Débat d’orientation sur le rap- port d’activité de l’Ombudsman (2021)

M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, léif Om- budsman Madamm Monti, fir d’alleréischt och vun eis Piraten e grousse Merci un d’Madamm Monti an hir Ekipp, dass si de Bierger hëllefen, an och un d’Agente beim Staat oder bei de Gemengen, déi ëmmer d’Si- tuatioun beschtméiglech erklären a léisen.

Den Job vum Ombudsman verdéngt Respekt, déi ganz Ekipp verdéngt Respekt, dofir sinn Affäre wéi déi ron- derëm d’Schenkung vun engem Trottoir, wou d’Mat- aarbechter vun der Madamm Monti leider vernannt gi sinn um Telefon vun engem, dee reklaméiere wollt, och net ze akzeptéieren. Mir fuerderen hei en anstän- negen Ëmgang mat enger Ekipp, déi e ganz wichte- gen Déngscht fir eis Biergerinnen a Bierger leescht. An och Merci dem Jean-Paul Schaaf fir dee gudde schrëftlechen a mëndleche Rapport.

Wéi déi aner Joren och, si mir frou ze gesinn, dass op ville Plaze konstruktiv Léisungen tëscht de Biergerin- nen a Bierger an de Verwaltunge konnte fonnt ginn. Mir gesinn hei nach e bësse Verbesserungspotenzial bei dem Sozialversécherungsministère, wou nëmme 66 % vun de Fäll konnte gekläert ginn. Hei ass nach e bësse Loft no uewen. Et sinn all Joer Problemer ronderëm déi selwecht Servicer, wéi zum Beispill d’Unhuele vun engem S2-Formulaire. Mir Piraten fuerderen hei also, dass vum Ministère eng Strategie kënnt, wéi een et an Zukunft wëllt besser maachen.

Här President, d’lescht Joer hat ech op dëser Plaz eng Resolutioun agereecht, fir d’Recommandatioun vum Ombudsman zu den Etablissements de droit privé ëmzesetzen. Fir eis Piraten ass kloer, dass den Ombudsman och dës Entitéiten, déi mat Steiergelder finanzéiert ginn, muss kënne kontrolléieren. D’Re- commandatioun ass leider nach net ëmgesat. Dat kënne mir Piraten nëmmen nach eng Kéier fuerde- ren, dass et ëmgesat gëtt. A sollt dat net de Fall sinn, brénge mir nach bis zur Summerpaus dës Resolu- tioun nach eng Kéier an d’Plenière fir de Vott, fir dass den Ombudsman hei d’Méiglechkeet kritt, fir och hei am Sënn vun de Biergerinnen a Bierger ze interve- néieren, falls e Problem ass.

Här President, da ginn et nach Fäll, wou d’Mënsch- lechkeet méi muss spillen, wéi zum Beispill am Fall, wou d’Leit ze fréi hir Demande fir d’Allocation de vie chère erageschéckt hunn an dofir e Refus kruten. D’Léisung wier eigentlech ganz einfach gewiescht, de Bréif nach e puer Deeg leien ze loossen. D’Leit, déi dëst Geld dréngend brauchen, dierfen net duerch esou kleng Formfeeler verléieren. Dofir si mir Piraten weiderhin derfir, dass Hëllefe wéi Subventiounen um Loyer an Allocation de vie chère automatesch sollten ausbezuelt ginn, fir dass all d’Leit, déi dës Hëllefen zegutt hunn, och kënne vun dëse profitéieren. Net jidderee mécht eng Steiererklärung an net jidderee gëtt mat den administrativen Demarchen, déi fir esou Hëllefen néideg sinn, eens.

Mir sinn och derfir, dass den FNS och mëttes eng Telefonspermanence mécht, fir dass d’Leit direkt un ee kommen, wa se Hëllef brauchen oder Froen hunn. Et sinn ze vill Leit, déi op den FNS ugewise sinn, an do ginn déi dräi Stonnen den Dag, wou een uruffe kann, net guer.

An déi selwecht Richtung geet et dann, wann d’Inde- pendante keng Hëllefe wärend Covid kritt hunn, well se bei der CCSS net als Independant deklaréiert wa- ren. Och hei hätt de Mëttelstandsministère misse mat senge Leit méi Flexibilitéit weisen, well ëmmerhin geet et hei ëm Leit, déi wärend Covid hirem Beruff just deelweis oder guer net méi konnten nokommen an déi Hëllefen dréngend gebraucht hätten. Et ass duerch d’Faiten um Terrain och einfach festzestellen, ob een Independant oder Salarié ass an deement- spriechend Aiden de Leit da sollen zeguttkommen.

Och krute mir vun der Madamm Ombudsman gesot, dass vill Fäll sinn, wou d’Leit ëmmer erëm Problemer mat der Steierverwaltung haten, déi ganz oft dorop zeréckzeféiere sinn, dass et ënnerschiddlech – ganz fein ausgedréckt – Interpretatioune vum Steierrecht op den eenzele Steierbüroe gëtt. Och nach e Punkt, wou mir als Piraten ganz kloer soen, dass Steierrecht eenheetlech am Land muss interpretéiert ginn an net heiansdo, wéi de Preposé Loscht huet.

