M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
De Minister huet haut eng Diskussioun ugefouert, déi
mer schonn eng Kéier an änlecher Form haten och
zum Rapport, soudass vill Virriedner och nach eng
Kéier op dee selwechte Constat agaange sinn. A sech
ass et e bësse wéi esou eng Widderhuelung zënter
zéng Joer: Et kënnt allkéiers dee selwechte Problem,
dee jidderee a sech bei de Constaten huet, firwat de
Logement net fonctionéiert, a mir zielen hei allkéiers
nach eng Kéier déi schéinste Geschichten. Mee ech
mengen, fir d’Leit dobaussen ännert sech awer net
wierklech eppes oder zumindest net genuch. Well dat
misst jo awer jiddereen unerkennen.
Kuckt een déi aktuell Situatioun, da sti mer virun enger
Zënshausse an do muss een dann awer trotzdeem och
nach drop kucken, dass elo scho vill Leit Problemer
hunn, fir hir Kreditter iwwerhaapt ze kréien. Ech
schwätzen elo emol net vum Bezuelen, wann d’Zënsen
am Logement an d’Luucht ginn, mee dovunner, dass
am Moment emol vill Leit, déi gären e Logement géife
kafen, guer net d’Méiglechkeet hunn, fir deen ze kafen, well se einfach hir Kreditter net méi kréien.
A firwat ass dat esou? Ma well zum Beispill d’lescht
Joer d’Präisser nach eng Kéier ëm 12,8 % an d’Luucht
gaange sinn. An dat ass eeben de Problem, deem ee
ganz kloer entgéintwierke muss a wou d’Regierung
an eisen Aen awer keng Brems konnt aleeën, well
d’Präisser hir vill méi schnell dovulafen, wéi si iwwerhaapt mat hire Fongen – oder soss iergendeppes – ka
bauen oder dergéintwierken.
Elo sinn d’Materialkäschten nach guer net matabegraff, bezéiungsweis wéi schnell een elo iwwerhaapt
nach Verspéidungen op deenen eenzele Projeten
kritt, déi de Staat mécht oder déi ee privat mécht,
soudass déi ganz Kris sech eigentlech nach wäert zouspëtzen. Wat mer haut diskutéieren, wäert d’nächst
Joer warscheinlech schonn erëm méi schlëmm sinn
an dat Joer drop nach eng Kéier méi schlëmm e Minister huet et virdrun ugedeit: Hei zu Lëtzebuerg hu mer elo 1,6 % erreecht. Dat ass eigentlech eng Datz, wann een dat vergläicht mat 34 % an
Holland oder 26 % an Éisträich oder domat, wéi de
Sven virdrun erkläert huet – ech wousst et net, mee
en huet mer dat virdrun nach eng Kéier erkläert –,
dass Singapur zum Beispill op 80 % ass. Dat ass e
ganz interessante Projet, deen déi bruecht hunn, fir
dass d’Leit awer mam Logement kënne virukommen,
well si hunn e bëssen dee selwechte Phenomeen gehat wéi mir. Grad well et och e Bankestaat ass, deen
dee Problem hat, sinn déi elo op 80 % komm, a se
kënnen awer doduerjer hire Leit hëllefen.
De Statec selwer huet jo och gesot, an do kommen
déi Fongen net no, egal wéi ee Fong de Minister elo
erauspléckt, dass mer 129.000 nei Wunnenge bräichten. Dat sinn der 6.500 d’Joer. Egal, wéi Der déi Fongen dréit a kéiert, vu lénks no riets, vun uewen no ënnen, Dir kommt einfach net no mat bauen. Dat ass ee vun de Constaten, déi een aus deem ganze Rapport kann zéien.
An do hu mer zweeërlee Gruppe vu Clienten. Mir
hunn op där enger Säit déi Clienten, déi e Logement
sichen a schaffe ginn, awer sech trotzdeem um fräie
Marché näischt méi kënne leeschten. An dat sinn
dann och déi, déi meeschtens op de Wee wëlle goen,
fir sech eppes ze kafen, wat ech verständlech fannen.
