M. Marc Goergen (Piraten) | Här President, wa mir vu Gläichstellungspolitick schwätzen, da schwätze mir vun engem Usproch op déi ganz fundamental Gerechtegkeet. Mat wéi engem Geschlecht ee gebuer gëtt, dierf keen Afloss drop hunn, wat fir Chancen een am Liewen huet. Keen huet sech bei der Gebuert kën- nen eraussichen, mat wéi engem Geschlecht en op d’Welt komm ass.
Ech soen dofir der Ministesch och villmools Merci, datt si mat dësem Débat de consultation dëst wichtegt Theema vun der Gläichstellung vun de Geschlechter zesumme mam Parlament beschwätzt.
An ech soen hei bewosst d’Gläichstellung vun de Ge- schlechter an net d’Gläichstellung vu Mann a Fra. Et ass schliisslech bekannt, dass mir Piraten der Mee- nung sinn, dass een hei ophale soll, an enger binärer Kategoriséierung ze zementéieren, wat mir jo scho viru véier, fënnef Joer als Kritick ubruecht haten, vum Numm vum Ministère, wou leider och an dëser binärer Kategoriséierung geschafft ginn ass. An der Natur komme méi Variatioune vir wéi just dat männlecht oder dat weiblecht Geschlecht, an och méi Mënsche kënnen oder wëlle sech hei net enger vun den zwou Kategorien zouuerdne loossen. Ëmmer nees just vu Männer a Fraen ze schwätzen, verstoppt dës Villfalt a schléisst soumat all déi aus, déi net hei erapassen. An dat wëlle mir Piraten net.
Mir wëlle Gläichheet fir jiddereen erreechen. Mee wou soll een dann an dem Politeschen am beschten usetzen? Wou solle mer d’Prioritéite setzen, fir kënne Verännerunge méiglechst séier ze erreechen? Mat dësen zwou ganz konkreete Froen ass d’Madamm Ministesch virun dësem Debat un eis erugetrueden a mir Piraten mengen, dass e Bléck op den Gender Equality Index hei kloer Piste ka weisen.
Insgesamt konnt Lëtzebuerg dësem Index no d’On- gläichheeten tëschent Mann a Fra nämlech verbes- seren. Mee a verschiddene Kategorien hu mir eis och verschlechtert.
Grad an der Kategorie vun der Zäitgestaltung hunn d’Ongläichheeten an de leschte Jore leider zougeholl. Dem Europäeschen Institut fir Gender Equality no schaffe Fraen ëmmer nach méi am Haushalt, kucke méi Stonnen no de Kanner oder no eelere Famillje- memberen an hu gläichzäiteg manner Zäit fir Sport, Kultur, de Benevolat oder ganz einfach Fräizäit. Dat ass eng ganz grouss Ongerechtegkeet, an zwar net nëmme fir déi betraffe Fraen, déi doduerch enger héijer kierperlecher a mentaler Belaaschtung ausge- sat sinn, mee fir d’Gesellschaft insgesamt.
Wa Frae méi Zäit mat hire Kanner verbréngen, ass et net verwonnerlech, wa si e gudden Drot zu hire Kan- ner hunn an eventuell mat méi Liichtegkeet d’Bedierf- nisser vun deene Klengen erkennen.
Leider gouf doraus och oft geschloss, dass d’Frae vun Natur aus derfir gemaach sinn, Mamm ze sinn oder no de Kanner ze kucken, wärend Persoune mat engem anere Geschlecht dat net sinn. Mee dat ass komplett falsch. Esou ze denken drängt d’Mammen an eng Roll, déi si net ëmmer iwwerhuele wëllen a léisst d’Pappen ausse vir.
Jiddereen, ganz onofhängeg vu sengem Geschlecht, kann d’Erfëllung dora fannen, doheem am Haus no de Kanner oder no sengen Elteren ze kucken, genee- sou wéi et och jidderengem säi gutt Recht ass, säi Liewen anescht gestalten ze wëllen. Et geet bei der
Dimensioun vun der Zäitopdeelung also ganz konkreet drëm, wéi d’Mënschen hiren Alldag gestalte kënnen. An dofir gesi mir Piraten hei och eng Prioritéit. Natier- lech sinn aner Felder wéi zum Beispill d’Participatioun och ganz wichteg.
