Débat suivant la déclaration gouvernementale sur l’avis complémentaire du groupe ad hoc d’experts sur l’instauration d’une obligation vaccinale contre la Covid-19

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, anescht wéi d’Experten et recommandéiert hunn, wäert dëse Summer
keng Impfflicht fir Persounen iwwer 50 Joer kommen.
Dat ass also elo déi iwwerraschend Positioun vun der
Regierung, déi virun der Publikatioun vun de Recommandatiounen nach gesot hat, datt se grad deen
Expertenavis wéilt consideréieren an op dee wéilt
waarden, fir dann deen ze suivéieren an dat als Entscheedungsgrondlag ze huelen. U sech kéint een
haut der Regierung oder zumindest dem Staatsminister eng Goldmedail am Zréckrudderen offréieren.
(Interruption)
Well genau dat ass hei geschitt: Am Januar dat Eent
als alternativlos proklaméiert an haut genau dat
nämmlecht, jo, erëm ofgemellt, kéint ee bal soen.
Haaptgrond, fir elo awer keng Impfflicht anzeféieren,
ass der Regierung no d’Onsécherheet, déi mam Virus
a senge ville Variante verbonnen ass, an e rezenten –
et muss rezent sinn – Zweifel dorunner, ob eng Impfflicht iwwerhaapt eppes géif bewierken.
Mir wëssen haut net, wéi enger Variant a wéi engen
héijen Infektiounszuele mer am Hierscht, am Wanter
géintiwwerstoe wäerten. Wéi solle mer do wëssen,
ob eng Impfflicht néideg an domat gerechtfertegt
ass? A kann ee wierklech dovunner ausgoen, datt
Persounen, déi méi Angscht virun der Impfung wéi
virum Virus hunn, sech fräiwëlleg wäerten impfen,
wann et bis eng Impfflicht gëtt? Alles eigentlech keng
nei Froen, mee iergendwéi hu se entre-temps bei der
Regierung eng nei Gewiichtung kritt.
Fir eis waren dës Froen awer schonn ëmmer zentral
an duerfir ware mer och am Wanter schonns géint
eng Impfflicht. Mir haten d’Fro vun der Impfflicht
deemools bekannterweis och eise Memberen zum
Vott virgeluecht. An och do huet sech eng kloer Majoritéit géint eng Impfflicht ausgeschwat. Elo am Summer bleiwe mer also bei eiser Positioun, an zwar net,
well mer mengen, d’Impfung wär onnëtz, mee well
mer net mengen, datt een den Impftaux mat enger
Impfflicht an d’Luucht dreiwe kann.
D’Erfarungen aus dem Ausland weisen, datt Mënschen, déi sech net wëlle géint de Covid impfe loossen, sech majoritär och net dann impfen, wann eng
Impfflicht agefouert gëtt. An et gi souguer Etüden,
déi sech mat enger Impfflicht géint d’Riedele beschäftegt hunn, déi weisen, datt Mënschen den Impfstoff,
wann en obligatoresch ass, éischter ofleenen an
éischter fir geféierlech halen, wéi wann d’Impfung
fräiwëlleg ass. D’Vertrauen an d’Institutiounen!
Dat ass sécher net dat, wat ee sech als Gesetzgeeber
vun enger Impfflicht géif erhoffen. De Premier hat
also Recht, wéi e gëschter sot, datt eng Impfflicht
just dann en Erfolleg ka sinn, wa se vun enger breeder Majoritéit vun der Bevëlkerung gedroe gëtt, dat
heescht, wann e gesellschaftleche Konsens besteet,
datt ee sech soll impfen, well sech da jo souwisou
jidderee fräiwëlleg wäert impfen. Da stellt sech eebe
just d’Fro, firwat een dann iwwerhaapt nach eng
Impfflicht brauch, wann d’Leit sech jo grad fräiwëlleg
impfen, well et jo e Konsens gëtt.
Dir gesitt, dat geet hei e bëssen am Krees. De Problem vun der Impfflicht ass also deen: Wa vill Leit
sech net wëllen impfe loossen, schéngt eng Impfflicht
zwar sënnvoll ze sinn, mee d’Praxis weist, datt se den
Impftaux awer net hieft, well d’Leit léiwer d’Strofen
akzeptéiere wéi eng Impfung ze kréien, där se net
trauen. A wa vill Leit sech wëllen impfe loossen, majo,
da brauch et keng Flicht. D’Impfflicht ass an deem
engen Zenario also wierkungslos an an deem aneren
onnéideg.
Eng Impfflicht schéngt also a kengem Fall zilféierend
ze sinn, an dat werft elo natierlech Froen op, wann et
drëms geet, eeben déi Texter ze preparéiere fir eng
eventuell Impfflicht fir de Wanter.
Prinzipiell ass et jo net schlecht, virbereet ze sinn. An
dofir hätte mer sécher näischt dergéint, wann d’Regierung schonns Texter géif preparéieren. Et wonnert
mech dann hei awer erëm, datt dat nach ëmmer net
gemaach gouf. Mir kruten ursprénglech gesot, am
Abrëll wären d’Texter do. Ech hunn eng Kéier rezent op
de Kalenner gekuckt …
(Interruption)
Här Bausch, „Jo, se sinn do.“ Mir kréien allkéiers vun
der Regierung gesot: „D’Texter sinn do, d’Texter sinn
do.“ Dës Chamber als Legislateur huet déi Texter nach
net gesinn an dat net am Abrëll, net am Mee, net am
Juni, net am Juli bis elo. An domadder sinn d’Texter
fir d’Chamber net do. Se sinn net vun der Regierung
deposéiert. An deementspriechend kënne mer net op
engem konkreeten Text diskutéieren. Mir diskutéieren…

