Kéier nees vun der Sécherheet op der Gare schwätzt an dovunner, wéi een déi Leit do fortkritt. Heiansdo hunn ech d’Gefill, datt vergiess gëtt, datt dës Leit och Mënsche sinn; Mënschen, déi Hëllef verdéngt hunn, déi Hëllef brauchen. Well kee verbréngt säi Liewen op de Stroosse ronderëm d’Stater Gare, well et do esou schéin ass. Mir hunn eng schéin Haaptstad, verstitt mech net falsch, mee sou schéi sinn d’Stroosse ronderëm d’Stater Gare net, datt een do wëllt säi Liewen ënner fräiem Himmel verbréngen. Och déi Leit brauchen Hëllef. Eng anstänneg Prise en charge kéint se vun der Strooss erofhuelen an och hir Sucht kéint behandelt ginn. Mat enger fréizäiteger Behandlung vu Suchterkrankungen an anere mentale Krankheeten, och am Kader vu Komorbiditéiten, kéint een och zum Deel verhënneren, datt d’Liewe vu verschiddene Mënschen esou aus de Foue geréit, datt se iwwerhaapt an den Drogen oder op der Strooss landen. Och dës Mënsche gehéieren zu eiser Natioun, iwwert déi mer gëschter geschwat hunn, an hunn et verdéngt, gesinn ze ginn. Si ënnersträiche vläicht just net dat idyllescht Bild vu Lëtzebuerg als Erfollegsmodell, mat villem Gréngs ronderëm, mat doucer Musek am Hannergrond, mat enger Dron, déi iwwert de Palais flitt, oder engem bloen Himmel an de Wäibierger mat engem roude Fuedem, deen derduerch zitt. Mee och si si Lëtzebuerg. D’Lag vun enger Natioun bestëmmt sech net just duerch hir grouss Erfolleger, mee se bestëmmt sech doduerjer, wéi ee mat deene Schwächsten an enger Gesellschaft ëmgeet. An do, léif Kolleeginnen a Kolleegen, Här President, hu mer nach ganz vill opzehuelen.
Ech soen Iech Merci.