Och krute mir hei vun der Madamm Ombudsman ge- sot, dass vill Fäll sinn, wou Leit erëm Problemer haten an déi Richtung, dass erëm Decisioune geholl gi si vu verschiddene Beamten, déi fir de Mediateur an d’Leit net ëmmer nozevollzéie waren. De Fall vun afgha- nesche Matbierger, déi kee BPI-Statutt hei am Land kruten, obwuel d’Taliban hiert Land säit dem August 2021 erëm komplett ënner Kontroll hunn, och dat ass fir eis net akzeptabel.

Et ass jo gutt, dass d’Leit net ausgewise ginn, mee ouni Statutt si se dann erëm an engem loftleere Raum a kënne sech kee Liewen hei zu Lëtzebuerg op- bauen. Si hu keen Urecht op eng Sozialwunneng, eng Aarbecht oder Sozialleeschtungen. Déi Leit mussen zu all Moment fäerten, gesot ze kréien, dass se misste goen. Si hu keng Garantien, keng Sécherheet, an dat schléit natierlech och op d’mental Gesondheet vu Leit, déi souwisou scho Schreckleches matgemaach hunn. Mir Piraten sinn do also absolutt d’accord mat der Madamm Ombudsman, dass dat net esou ka goen.

Dann huet d’Madamm Ombudsman och gefrot, dass si vum Immigratiounsministère sollen en Tablo kréie mat alle Rechter a Flichten, déi zum jeeweilege Per- mis de séjour gehéieren. Do wollt ech dann emol no- froen, wou deen Tablo dru wär.

Här President, da weist och dëse Rapport erëm, dass verschidde Prozedure beim Staat ze laang daueren. Et kann net sinn, dass et aacht Méint dauert, bis een d’Geld vun enger Vëlosprimm kritt oder, wéi mir et opgedeckt haten, vun enger Solaranlag. Et kann net sinn, dass ee muss e ganzt Joer waarde fir seng Aides au logement oder Aides au loyer. Et kann net sinn,

dass ee fënnef Méint laang ouni Chômage muss iw- werbrécke wéinst engem Problem mat enger Autori- sation de séjour. Dat gëllt och fir d’Leit, déi e Recours aleeë géint d’ADEM a wou d’Ausbezuelen da gestoppt gëtt, bis de Recours analyséiert ginn ass. Mat wéi engem Geld sollen déi Leit dann all Mount iwwert d’Ronne kommen?

Hei musse kloer Verbesserungen um Niveau vun der Digitalisatioun kommen, fir d’Mataarbechter beim Staat ze entlaaschten. Déi verschidde Schrëtt an den zoustännege Büroe musse mam Personal zesummen iwwerschafft an digitaliséiert ginn, fir dass och eng gutt Léisung fonnt gëtt, déi um Terrain funktionéiert an déi net iwwer d’Käpp vun de Leit decidéiert ginn ass.

Här President, zum Schluss wëll ech nach op e Fall agoen, dee mech staark bestierzt huet: De Fall vun enger Fra, déi doheem vun hirem Partner geschloen a menacéiert ginn ass, mee dësen net konnt verloos- sen, well si soss hir Openthaltsgeneemegung verluer hätt. Déi Fra ass bei hirem Partner bliwwen, well d’Al- ternativ gewiescht wär, dass si ausgewise gi wär. Dat kann dach net sinn! D’Madamm Ombudsman huet jo erreeche kënnen, dass d’Fra net huet misse bei hirem Mann bleiwen. All Fra an all Mann, déi Affer vun hais- lecher Gewalt sinn, mussen Hëllef ugebuede kréien a mussen eng Wunneng, mat de Kanner inklusiv, fort vun der Gewalt kréien – an dat séier an onkompli- zéiert. Mir brauchen dofir Fraenhaiser an Ulafstellen, wou d’Frae gehollef kréien, an net, wéi an deem hei Fall, dass se nach misse Konsequenze fäerten.

Här President, um Enn vu menger Interventioun soen ech nach eng Kéier Merci fir dëse ganz ausféierleche Rapport vun der Madamm Ombudsman. Et ass im- mens wichteg fir eis, dass mer de Feedback alljoers kréien a mir mussen eis dann als Parlament – an Dir als Regierung – och dëser Saachen unhuelen, Verbes- serungen op de Wee bréngen, fir dass déi Saachen dat Joer duerno net nach eng Kéier hei um Riedner- pult mussen erwäänt ginn.

Merci.

Zesummenhang posts

D’Piraten hu sech iwwert déi lescht Joren fir den TICE staark gemaach mam Ziil, den Erhalt vum ëffentleche Bussyndikat ze garantéieren an eng Privatiséierung
D’Naturschutzgesetz soll d’Natur an d’Ëmwelt schützen an dozou bäidroen, fir eise Planéit an engem gesonden Zoustand ze hannerloossen, deen d’Iwwerliewe vu Mënsch an Déier