M. Sven Clement (Piraten) | Jo, e ka mer gären eng
Fro stellen.

M. Sven Clement (Piraten) | Här President, ech hu jo
gären dem François Bausch d’Méiglechkeet ginn, eng
Fro ze stellen. Ech hu just hei keng Fro héieren.
M. François Bausch, Vice-Premier Ministre | Sidd
Dir der Meenung, datt een en Exposé des motifs ka
schreiwen, nëmmen op Basis vu seriöen Donnéeën
an Daten, déi een huet? Well dat ass jo d’Justifikatioun, fir datt een herno am Artikel dra schreift, datt
een d’Impfflicht eventuell géif aféieren.
M. Sven Clement (Piraten) | Also ech sinn der Meenung, datt de Premierminister am Januar oder am
Februar e ganz kloren Exposé des motifs ginn huet
fir d’Positioun, déi hien deemools hei op der Tribün
ageholl huet. Wann d’Regierung nach ëmmer géif zu
deem stoen, wat de Premier am Fréijoer gesot huet,
dann hätt se dat an den Exposé des motifs kënne
schreiwen an och hei schonn deposéiere kënnen.
Datt sech natierlech elo dem Premier seng Meenung
vu Februar bis Juli esou ëm 180 Grad gedréint huet,
dat ass awer elo net der Chamber hire Feeler gewiescht. Dat heescht, Dir hätt deen Text scho kënnen
am Abrëll deponéieren.
Bon, ech hu just gemierkt, meng Zäit ass weidergelaf,
wärend den Här Bausch geschwat huet.