Déi männlech Dominanz an de Verwaltungsréit an an der Politick muss ofhuelen. A mir Piraten, och aner Parteien, hunn dofir zum Beispill jo och schonn due- bel Spëtzte mat verschiddene Geschlechter. A mir be- daueren dofir och, dass zum Beispill d’DP zu Dippech oder d’CSV zu Péiteng sech fir eng reng männlech Duebelspëtzt entscheet huet. Mee …
M. Jean-Marie Halsdorf (CSV) | Besser, Här Goergen, besser néng Fraen op enger Lëscht mat enger duebe- ler Männerspëtzt, wéi sechs Fraen op enger Lëscht mat enger mixte Spëtzt.
M. Marc Spautz, Président de séance | Här Halsdorf, den Här Goergen huet d’Wuert.
(Interruptions)
M. Marc Goergen (Piraten) | Här Halsdorf, ech hu just bemierkt, dass d’CSV mat zwee männleche Spët- zekandidaten an d’Course geet. Do kann natierlech all Partei …
(Brouhaha)
Jo, do kann natierlech all Partei elo dat gutt fannen oder schlecht fannen. Ech hu gesot, ech fannen et schlecht, well ech der Meenung sinn, dass déi Leit – an dat mécht jo all Partei –, déi d’Partei als Spëtzekandidaten an d’Fënster setzt an ervirhieft an deene se méi Chancë gëtt, fir mech sollen zwee verschidde Geschlechter sinn. Dat ass elo meng Astellung. Wann d’CSV déi Astellung net deelt, ass dat eeben esou.
Den Impakt vun enger duebeler Spëtzt oder enger eenzelner Fra an enger Féierungspositioun bleift ge- réng, soulaang d’Aarbechten doheem fir d’breet Be- vëlkerung weiderhin ongläich verdeelt bleiwen.
Aus deem Grond ënnerstëtzen d’Piraten d’Fuerde- rung vun engem Gebuertscongé vun dräi Méint paral- lell zum Congé de maternité, deen et de Partner/inne soll erlaben, vun Ufank un de Mammen zur Säit ze stoen.
Wann d’Aufgabe schonn direkt am Ufank, opgrond vun engem ze fréie Retour op d’Aarbecht, net gerecht verdeelt ginn, dann ännert sech doru spéider just nach ganz seelen eppes. An et ass net verwonnerlech, wann duerno d’Kandidature vu Frae feelen, wann et ëm politesch Ämter oder Féierungspositioune geet. Wann d’Frae schonn doheem esou agespaant sinn, dass hinne keng Zäit méi bleift fir Fräizäit, wou soll dann nach Zäit bleiwe fir zousätzlech Responsabili- téiten? Duerch eng méi gerecht Verdeelung vun der Careaarbecht kéint een de Fraen Zäit zréckginn an dat géif och hire gesellschaftlechen a berufflechen Enga- gement erëmspigelen.
Et hätt een hei also e positiven Effekt, deen iwwert de Volet vun der individueller Zäitgestaltung erausgeet an eis soumat och géif erlaben, insgesamt mat der Gläichstellung méi séier virunzekommen.
Här President, ech muss zum Schluss kommen. Aus Zäitgrënn konnt ech net op all déi vill Elementer agoen, déi eng ëmfaassend Gläichstellungspolitick ausmaachen. Mee e konkreete Punkt wëll ech zum Schluss hei awer nach ganz kuerz uschwätzen. An zwar deen, dass fir eis Piraten, an ech hoffen, och fir jiddereen heibannen, et kloer ass, dass d’Reduzéiere vun den Ongläichheeten tëscht de Geschlechter natierlech nimools zu neien Ongläichheeten an anere Beräicher féiere soll.
Anscheinend ass dëst aktuell awer de Fall, wann ee genderneutral Texter schreiwe wëllt an dofir
Stärercher oder Bannepunkte benotzt, esou wéi dat och am Rapport intermédiaire vum Ministère ge- maach ginn ass. Vill Virliessoftwarë ginn nämlech mat dësen Zeeche guer net eens. An esou Texter sinn dann onverständlech fir Leit mat engem Handicap. A gläichzäiteg sollten déi jo och eng Sprooch benotze kënnen, déi der Villfalt vun de Geschlechter Rech- nung dréit. An dofir wär et unzeroden, méi op den Doppelpunkt ze setzen. Mat engem Doppelpunkt kënnen Texter digital verständlech virgelies ginn an trotzdeem méi Geschlechter genannt ginn. Dës kuerz Umierkung wollt ech just nach mat op de Wee ginn, well a Virbereedungsdokumenter fir dësen Debat stoung jo, dass de Ministère deemnächst e Guide pratique iwwert d’Genderneutralitéit an der Sprooch wëllt erausginn. A jo, do soll jo och keen ausgeschloss ginn.
Ech soen Iech Merci.