Wann ee seng Famill huet, wann ee sech eppes opbaue wëll, da wëll een och eppes kafen, da wëll ee vläicht och de Kanner dat herno weiderginn. Dat ass fir eis Piraten ganz legitimm, dass ee sech am Liewen eppes opbaut, an et sinn déi Clienten, déi mer
mussen am Logement kréien. Dat ass dann herno de
Wee vun engem Mietkauf, op deen ech herno nach
eng Kéier zréckkommen.
Op där anerer Säit hu mer awer dann de locative
Logement, dee mer mussen ausbauen. Dat sinn déi
Leit, déi éischter vun engem sozialen Transfert all
Mount liewen a sech leider och näischt wäerte kënne
leeschte fir ze kafen an deementspriechend éischter
op d’Locatioun ginn. Mee béides ass awer am Moment e ganz raren Artikel.
Mir Piraten sinn dofir der Meenung, dass vill méi
muss gebaut ginn, dass d’Virkafsrecht an de Gemenge vill méi oft muss gezu ginn. Also, wa mir gesinn, wat fir schéin Terrainen oder Projeten een do kéint maachen an da ginn d’Gemengeréit hin a se
zéien d’Virkafsrecht net an da geet iergendee Promoteur drop an da baut zu engem Präis, deen herno souwisou bal kee sech méi leeschte kann, dann ass dat ee vun deene ganz grousse Problemer. Fir eis
misst et a sech emol d’office esou sinn, dass d’Virkafsrecht spillt, an duerno misst een dann emol aner Prozedure maachen, ier et grouss un d’Promoteure geet,
well do ass de Problem, dass deen Terrain herno souwisou verluer ass an déi meescht sech do souwisou
näischt kënne leeschten.
An do si mer och bei de Baugeneemegungen. Do si
mir Piraten och der Meenung, dass déi net méi sollten duerch de Buergermeeschter eleng oder iwwerhaapt duerch de Buergermeeschter stattfannen, mee
dass all Gemeng sollt en eenzele Kommitee kréien,
deen dat ganz neutral a laangfristeg kuckt an net
just iwwert déi kleng Mandatsperiod, bezéiungsweis
de Buergermeeschter déi eenzel Favoritten do huet,
dass mer do e Kommitee hätten, deen dat ganz neutral géif maachen, well ech gesinn et jo bei eis an der
Gemeng. Da kéinte mer ganz aner Projete maachen,
wéi dat am Moment de Fall ass.
Dat selwecht gëllt fir d’Terrainen a bei den eidele
Wunnengen. Do si mir der Meenung, dass déi Fongen alleguerte ganz schnell un déi Terraine musse
kommen, well ee vun de Problemer ass: Et sinn aktuell 3.750 Hektar Bauterrain verfügbar, mee et gëtt
näischt drop gebaut. Elo kënne mir esou vill schwätzen hei, wéi mer wëllen, mee wann näischt drop
gebaut gëtt, hëllefe mer kengem dobaussen. Esou
einfach ass et! A mir mussen un déi Terrainen, un déi
eidel Wunnenge kommen an do kënne mer och ëmmer vertréischt ginn, dass iergendwann eng Kéier
eng Grondsteier vun der Madamm Bofferding wäert
kommen, warscheinlech esou zwee Deeg virun de
Walen. Nee, d’Leit brauche se elo! Dat schleeft schonn
immens laang an do musse mer higoen …
M. Dan Kersch (LSAP) | O!
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, Dir kënnt „O!“ soen:
Wou ass se dann, Är Grondsteier? Also ech mengen …
(Interruption)
Nee, Här Kersch, Dir maacht, wéi wann Dir eréischt
gëschter an d’Regierung komm wiert. Ech mengen
dee Problem, dee mer haut hei diskutéieren …
M. Sven Clement (Piraten) | En ass säit gëschter net
méi an der Regierung.
M. Dan Kersch (LSAP) | Ech hunn näischt gesot.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ma Dir hutt Iech dach
elo opgereegt. Dee Problem, dee mir hei diskutéieren … Dat ass jo awer Är Regierung, déi elo schonn
esou laang am Amt ass. Wéi ech hei virdrun d’Ried
vun der DP héieren hunn, hunn ech gemengt, déi
hätten ni eppes mat der Regierung ze di gehat. Déi
schéinste Spréch, déi schéinste Fuerderungen. A
firwat setze se se dann net ëm? Ech sinn och der
Meenung, et soll een d’Ministèren zesummendinn,
et kann een eppes méi digital maachen, jo, dat géif
ech direkt ënnerschreiwen. Mee d’DP hat souguer de
Logementsminister – elo ass et eng aner Partei –, …
(Interruption)
… mee 10.000 Wunnengen hu se deemools versprach, an et ass näischt komm! Mee bon.
(Interruption)
M. Mars Di Bartolomeo, Président de séance |
Här Goergen, normalerweis adresséiert ee sech un
d’Chamber, mee vu dass Dir Iech un den Här Kersch
adresséiert hutt, ginn ech vläicht och dem Här Kersch
d’Wuert fir ze reagéieren.
M. Marc Goergen (Piraten) | Jo, well ech soen duerno nach eppes, wat ech opgeschriwwen hunn. Da
kann e sech nach eng Kéier opreegen. Mee loosst en
emol kommen.
M. Marc Goergen (Piraten) | Ech si jo frou, dass dat
Är Positioun ass. Ech hu jo gesot, et geet drëm, déi
eidel Terrainen ze mobiliséieren.
Ech wier just frou gewiescht, Dir hätt se méi schnell
ausgeschafft. Et sinn elo scho véier Joer, dass mir Piraten hei sinn an dass mer ëmmer vertréischt ginn,
iergendeng Kéier géif se kommen. Bon, se ass eeben
nach net do.
Dann déi aner Geschicht, dat ass déi, wou mir der
Meenung sinn, dass zu Lëtzebuerg onbedéngt eng
Lex Koller (ndlr: loi fédérale suisse limitant l’acquisition d’immeubles par des personnes à l’étranger)
komme muss. Et kann net sinn, dass de Logement hei
zu Lëtzebuerg op eemol en Invest fir Fonge weltwäit
ass, déi mengen, si géifen hei déi gréisste Plus-value
maachen. Jo gutt, mat 12 % d’Joer kann een och vun
enger grousser Plus-value schwätzen. Dat maacht Der
op der Bourse net méi. Mee dat musse mer awer verhënneren: Mir mussen higoen an eng Aart Lex Koller
kréien, fir dass et net méi d’Investisseuren aus dem
Ausland sinn, déi just hei de Logement opkafen, fir
herno kënnen e méiglechst grousse Benefiss erauszezéien, an d’Leit, déi hei wunne sollen, déi kréien dat
net.
A fir nach weider Terrainen ze mobiliséieren – ech hat
dat och schonn e puermol hei ugedeit –, si mir fir eng
Leasingsformule. Mir verstinn, dass Familljen oder
Leit, déi Terrainen hunn, déi net onbedéngt wëlle verkafen. Dat ass och hiert gutt Recht. Do kéint een awer
op eng ganz modern Leasingsformule goen, dass se
déi fir eng gewëssen Zäit zur Verfügung stellen an
aner Leit da kéinten dohinnergoen an dann hir Wunneng do baue – bezéiungsweis si selwer bauen – an
déi dann an enger Aart Leasing ass.
Déi ganz Geschicht, fir iwwerhaapt méi ze maachen
an net onbedéngt ëmmer …, well mir si kee Fan vum
Ëmmer-nëmme-Loyer-Bezuelen, well et muss een
et jo och esou gesinn: Alleguerten déi Leit, déi an
enger prekärer Situatioun si mat deem Loyer, dee se
bezuelen: Wa se eng Kéier eraus sinn, hu se näischt
méi dervun. Dee Loyer, deen ass dann zwar schéin
op de Staatskonten, wann et e Staatsgebai war, mee
si selwer hunn awer näischt dovun, dat heescht, si hu
sech eigentlech guer näischt opgebaut, woumat se
herno eppes maache kënnen.
Dofir si mir Piraten ganz kloer der Meenung, dass
mer mussen an de Mietkauf goen. De Mietkauf fonctionéiert esou: zéng Euro de Meterkaree, dass Der
dat wärend zéng Joer als eng Aart Loyer bezuelt, an
dann hutt Der Äre Mietkauf an no zéng Joer kënnt Dir
et da kafe bezéiungsweis dee Prêt an dann hutt Der
dat schonn als Startkapital, well da sidd Der scho bei
Ären 20, 30 %, déi d’Banke froen, an da kënnt Der
dat Haus, dat Appartement selwer an engem Mietkauf kafen. Dat wär eng vill méi fair a sozial Léisung,
wéi de Bierger éiweg e Loyer bezuelen ze loossen an
herno steet en dann ouni iergendeppes do.
Wat fir eis an deem Mietkauf ganz wichteg ass, wann
déi Fongen dat maachen, ass, dass et net zréck op de
private Marché geet. Ech hu virdru vum Virkafsrecht
geschwat, mee awer och vun engem Virkafsrecht,
dass, wa Sozialwunnengen oder bezuelbare Wunnraum …, well ech hu jo virdrun déi zwee verschidden
Typpe vu Clienten opgezielt. Et muss net ëmmer sozial sinn. Et gëtt ganz vill Leit mat engem ganz gudde
Gehalt, bei deenen ee sech hautzudaags emol iwwerhaapt net méi virstelle kann, dass déi iwwerhaapt
keng Prête méi kréien, dass déi eebe bezuelbare
Wunnraum iwwert de Staat brauchen, well se soss
keng aner Méiglechkeet méi hunn, an dass déi, déi
awer an engem bezuelbare Wunnraum wunnen an
herno erausplënneren, aus wéi engem Grond och
ëmmer – Kanner kritt oder d’Kanner erausgeplënnert –, … dass awer déi Wunnengen, Haiser herno
direkt un de Staat zréckginn.
An eis Positioun ass dofir och ganz kloer, dass de
Staat selwer immens vill muss bauen, vill méi wéi elo,
an dass mer net de Promoteuren dee ganze Marché
iwwerloossen därfen. D’Aarbecht vun de Fongen ass richteg, dofir hu mer och d’Motioun matënnerschriwwen. Natierlech geet
se eis net wäit genuch. Mir hätte gäre vill méi sozialen a bezuelbare Wunnraum, wou de Staat oder
d’Gemengen oder en aneren Träger, deen hinnen ënnersteet, baut, fir dass d’Leit endlech emol eng Wunneng kréien a se net mussen an en anert Land wunne
goen, fir iwwerhaapt en Daach iwwert dem Kapp ze
hunn.
Dofir wäerte mir Piraten der Regierung och als Partner zur Säit stoe fir alles, wat se mécht am Rame vun
engem bezuelbare Wunnraum, fir dass d’Leit endlech
en Daach iwwert de Kapp kréien.
Merci.
M. Sven Clement (Piraten) | Ganz gutt.
M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President.
Also, eis ass se ganz sympathesch, esou wéi ech virdru gesot hunn. D’Haaptsaach, d’Leit kommen un e
bezuelbare Logement, och wann dat elo e privaten
Investisseur ass, dee sech awer un déi Reegelen hält.
Well d’CSV huet jo drageschriwwen: 10 Euro de Meterkaree. Dat ass dee Präis, dee mir eis och ëmmer
virstellen. A wann e privaten Investisseur esou kann
higoen a sozial bezéiungsweis bezuelbar Wunnenge
maachen, dann hu mer och eppes geschafft. Well et
ass, wéi richteg virdru gesot ginn ass, esou, dass de
Staat net alles selwer ka bauen. A wann een dat kann
op dem private Marché maachen, ass dat eng gutt
Iddi.
Den zweete Punkt, d’steierlech Virdeeler, wann een
e Loyer freet, dee bezuelbar ass, dat ass eigentlech
eng Pist, déi een och weider muss ausbauen. Am
Moment ass et jo schonn esou, dass ee manner Steieren drop bezilt, wann een e soziale Loyer freet. Mee
et kéint een déi Pist och ausbauen, fir dass och verschidde Proprietäre méi Interessi dru kréien, fir hir
Wunnenge méi bëlleg zur Verfügung ze stellen an dat
dann en contrepartie steierlech kënnen ze optimiséieren. Dat wär e ganz grousse Virdeel, well da komme
mer op dee méi bëllege Logement, an da kommen
och méi Leit un eng Wunneng.
Merci.