M. Fernand Etgen, Président | Ech hunn dat gemierkt …


M. Sven Clement (Piraten) | Gutt.


M. Fernand Etgen, Président | … an notéiert.


M. Sven Clement (Piraten) | Wann dësen Hierscht
a Wanter also géif eng ganz schlëmm Covidwell
kommen, wou ganz vill Leit a kuerzer Zäit erëm ganz
schlëmm krank géife ginn, dann ass unzehuelen, datt
d’Leit sech och erëm impfen a boostere wéilte loossen.
Dee Problem hate mer nämlech schonn eng Kéier,
nämlech am Ufank vun der Pandemie. Wéi d’Impfstoffer do waren, hate mer Impfdrängler, e Problem,
dee mer matten an der Pandemie haten a mat de
ganzen Impfverweigerer e bëssen a Vergiessenheet
geroden ass. Mee wann d’Situatioun net gutt ass,
da wëllen d’Leit sech normalerweis och schützen.
An deem Fall bräichte mer also keng Impfflicht, well
d’Impfbereetschaft héich wäert sinn. Dat ass e bëssen … Ech schreiwe quasi den Exposé des motifs.
A wann d’Situatioun net esou eescht ass a wa kee
schlëmme Variant am Wanter zirkuléiert, da stagnéiert den Impftaux zwar vläicht, mee dann ass dat och
an der Rei.
Do stellt sech also d’Fro, op wéi een Zenario sech
mat den Texter zur Impfflicht iwwerhaapt nach virbereet gëtt. Eng Situatioun, an där Mënsche sech
einfach net impfe wëllen, obwuel se alleguerte ganz
schrecklech krank ginn, an awer och net esou staark
géint d’Impfung sinn, datt se sech vun engem Gesetz
géifen iwwerzeege loossen? Ech ka mer deen Zenario
iergendwéi net virstellen.
Ech verstinn all d’Experten an d’Dokteren, déi eng
Impfflicht recommandéieren. Weltwäit weisen d’Etüden, datt d’Impfen hëlleft. D’Iwwerleeung schéngt
also ganz einfach ze sinn, reng wëssenschaftlech:
a) Wann impfen hëlleft, da b) impfe mer einfach jiddwereen an c) de Problem ass geléist. An dat geet
jo am beschte mat enger Flicht, well da muss jo jidderee senger Flicht nokommen. Et schéngt also ganz
logesch ze sinn, ganz einfach, vum medezinneschen
Expertestandpunkt evident: Impfen hëlleft, a wa méi
Leit geimpft sinn, wat besser. Dofir impfe mer jiddweree mat enger Flicht.
Bon. D’Psychologie vun de Mënschen ass awer e bëssen anescht an déi mécht dann och e Stréch duerch
d’Rechnung, well et kënnt eeben, och wann et e Gesetz gëtt, net jiddereen enger Flicht no. Soss géif et
kee ginn, deen ze séier fiert, keen, dee mam Handy
um Steier fiert, an et géifen och eng ganz Rëtsch aner
Contraventiounen net ginn. Et géif och zum Beispill
kee Mord ginn, wa jiddweree sech géif un d’Gesetz
halen.
Mee ganz am Contraire géifen hei souguer Trotzreaktiounen entstoe vu Leit, déi haut schonn eng Impfung
refuséieren, déi dat dann net méi als perséinleche
Choix géife gesinn, mee als politesche Statement.
Mir Piraten denken dofir, datt een hei weider op
d’Sensibiliséierung sollt setzen, well dat deen eenzege Wee ass, d’Persounen, déi am Moment zécken, ze
iwwerzeegen an net mat gesetzlechem Drock ganz ze
verléieren.
An deem Kontext hunn ech et ganz interessant fonnt,
wéi vun den Experte wärend der Presentatioun vun
hirem Rapport ugeschwat ginn ass, datt jo prinzipiell
och all déi Leit, déi haut wéinst hirem Alter als vulnerabel gëllen an nach net geimpft sinn, en Hausdokter
hunn, dee se zanter dem Ufank vun der Pandemie
warscheinlech schonn e puermol gesinn hunn. Krut
hiren Dokter se also net iwwerzeegt? Oder huet e
vläicht näischt gesot?
Ech mengen, datt d’Hausdokteren eng wichteg Vertrauenspersoun duerstellen an hei en zentrale Punkt
ass, wou d’Sensibiliséierungsaarbecht muss usetzen.
Hei kéint d’Regierung gemeinsam mat Hausdokteren an eventuell och mat Psychologen nach Pisten
ausschaffen, wéi eng Doktesch oder en Dokter am
beschte sollt op de Patient duergoen, deen eigentlech e grousse Risk huet a sech awer net impfe wëllt
loossen. Et geet ëm d’Sensibiliséierung.
An da vläicht e leschte Punkt – an da kommen ech
och gläich zum Schluss – ass, datt, wann ee mat Wëssenschaftler zesummeschafft, een net kann dervun
ausgoen, datt déi Aarbecht gratis ass. Well eppes
muss kloer sinn: All d’Experten an d’Wëssenschaftler,
déi un esou engem Projet bedeelegt sinn, ob et Psychologe sinn, ob et Hausdoktere si fir eng Sensibiliséierungscampagne oder ob et d’Experte vun engem
Avis sinn, missten och fir hir Aarbecht entlount ginn.
Datt den Expertegremium vun der Regierung fir
säin Avis keng Entschiedegung erhalen huet, huet,
mengen ech, ganz vill Leit einfach emol iwwerrascht.
Mee et ass an der Wëssenschaft jo üblech, datt d’Leit
schlecht oder net bezuelt ginn. Natierlech ass et
wichteg, datt d’Wëssenschaftlerinnen an d’Wëssenschaftler onofhängeg kënne schaffen. An do ass et
natierlech ni gutt, wann et eng finanziell Ofhängegkeet géif ginn. An awer, wann een eng Etüd an Optrag gëtt, da soll een och dofir bezuelen, well et ka jo
net heeschen, datt Dokteren a Wëssenschaftler elo
just nach gratis hir Aarbecht ubidden. Ech mengen,
datt een hei hätt kënne besser Léisunge fannen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech
kommen zum Schluss. Mir Piraten waren am Wanter
géint eng Impfflicht a mir sinn et och haut nach. Nee,
net wëll mer mengen, datt Impfen näischt bréngt,
mee well eng Flicht eis net weiderbréngt. Amplaz géife
mer weider op Sensibiliséierung setzen anstatt op
Bestrofungen an natierlech d’Aarbecht mat Wëssenschaftler an Experten op Regierungsniwwo weiderféieren – mee just, wann dës och fair entlount ginn!
Ech soen Iech Merci.


