M. Marc Goergen (Piraten) | Merci, Här President. Fir d’éischt schwätzen ech e bëssen zur Form vum Klima-Biergerrot, duerno dann zum Inhalt, deen do- bäi erauskoum. En Inhalt, deen eis Piraten wierklech gutt gefält.
Zur Form. Mir begréissen all Form vu Biergerbe- deelegung hei am Land, well et vill ze vill selte virkënnt, dass de Bierger seng Iddien op der politescher Tribün ka presentéieren. Dofir hate mir och schonn 2019 eng Proposition de loi eraginn – an ech hunn dat extra nach eng Kéier erausgesicht: den 9. Oktober 2019 –, wou d’Regierung eis awer zimmlech negativ geänt- wert huet den 10. August 2020, an dat bis haut an der Chamberskommissioun läit an nach net virugaangen ass, wou et ëm d’Biergerbedeelegung an ëm genau dee selwechte Modell vum Rot gaangen ass.
Deemno ass de Klimabiergerrot elo hoffentlech e Vir- bild, fir weider Forme vu Basisdemokratie hei am Land ze erschafen. E grousse Merci un all d’Bierger, déi sech engagéiert hunn, déi hir Iddien abruecht hunn, déi am Hearing de Politiker hei am Parlament hir Positiounen, an dat iwwer Stonnen ewech, erkläert hunn an déi och haut Zäit hunn, fir d’Reaktiounen unzekucken, unze- lauschteren. Merci fir Är Aarbecht an déi gutt Virberee- dung!
Fir eis Piraten mussen d’Bierger gehéiert ginn. A wa si hir Stëmm an esou Formater erhuewen hunn, muss hir Meenung och an der Politik op en oppent Ouer falen. Ech ginn elo net grouss op déi Bemierkungen direkt nom Resultat an, déi e grénge Minister um 100,7 gemaach huet, déi ee quasi als respektlos ka bezeechne géigeniwwer jidderengem, dee sech am Klima-Biergerrot d’Méi gemaach huet, fir matzeschaf- fen.
(Interruption)
Antëscht hunn ech och verstanen, wisou déi Reak- tioun koum, well dat ganzt Dokument mat senge 56 gudde Proposen eng riicht op de Bak ass fir déi gréng Partei, awer och fir déi ganz Regierung. Ech hoffen, dës Leit sinn net ze vill vun deenen ale Parteien ent- täuscht, wa se haut nogelauschtert hunn.
2013 goufen déi gréng gewielt fir méi Ëmweltschutz an eisem klenge Land. Mee et ass eeben net ge- nuch gemaach ginn, an dat ass elo fein ausgedréckt. Dofir sinn et elo d’Bierger am Klima-Biergerrot, déi de Spigel virgehalen hunn, mat enger Datz fir d’Ëmweltpolitik vun der aktueller Regierung.
Ze laang gouf net staark genuch fir de Klimaschutz geschafft. Ze laang huet déi Regierung geschlof an net un eis Ëmwelt geduecht. Et huet een d’Gefill kritt, eis Ëmwelt wär e lästegt Theema, dat awer ëmmer vu méi wichtegen Theemen, déi sech ofgewiesselt hunn, verdrängt gouf an der Koalitioun. Et huet een d’Gefill kritt, et wär ëmmer eppes méi wichteg, ëmmer eng Excuse do, fir net genuch Projeten op de Wee ze brén- gen, fir eise Kanner eng propper Ëmwelt ze hanner- loossen.
Eng mof Ëmweltpolitik bedeit och vill méi Ëmwelt- schutz, méi e staarkt Engagement fir eis Ëmwelt. Dat hu mir Piraten an de leschte Joren hei och oft kriti- séiert a méi staark Moossname fir den Ëmweltschutz gefrot. Awer oft huet d’Regierung dëst ofgeleent. E puer vun deenen Iddien tauchen awer interessanter- weis elo erëm beim Klima-Biergerrot op, Iddien, déi a Motioune wärend Joren hei ofgeleent gi sinn.
Et war och e kloert Signal vun den dräi Regierungs- parteien, dass se net, wéi am Hearing gefrot vun engem Member aus dem Klima-Biergerrot, eng symbolesch Ofstëmmung akzeptéiert hunn oder zougelooss hunn, fir iwwert déi Punkten oder een- zel Theemen ofzestëmmen. Ech hunn och verstanen, wisou déi dräi Parteien dat net zougelooss hunn: Et hätt ee sech jo schliisslech blaméiert, wann een alt nees géint d’Propose gestëmmt hätt!
De Klima-Biergerrot huet net just Problemer opge- worf, mee och direkt Léisunge proposéiert. A menger kuerzer Riedezäit ginn ech op déi ausgewielte Propo- sitiounen aus deene 56 an.
Et huet mech schonn ëmmer rose gemaach, wann ech gesinn, wat de Commerce oder och Privatleit u Liewensmëttel an d’Poubelle geheien, wärend aner Leit um Planéit net genuch z’iessen hunn. Duerfir sollte mir manner ewechgeheien. Vun Ufank u froe mir Pira- ten besser Kontrollen am Beräich vun der Liewens- mëttelverschwendung. D’Supermarchéë mussen hei nach vill Verantwortung iwwerhuelen, fir dass eebe keng Liewensmëttel méi ewechgeheit ginn, mee alles gespent gëtt, wat nach iessbar ass.
Mir brauchen och méi Transparenz bei de Produk- ter, och dat stoung an enger vun eise Proposen. De Client soll zu all Moment, am einfachste via QR-Code, kënne kucken, wat am Produkt dran ass an, wéi och de Klima-Biergerrot freet, den CO2-Ofdrock gesinn.
Den Déierentransport gehéiert fir eis Piraten op de strengste Minimum reduzéiert. Dat wéinst dem Déiereschutz, mee och aus Ëmweltgrënn. Eng méi kontrovers Diskussioun hat ech hei beim Hearing lassgestouss, wéi ech gefrot hunn, wéi de Passage am Dokument gemengt wär, fir d’Juegd ze verein- fachen. Wéi sech erausgestallt huet, ass do keng wierklech eenheetlech Meenung bei den 100 Bier- ger zustane komm. Fir eis Piraten dierf d’Juegd net méi opgemaach ginn, wéi dat aktuell de Fall ass. Am Géigendeel, d’Klappjuegd gehéiert direkt verbueden. Eenzel Memberen am Klima-Biergerrot hunn eis jo op deem Punkt och Recht ginn am Hearing.
Zum Cycle 2, den erneierbaren Energien. Och eng Datz! Déi nach aktuell Regierung behaapt zwar, vill ze maachen am Solar, mee kuckt een d’Fakten, sinn emol net hir eege Gebaier ausgerüst. Kloer, wann ee wéineg huet, kann een och oft soen, et hätt ee sech verduebelt. Dat ass eeben e Rechentrick. Wichteg ass hei ze kucken, wéi vill Prozent vum Stroumbedarf ee selwer ka produzéieren. Do ënnerstëtze mir ganz kloer d’Fuerderung vum Klima-Biergerrot vun 80 % bis 2030 an 100 % bis 2040.
Besonnesch gefreet huet mech d’Propos, fir Solar iw- wert eisen Autobunnen anzeriichten. Genau dat hate mir Piraten nämlech och hei gefrot an de Minister hat et refuséiert.
Bei der Wandenergie schreift de Klima-Biergerrot, iwwer siwe Joer géif et daueren, bis een ewell Auto- risatioune kréich. Am Süde vum Land kënne mir jo eLiddche sangen, wéi laang et dauert, bis eng Wand- mille ka gebaut ginn, wa se da kënnt! Et goufen der jo genuch refuséiert. Hei freet de Klima-Biergerrot eng kloer Reduktioun vun der Zäit, mindestens op d’Hall- schent.
Fir Energie ze späicheren, huet de Klima-Biergerrot och de Problem opgeworf, dass net genuch Méig- lechkeete bestinn. Jidderee weess, dass eenzel er- neierbar Energien net zu all Dageszäit méiglech sinn. Dofir brauch een nei Späicheren, fir déi Energie ze hunn, wann ee se brauch.
An engem Land, wou d’Regierungsparteien hirer Meenung no net schnell genuch investéiere kënnen,
fir an de Weltraum ze fléien, hu si et awer nach ëm- mer net fäerdegbruecht, fir hei um Buedem emol hir Netzer mat LED-Luuchten auszestatten, fir esou mas- siv Energie ze spueren. Nummer 13 am Dokument, wou genau dat kritiséiert ginn ass.
Am Cycle 3 ass de Klima-Biergerrot drop agaangen, wat am Logement alles schifgelaf ass, dës Kéier net aus der Vue vum Präis, mee vun dem Ëmweltimpakt vum Logement op eis Ëmwelt.
Bauen ass och schéin a gutt, mee et gëtt net genuch nom Ëmweltimpakt gekuckt, net genuch no de Ma- terialien. De Biergerrot huet och en Tabu gebrach an zwar deen, fir d’Autonomie communale ze hanner- froen, ob wierklech an all Gemeng d’PAGen/PAPe mussen esou ënnerschiddlech sinn, ob een net, am Sënn vun der Ëmwelt, sollt national eng kloer bes- ser Virgab ginn. Eng Fuerderung, déi ech just kann ënnerstëtzen. Kommunal Feeler dierfen net den Ëmweltschutz blockéieren!
D’Propositioun 18 geet genee an déi Richtung, déi mer mat eisem Projet vun zéng Euro de Meterkaree ëmmer proposéieren. Do huet de Klima-Biergerrot genau erkläert, wéisou et wichteg wär, dass de Staat oder d’Gemenge géifen déi Terraine kafen a selwer bebauen.
Mir Piraten soen awer och kloer, dass een als Éischt muss de bestoende Perimeter bauen, ier mer eng Erweiderung vum Perimeter a Betruecht zéien.
De Cycle 5, d’Mobilitéit. Jo, fir eis ass kloer: Net just e Confortfaktor, mee e Faktor och fir d’Ëmwelt. Den ticketlosen ëffentlechen Transport ass genau dat, wat mir Piraten iwwert d’Jore gefrot hunn an end- lech ëmgesat gouf, mee de Klima-Biergerrot mécht richtegerweis drop opmierksam, dass e sollt grenz- iwwerschreidend sinn. Elo kommen zum Beispill d’Frontaliere mam Auto bis bei eis op Rodange a klammen do eréischt an den Zuch. Do ass net wierk- lech geschafft gi fir eis Ëmwelt. Mir sollten eis an der Groussregioun beméien, en Accord ze fannen, fir direkt vun doheem aus kënne gratis mam Transport ze fueren.
Fir déi Leit, déi mam Auto fueren: D’Propositioun 35 gräift genau do eis Propos op, fir eng Autossteier ze reforméieren. Zënter Jore froe mir Piraten eng Autos- vignette fir all Auto. Dat baséiert op der Ëmwelt- belaaschtung. Iwwregens och eng Motioun, déi hei ofgeleent gouf. Et kann dach net sinn, dass hei am Land nach ëmmer Autoen iwwer eis Stroosse fueren, ouni dass ee se kontrolléiert, iwwerhaapt weess, wat hir CO2-Belaaschtung fir eis Natur ass.
Fir eis Piraten ass kloer: Wann ee sech fir méi e klen- gen a propperen Auto entscheet huet, soll een och fi- nanziell Virdeeler hunn, bei der Steier oder TVA. A wie sech en Auto kafe wëll, dee méi propper ass, d’Propo- sitioun 35 nach ëmmer, soll vum Staat eng Garantie kréien, fir e Kreditt ze kréien, an, wéi de Klima-Bier- gerrot do richteg schreift, muss een do oppassen, dass déi Garantië just fir méi kleng Revenue sinn.
Komme mer zur Propositioun 36, zu der Loftfaart. En Theema, dat déi gréng net gären héieren, ass dach déi massiv ausgebaut ginn ënner hirem Transport- minister. D’Mesure 1 geet direkt ëm den CO2. Do wëll ech drun erënneren, dass Dir eng Motioun vun eis Pi- rate gestëmmt hat – soll och emol virkommen! –, fir eebe genau op den Ticketen den CO2-Ausstouss unze- weisen, fir en eeben ze kompenséieren. Eng Motioun, déi de Minister nach ëmmer net ëmgesat huet. An dat ass am Dokument ze fannen op Säit 61.
D’Mesure 2, de Kerosinn. Ech weess schonn net méi, wéi oft ech hei schonn um Pult kritiséiert hunn, dass nach ëmmer keng Taxen um Kerosinn sinn. Och dat huet de Klima-Biergerrot opgegraff.
Dann zu engem aneren Theema, de Schëffer ënnert dem Lëtzebuerger Fändel, déi duerch d’ganz Welt fueren, Tax-Dumping an Ëmweltschied maachen. Dat ass der Regierung och no néng Joer nach ëmmer egal, well och do ass näischt geschitt. D’Propositioun 37 kritiséiert genau dat.
Komme mer nach op de Fuerpark vum Staat. Eng sël- leg parlamentaresch Froen hat ech zu deem Theema, well mech eeben ëmmer gestéiert huet, dass grad eng Regierung bei hire Limousinnen oder de Staat bei sengem Fuerpark alles anescht wéi virbildlech sinn. Och dee Punkt ass am Dokument opgegraff, well eeben d’Regierung all déi Joren net virbildhaft gehandelt huet.
An ech kéint nach esou weiderfueren, well et gëtt nach genuch Punkten an deem Dokument, déi Defizi- ter vun der Klimapolitik opweisen. Mee, och wéi beim Klima, leeft bei mir elo d’Riedezäit of.
A sech ass dat ganzt Resultat vum Klima-Biergerrot méi wéi en Audit, deen der Regierung eng schlecht Zensur ausstellt beim Theema Ëmweltschutz.
100 Bierger hunn de Parteien e Spigel virgehalen, dee kloer gewisen huet, dass se net aktiv genuch sinn am Klimaschutz. Dofir ass fir mech de Premier och ee vun deene Bopen, déi herno dann do wäerte bildlech sëtzen a sech gewësse Froen herno vun den nächste Generatioune musse gefale loossen. 100 Leit hu méi Iddien a Proposen ausgeschafft wéi e ganze Staatsap- parat no néng Joer!
Mee et ass nach net ze spéit. Dir hutt virdrun hei vum Courage geschwat. Vill vun de Moossnamen aus dem Dokument kéinten och bannent engem Joer nach gestëmmt ginn an da vun enger Regierung realiséi- ert ginn, hätt een de Courage a wéilt een eis Ëmwelt schützen. Wann dat natierlech just vun enger Majori- téit heibannen och gewollt wär.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence)
Mir Piraten kéinte mat engem ganz gudden Deel aus dem Dokument, quasi mat alle Proposen, liewen a se ënnerstëtzen.
Merci un de Klima-Biergerrot fir déi gutt an déi éier- lech Aarbecht, déi Der geleescht hutt. Merci.