Débat d’orientation au sujet de la modernisation et des défis de notre système fiscal (suite)

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Merci der Majoritéit fir déi Motioun. Mir wäerte se
och net matstëmmen, well mer e bëssen eng aner
Vue hunn op de Steiersystem. Mir sinn eeben der
Meenung, dass d’Kapital méi misst besteiert ginn,
awer dofir d’Aarbecht manner. An dat fanne mer an
dëser Motioun nun emol net erëm. Mir hunn dat
laang erkläert virdrun.
A wat e bësse stéiert, wou Dir schreift „des prix de
l’énergie“. Mir sinn der Meenung, mir missten aus
dem Tanktourismus erausklammen. Et geet net,
dass mer elo do nach steierlech Virdeeler weiderhin
hei oprechterhalen. Soudass mer dat haut net kënne
matstëmmen.
An d’DP huet virdru gesot: „Et ware schwiereg Jore
fir d’Regierung“. Do ginn ech Iech vollkomme Recht.
Mee et waren och schwiereg Jore fir de Bierger, an
och dee misst esou lues dann e Retour kréien, well
och deen huet geleescht. An alles, wat d’Regierung
elo u Geld konnt verdeelen, war eigentlech, well de
Bierger dat erwirtschaft huet. An et wär elo de Moment gewiescht, wou een hätt kënnen zréckkommen.
An Dir schreift hei: „le pouvoir d’achat des familles
monoparentales“. Bon, eis geet dat net wäit genuch.
Dir wësst ganz kloer, mir hätte gären d’Wittfraen …,
dass déi entlaascht géife ginn, sou wéi déi Elengerzéiend, dass déi och kloer entlaascht ginn an an eng
aner Steierklass kommen.
Merci.

M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Ech hunn Iech elo intensiv nogelauschtert, Här
Kersch. An ech hunn och direkt dräi Froen, déi aus
Ärer Ried ervirgaange sinn. Déi éischt ass, Dir hutt gesot, d’Wittfrae wäre jo awer gutt, oder besser, gestallt
par rapport zu anere Situatiounen. Ech mengen, déi
Leit si jo awer onfräiwëlleg an déi Situatioun komm.
A Wittfraen, dat ass mat eng vun deene Kategorien,
déi direkt misst gehollef kréien. Wéi Dir dat gemengt
hutt.
An déi aner Fro ass: Dir hutt vun de Firme geschwat.
Mir si vollkommen enger Meenung mat dem Revenu,
wann ee schaffe geet, an deem vum Kapital. Mee da
verstinn ech awer net, dass och ënner enger LSAP-Regierung een higaangen ass a gesot huet, Amazon
bräicht déi 250 Milliounen op hirem Gewënn net
nozebezuelen. Géif d’LSAP dat dann nach eng Kéier
esou maachen? Well Är Ried, déi ech elo héieren
hunn, déi entsprécht menger Meenung. Mee ech war
deemools jo och schockéiert, dass d’Regierung higaangen ass, ënnert der LSAP, well d’LSAP ass – alles,
wat Der elo gesot hutt, an Éieren – déi Partei, déi am
meeschte Koalitiounsaccorden ausgehandelt huet,
déi am meeschte konnt bewierken hei am Land. Géift
Der nach eng Kéier Amazon dee Kaddo maache vun
deenen 250 Milliounen? Well ech si ganz averstanen,
dass de Gewënn muss méi besteiert ginn.
An dann hutt Der nach eppes gesot zur CO2-Tax. Ech
stoung schonn oft do vir – et sinn do oft ADR-Videoe ginn –, dass ech gesot hunn, mir missten aus
dem Tanktourismus eraus. Géift Dir als LSAP da mat
op dee Wee goen, dass mer aus dem Tanktourismus
mussen eraus? Dir hutt geschwat vum Pëtrol, vun
deene ganzen Energien, mee géift Der da mat op de
Wee goen, dass een aus dem Tanktourismus erausklëmmt, also net méi den Dumping um Pëtrol mécht?
Merci.

Zesummenhang posts

De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter
Zënter Jore gëtt doriwwer diskutéiert, fir an der Rue de Linger op der Gemengegrenz tëschent Käerjeng a Péiteng ee gemeinsamen Zenter fir d’Police an