M. Marc Goergen (Piraten) | Ganz gutt!


M. Fernand Etgen, Président | Merci, Här Clement.
Erlaabt Der, datt den Här Kersch Iech eng Fro stellt?


M. Sven Clement (Piraten) | Jo, den Här Kersch ka
mer och eng Fro stellen. Also eng Fro, wuelgemierkt,
kee Statement.

M. Sven Clement (Piraten) | Ben, ech mengen, et
war an där nämmlechter Zeitung, déi den Här Bettel
gëschter hei op der Tribün zerrappt huet wéinst der
Gréisst vu Fotoen oder esou.
(Exclamations et hilarité)
Loosst mech awer vläicht op dem Här Kersch seng
ganz … Nee, dat ass eng ganz pertinent Fro. Ech si
perséinlech tatsächlech eng laang Zäit der Meenung
gewiescht, datt Impfflichten an anere Kontexter
tatsächlech sënnvoll kéinte sinn. Ech hunn do un
d’Riedele geduecht.
Ech hunn awer och duerch rezent – bon, dat war
awer och schonn am Januar de Fall – Etüde gesinn,
datt dat eeben net ëmmer zu deem gewënschten Zil
féiert. An ech mengen, ech hunn dat a menger Ried
elo grad developpéiert, datt et eebe grad net zum
gewënschten Zil féiert. An deementspriechend soll
een näischt stëmmen, wat net zu deem Zil féiert, dat
ee wëllt, a wat net proportionell ass. Dat hu mer am
Januar gesot an dat soen ech och haut nach!

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President,
ech hu virdrun, mengen ech, an der Ried kloer gesot,
datt mer och géint d’Impfflicht sinn. Ech hunn an der
Ried awer och eppes anescht gesot, nämlech datt ech
frou gewiescht wär, wann d’Regierung hir Verspriechen agehalen hätt an eis déi Texter och scho gewisen hätt.
Elo eng Motioun hei ze stëmmen, déi d’Regierung
nach eng Kéier invitéiert, eis Texter ze weisen en vue
vun eppes, wat mer u sech net wëllen, kann ech leider
net matdroen. Déi aner dräi Invitten, d’Invitten 2, 3 a
4, fannen eis Zoustëmmung, mee den éischten Invite
geet net, eleng wéinst eiser Positioun zur Impfflicht. An
och da soen ech nach eng Kéier: Ech mengen, datt et
gutt gewiescht wär, wa mer haut hätte kënnen och op
Basis vun Texter diskutéieren an net nëmmen op Basis
vun enger fundamentaler Positioun. Mee nichtsdestotrotz kann ech déi Motioun net matdroen.

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat