Débat d’orientation au sujet de la par- ticipation citoyenne dans l’élaboration des politiques publiques

M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt merci dem Josée Lorsché an dem François Benoy, déi jo zesummen dat ganz wichtegt Theema hei op den Ordre du jour bruecht hunn. An ech mengen, mir sinn eis heibannen alleguerten eens, datt méi Biergerbedeelegung net nëmme wënschenswäert ass, mee an enger Demokra- tie essentiel ass.

Biergerbedeelegung besteet fir eis Piraten net nëm- men doranner, datt mer vun de Leit hei zu Lëtzebuerg an d’Chamber, e Gemengerot oder an aner Gremie

gewielt ginn. Mir Piraten wëllen do vill méi wäit goen, an dat op nationalem wéi och op kommunalem Plang.

Fänke mer also bei de Gemengen un, sou wéi déi meescht vu menge Virriedner dat och an hirer Struk- tur gemaach hunn. Mir Piraten fuerderen, an dat ass net nei, datt d’Gemengerotsëtzungen an och kommu- nal Kommissiounssëtzungen ëffentlech sollte sinn. D’Sëtzunge solle per Livestream online ëffentlech sinn an déi dozougehéireg Dokumenter solle min- destens eng Woch virdrun integral online publizéiert ginn. Duerno sollen déi ganz Inhalter dann natier- lech och op de Sitte vun de Gemenge fir jiddereen zougänglech ginn, well insgesamt missten u sech d’Gemenge vill méi Dokumenter automatesch publi- zéieren.

An ech erënneren ëmmer drun, datt mer eng „Loi sur une administration transparente“ hunn, déi u sech eng Publicité par défaut virgesäit, an dach vill ze hee- feg muss een Informatiounen hannendrulafen. Dat Ganzt soll an den dräi Amtssprooche stattfannen an och vu Persoune mat visuellen oder anere Beanträch- tegunge kënne verstane ginn. Well Biergerinnen a Bierger hunn net nëmmen e Recht dorobber ze wëssen, wat an hirer Gemeng lass ass, si hunn och e Recht drop, déi Informatioun ze verstoen. Well mir kënnen net erwaarden, datt d’Leit sech aktiv abrén- gen, wa wichteg Informatioune fir si einfach net zou- gänglech sinn, net opzefanne sinn.

Da missten eiser Meenung no och méi – an dat gouf och vun deem engen oder anere schonn ugeschwat – Referenden op Gemengenniveau ofgehale ginn.

Ech sinn e bësse méi nuancéiert. Ech mengen net, datt een en Ënnerscheed zwëschent engem Referen- dum an engem Preferendum muss maachen, well Lëtzebuerg huet Erfarung domadder, bei Referenden och méi wéi jo oder nee ofzefroen. Et muss ee just un e Referendum virun 104 Joer denken.

E Gemengerot soll awer grad bei wichtegen Dossier- en a Projeten net einfach eleng entscheeden, wéi sech d’Gemeng laangfristeg verännert, well dës Ver- ännerunge betreffen och alleguerten d’Biergerinnen an d’Bierger.

Mir Piraten setzen eis dofir och fir participativ Bud- geten an: E gewësse Prozentsaz vum Gemengebudget soll de Biergerinnen a Bierger zur Verfügung gestallt ginn, awer och lokal Betriber an Associatioune kënne matbestëmmen, wou dës Moyenen hifléissen. Esou kënnen d’Leit aus der Gemeng direkt an aktiv lokal Ver- ännerunge bewierken.

An e weidere wichtege Punkt wier dann och e Bier- gerrot an d’Biergerversammlungen. D’Leit mussen endlech an der Politick matdiskutéiere kënnen. An och d’Biergerversammlunge sollen de Leit d’Méig- lechkeet ginn, hire Gemengevertriederinnen a -ver- trieder Froe stellen ze kënnen an Iddien, Problemer an Doleancen ze äusseren. Well net jiddereen ass Member vun enger Partei oder huet déi néideg Kon- takter zu Leit aus dem Gemengerot, dem Schäfferot oder dann in fine dem Buergermeeschter.

Dëst sinn einfach Mesüren, déi grad op Gemengen- niveau einfach an onkomplizéiert kéinten ëmgesat ginn, keng Loftschlässer, näischt, wat groussaarteg Gesetzesännerunge brauch, mee Saachen, déi u sech haut all Gemeng scho kéint maachen. An et gëtt Ge- mengen, déi et maachen. An ech applaudéieren ex- plizitt all deene Gemengen, déi esou Mesüre wéi e participative Budget, reegelméisseg a strukturéiert Biergerversammlungen, jo, Biergerréit ëmsetzen. Mee et ass nach laang net all Gemeng, déi et mécht. An dofir ass et och wichteg, datt mir hei vläicht um nationale legislativen Niveau nach eng Kéier driwwer

nodenken, wat ee vläicht nach zousätzlech an d’Ge- mengegesetz schreift. Mir musse vläicht iergend- wann eng Kéier och national déi Verantwortung iwwerhuelen.

Méi Biergerbedeelegung ass och schéin a gutt, mee et gëtt zwee Punkten, déi an dësem Kontext dacks net thematiséiert ginn an déi awer ganz wichteg sinn. An dat betrëfft dann erëm den nationalen Niveau. An och hei gouf et an der Vergaangenheet schonn déi eng oder aner Initiativ, zum Beispill – an et gouf haut ëmmer erëm gesot – de Klima-Biergerrot. Dat war an eisen Aen eng gutt Saach. A mir hoffen, datt eng ganz Rei vun de Mesüren och ëmgesat ginn.

Éischtens ass awer net all Form vu Biergerbedeele- gung, wéi zum Beispill e Biergerrot, fir all Kontext, Debatt oder Zil gëeegent. Anescht formuléiert: Et ass net all Method fir all Zweck gëeegent. Et muss ee sech am Viraus bei jiddwer Sujet erëm nei eng Rei Froe stellen: Wat soll d’Participatioun vum Bierger brén- gen? Wat soll den Output vun deenen Diskussioune sinn? Wéi laang soll den Exercice daueren? A wéi eng Méiglechkeete sollen d’Participanten hunn? Vill Froen also, éier een dat richtegt Format auswiele kann.

E Biergerrot wäert déi national Biergerbedeelegung dann och net pauschal virubréngen, och wann de Biergerrot natierlech eng ganz gutt Saach ass. Dat ass och de Grond, firwat mer eng Proposition de loi de- poséiert hunn, fir esou een no belschem Virbild anze- féieren, déi iwwregens vun der Regierung zumindest mat engem ganz negativen Avis kasséiert gouf.

Et muss eng transversal Prioritéit als Konzept ginn, Léisungen a Formater gëtt et u sech genuch. Et gëtt esou vill Formater, wéi et Experte gëtt, déi sech mat deem Theema auserneesetzen. Mee dat sollt net a priori scho festgeluecht sinn. Et soll net am Viraus, wa mer soen: „Mir wëlle Biergerbedeelegung“, scho festgeluecht ginn: „Mir wëllen dat Format als Bierger- bedeelegung.“ Well, wéi ech virdru sot, mir mussen eis d’Fro stellen: Wat soll et bréngen? Wat soll eraus- kommen? Wéi laang soll et daueren? Wat sollen d’Méiglechkeete vun de Participantë sinn? Stelle mer de Leit Personal zur Verfügung, fir se ze begleeden oder loosse mer se an engem loftleere Raum einfach e bëssen esou wurschtelen an der Hoffnung, datt mer domadder Simulatioun vu Biergerbedeelegung be- driwwen hunn?

Zweetens steet a fält all Exercice mat der Komposi- tioun vun deene Leit, déi sech grad fir en Zweck an engem bestëmmte Format bedeelegen. Eleng d’Offer vun enger Participatioun wäert net derzou féieren, datt sech op eemol vill Leit aschreiwen. Mir gesinn et jo bei de Gemengewalen: Just d’Offer „Dir kënnt Iech aschreiwen“ féiert net automatesch op magesch Aart a Weis derzou, datt d’Leit eis d’Dieren arenne fir mat- zemaachen.

Oft ass et de Moment esou, datt een op Versammlun- gen, Spadséiergäng als Form vun der Bedeelegung oder och a Biergerréit oder Budgetsversammlungen oder PAG-Versammlungen déi selwecht Leit erëm- trëfft, déi een och op anere Plazen erëmtrëfft, déi sech op deenen anere Plazen engagéieren. Ech hunn heiansdo d’Gefill, et ass eng Zäitelitt: Leit, déi genuch Zäit hunn, fir sech anzebréngen, engersäits wéinst den Auerzäiten, wou et ass, anerersäits natierlech well et benevoll ass. An zweetens och, well een natier- lech och muss sech mat deem Theema ausserhalb vun där Reunioun auserneesetzen. Et geet net duer, einfach nëmmen dohinzekommen an nozelausch- teren. Heiansdo muss ee sech jo och preparéieren. An dat ka sech net jiddwereen erlaben, dee 40 Stonnen d’Woch schafft, nach d’Kannerbetreiung muss ënner en Hutt kréien an eventuell nach iergendwou am

mardi 21 mars 2023 13 | 77 Benevolat soll aktiv sinn, wat mer jo och ënnerstët-

zen.

Une voix | Da kommt, mir maachen Aarbechtszäit- verkierzung.

M. Sven Clement (Piraten) | Mir kéinten och vläicht déi Rendez-vousen op Auerzäite leeën, wou et méi Leit méiglech ass dohinnerzekommen. Et kann een driwwer nodenken, wéi een d’Leit och dann do ent- lount, wa se participéieren. Och dat, mengen ech, si Froen, hannert deene mer eis net däerfe verstoppen.

A wann ech d’Klimateame vun de Gemenge kucken, ass dat e bëssen esou eppes, ob Diddeleng oder Déif- ferdeng oder Walfer, et trëfft een u sech ëmmer déi nämmlecht Leit an deenen nämmlechte Gremien. Et si quasi ëmmer Leit, déi souwisou an der Gemeng schonn iergendwou aktiv sinn.

Dofir ass déi essentiel Fro, déi misst thematiséiert ginn: Wéi kréie mer Leit dozou motivéiert, sech ze be- deelegen?

Dat fonctionéiert iwwer kleng Initiativen, iwwer Kom- munikatioun, jo, iwwer Kontakt mat de Leit. Laang- fristeg Engagementer kënnen dann och haut nach eng Barriär fir Leit sinn, déi mat Aarbecht a Famill op der Sich no engem Equiliber an hirem Liewe sinn a vläicht net bereet sinn, elo direkt e laangfristegen Engagement ze maachen. Dat heescht, net nëmmen op kommunalem, mee um nationalen Niveau soll een de Leit als Éischt Loscht maachen, Loscht, sech ze be- deelegen, andeems een och méi kleng Initiativen ën- nerstëtzt, net direkt laangfristeg Engagementer vun de Leit an der Participatioun verlaangt.

(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)

Biergerbedeelegung heescht, jidderengem eng Stëmm ginn, ville Schichten an Horizonter an net de selwechte Leit ëmmer erëm e Podium ginn, op deem se sech ëm- mer méi kënnen opbauen.

Et dierf een net naiv dervunner ausgoen, datt reng d’Offer duergeet, fir d’Leit dervunner ze iwwerzeegen, matzemaachen. Nee, mir mussen d’Leit aktiv siche goen an hinne weisen, datt et net nëmme wichteg ass fir eis Demokratie, sech ze engagéieren, mee datt hir Efforten och zu konkreete Resultater féieren, a jo, datt se eppes verännere kënnen. Well all Participatioun ass fir d’Kaz a mir demotivéieren d’Leit, wann um Enn vun der ganzer Prozedur keng eenzeg Verännerung steet.

A jo, an de leschte Joren ass et zum Deel versäumt ginn, aus der Biergerbedeelegung déi néideg Prio- ritéit ze maachen. A fënnef Joer sinn zwee Bierger- réit entstanen, déi selwer och vu Kritick un deene verschiddenste Saache begleet waren. Regional hu Gemengen eenzel Initiative gestart, deenen applau- déieren ech ganz haart, déi eng emol besser, a jo, dann déi aner, déi hu guer näischt gemaach. An do kann ech net emol einfach net applaudéieren, well dat ass och näischt maachen. U sech muss ee kloer mam Fanger drop weisen an dat benennen a soen: „Dir kënnt dat besser!“

Mir verlaangen hautdesdaags Biergerbedeelegung. Awer mir si wäit dovunner fort, datt et eng national Prioritéit wär, datt mer en nationale Plang hätten, wéi Biergerbedeelegung am 21. Joerhonnert kéint ausge- sinn, wat elo gläich schonn zu engem Véierel eriwwer ass.

Dat gesot, soen ech Iech Merci.

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister