M. Sven Clement (Piraten) | Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, als Éischt emol e
grousse Merci un all d’Auteuren an d’Autricë vun deene
ganz nuancéierten Avisen, déi ganz interessant ze liese
waren, wat an där Zäit, déi zur Verfügung stoung,
sécherlech net einfach war, fir se ze schreiwen, a fir eis
och net onbedéngt, firse ze liesen.
D’Fro vun der Impfflicht polariséiert. Dat mierke mer
haut heibannen, dat hu mer an de vergaangene
Wochen un den iwwerlafende Postagäng vun eisen
E-Maile gesinn an dat hu mir Piraten och gemierkt
am Kontakt mat eise Memberen.
D’Pirate sinn eng basisdemokratesch Partei an duerfir
hu mer eis Membere gefrot. Dat heite war keng Fro,
déi mer virun deem leschte Walkampf konnten
entscheeden. Wien hätt da schonn 2017 kënne froen:
Si mer fir oder géint eng Impfflicht vun enge
imaginärer Pandemie, déi mer nach net kannt hunn,
mat engem Impfstoff, dee mer net kannt hunn, a mat
Konsequenzen, déi mer nach vill manner konnten
ofschätzen. Duerfir hu mer se gefrot. A gefrot gouf,
ob se fir eng generell Impfflicht wären, wéi een et
géif mat der sektorieller Impfflicht halen an, falls een
dergéint wär, wat d’Alternative wären.
D’Resultat war, grad wat déi generell Impfflicht
ugeet, dach knapp: 54,08 % vun eise Memberen hu
sech géint eng generell Impfflicht ausgeschwat. An
dat Resultat ënnersträicht jo awer, wéi gespléckt an
nuancéiert een un déi Froe muss erugoen.
Anescht war et bei der sektorieller Impfflicht, kann
ech direkt soen: Do waren dräi Véierels dergéint. An
ech mengen, datt dat och e bëssen d’Positioun
erëmspigelt, déi de Marc Goergen an ech heibanne
scho geholl hunn, datt mer, wann, dann eng fair
Léisung brauchen, déi jiddweree mat an d’Boot hëlt
an net déi eng géint déi aner ausspillt.
(Interruption)
Als Alternativ zu enger Impfflicht gëtt sech am meeschte gewënscht, datt d’Mënsche sollen opgekläert
ginn an datt mer nei Ureizer solle schafen. Anstatt
also mam Bengel ze schloen, ass et méi wichteg, mat
der Muert virewechzegoen.
D’Positioun vun de Piraten ass also kloer: Jo zur
Impfung, mee Nee zu enger Impfflicht. D’Impfung
ass wichteg, an duerfir mussen d’Mënsche weider
iwwert déi existéierend Impfstoffer opgekläert ginn.
Mir hunn et jo live heibannen erlieft, wéi vill Falschinformatiounen, jo Ligen heibannen am héijen Haus
well iwwert déi Impfunge gezielt goufen. Mee eng
Obligatioun schéngt eis aktuell net de richtege Wee
ze sinn.
Sollten d’Emstänn sech änneren, zum Beispill nei
Virusvariante kommen an d’Spideeler iwwerlafen,
wäerte mer net zécken an nach eng Kéier zréckgoen
an déi nämmlecht Froe stellen. Ob d’Aféierung vun
enger Impfflicht opportun a moralesch vertriedbar
ass, hänkt jo vu ganz ville Facteuren of, déi sech
ännere kënnen. Mee esou wéi d’Situatioun am
Moment ass, wäerte mir eng Impfflicht net kënne
matdroen.
(M. Mars Di Bartolomeo prend la présidence.)
A wa mer e Bléck op de Kalenner werfen, da gesi mer
eigentlech och séier, datt de Moment fir eng Impfflicht fir dës Saison eigentlech scho laanscht ass.
Souguer wann an den nächste Wochen aktiv un
engem Gesetzestext géif geschafft ginn, ginn ech net
dovun aus, datt mer e Gesetz virun Enn Februar
stëmme kéinten. Wann een dann eng Iwwergangszäit
virgesäit an da jeeweils nach eng Kéier véier Woche
brauch fir déi éischt Impfung, véier Woche fir déi
zweet Impfung, ma da si mer ongeféier no der
Ouschtervakanz, wou d’Leit dann endlech duerchgeimpft wieren, wann da jiddweree sech géif drun
halen.
Mir wëssen haut aus den Erfarungswäerter, datt
d’Vaccine sechs Méint e gudde Schutz bidden. Majo
wa mer da vun Ouschtere sechs Méint weiderrechnen, komme mer direkt erëm an eng Hierschtwell,
ausser mir géifen de Booster mat drarechnen. Mee
wa mer de Booster mat drarechnen, da si mer eis och
bewosst, datt de Booster nach net emol Objet vun
enger AMM ass, well u sech de Booster haut eng
Recommandatioun ass, mee net an de Schemata dran
ass, wat e Schéma vaccinal complet duerstellt, well all
d’Fabrikanten u sech en Uni- oder e Bidose-Vaccin
prekoniséieren.
Dat heescht, mir géifen eventuell Leit elo eng Kéier
schikanéieren, fir sech impfen ze loosse fir de Greater
Good, fir dann am Hierscht an am Wanter eventuell
genau déi Leit erëm musse bei de Booster ze
schécken. Dat erschéngt mer dach e bësse schwiereg,
besonnesch, well kloer ass, datt eng Impfflicht just a
Fro komme kann als allerleschten Auswee.
Och war mir Piraten enger Impfflicht, sollt et dann
zäitno zu engem Vott kommen, also net zoustëmme
wäerten, sou wësse mer jo awer, datt d’Regierung an
d’Majoritéitsparteien hei de Pouvoir hunn, dës
Entscheedung och eleng ze treffen.
Duerfir erlaben ech mer, an duerno och de Kolleeg
Marc Goergen, de Rescht vun eiser Riedezäit ze
notzen, fir nach zumindest op déi wichtegst Punkten
opmierksam ze maachen, op déi een eiser Meenung
no oppasse misst, wann een dann awer op dee Wee
géif goen.
Eng éischt Fro ass de fräie Choix vum Vaccin. Laang
gouf dat ëmmer versprach, et gëtt awer net méi agehalen. Wat geschitt da bei enger Impfflicht? Ass
d’Konsequenz de Protokoll oder ass de Staat responsabel, de Choix ze garantéieren? Fir eis ass kloer: Et
geet net ouni de Choix vum Vaccin. Et kann net
sinn … Wann ee seet: „Ech géif BioNTech/Pfizer
huelen, mee Moderna wëll ech net!“, da kann net
d’Konsequenz e Protokoll sinn.
Eng zentral Fro, déi och vill Leit, déi der Impfung nach
skeptesch géintiwwer stinn, beschäftegt, ass zum
Beispill déi vun der Haftung. Wien ass haftbar an
deene seelene Fäll, wou eng Persoun staark Niewewierkungen no enger Impfung kritt, zu där se vu staatlecher Säit obligéiert gëtt? A wéi kann e Geschiedegte
beweisen, datt et wierklech e kausalen Zesummenhang tëscht enger Niewewierkung an enger Impfung
gouf? Dat ass an deene meeschte Fäll net einfach.
D’Pharmacovigilance weist selwer dorobber hin. Mir
géifen duerfir roden, bei der Aféierung vun enger
Impfflicht gläichzäiteg net nëmmen d’staatlech Haftung anzeféieren, déi virgesäit, datt eng Persoun oder
hir Famill am Fall vu schwéieren Niewewierkungen
entschiedegt gëtt, mee am Zweifelsfall och ëmmer zu
Gonschte vun de Betraffenen ze entscheeden, dat
heescht, u sech eng Beweislaascht ëmzekéieren. De
kausalen Zesummenhang gëtt ugeholl, éiert de Staat
kann de Géigendeel beweisen. Dat géif, mengen ech,
ganz vill Leit rassuréieren.
Zousätzlech stellt sech am Zesummenhang mat der
Haftung och d’Fro vun der Responsabilitéit beim Booster. Bis elo, dat sot ech schonn, huet kee vun den
Hiersteller d’Booster-Dos a senger Zouloossung mat
dran. Géif also e Gesetz deen Eenzelnen obligéieren,
dräi Dose vun engem Impfstoff mussen ze kréien, deen
offiziell just zwou Dosen huet … Fir déi drëtt Impfung
iwwerhëlt den Hiersteller da jo keng Garantie, an dat
och, wann et gutt Grënn an der aktueller Situatioun ka
ginn, e Booster ze huelen.
Ech selwer stoung am Reen an an der Keelt, fir e
Booster ze kréien, …
Plusieurs voix | O!
M. Sven Clement (Piraten) | … well ech dee Moment
zu den AstraZeneca gehéiert hunn, an ech war frou,
datt ech e konnt kréien. Ech kann et nëmme recommandéieren. Ausser, datt ech zwee Deeg déi lénks
Schëller wéi hat, ass nämlech näischt anescht
geschitt. Ech stinn nach hei, ech liewen nach. Maacht
Iech keng Suergen. Ech mengen, dat Eenzegt, wat
ech mer agefaangen hat, war eng gutt Erkältung,
well ech eeben dobausse stoung.
Eng aner Fro, déi ganz vill Leit beschäftegt, ass natierlech déi vun den Ausnamen. Et ass kloer, datt et eng
Rei vu medezinnesche Contre-indicatioune muss
ginn. An et gëtt jo schonn eng Lëscht. Mee, mir
brauchen och Ausname fir d’psychologesch Aspekter.
Ech wëll nämlech preziséieren, datt mer herno hei
riskéieren, Leit, déi haut schonn Angscht hunn,
duerch en Nocebo-Effekt net nëmme psychesch krank
ze maachen, mee vläicht souguer physesch. An ech
mengen, datt dat net eist Zil sollt sinn. Duerfir fannen
ech et ganz schued, datt mer haut keng Ausname fir
Leit mat ganz schlëmmen Angschtstéierungen hunn.
(M. Fernand Etgen reprend la présidence.)
Mir hunn eng Handvoll Ausnamen. Ech mengen, datt
et wierklech sënnvoll wär, bei den Ausnamen op en
anstännegen, humane Wee ze goen an net nëmme
blann eng Lëscht aus dem Ausland ze kopéieren.
Well, ob et rational ass, eng Angscht ze hunn oder
net, spillt keng Roll. De Punkt bei Angschtstéierungen
ass jo grad, datt se eigentlech net rational sinn, mee
duerfir awer sécher net manner real.
Iwwert d’Strofe wäert de Marc Goergen nach eppes
soen. Ech wëll awer nach ganz kuerz op e puer
Saachen agoen, déi och virdru gesot goufen. Ech
mengen, de Premier huet virdru vun den Experte
geschwat, déi kloer zu enger Konklusioun koumen.
Dozou muss een dann awer och soen: Wann et esou
einfach wär, da kéint een u sech jo och d’Chamber
zoumaachen, d’Regierung ofschafen, mer géifen eng
Technokrateregierung dohinnersetzen, déi nach just
géif Entscheedunge reng op Faktebasis huelen. Da
géife mer ganz séier mierken, datt och Fakte politiséieren. Dat ass dat Eent.
Dat Zweet ass, den Expertegrupp huet modeléiert
mat 100 % Adhesioun an 100 % Effikassitéit vun
engem Vaccin. Elo wësse mer, datt weeder 100 % Effikassitéit vum Vaccin ginn ass, an datt mer 100 %
Adhesioun vun iergendenger Mesure beim Staat
kréien, dat mengen ech, gleeft och keen heibannen,
dee schonn eng Kéier d’Police gesinn huet, Alkoholkontrolle maachen. Mir kréien och keng 100 % Adhesioun, wann et drëm geet, net ze séier ze fueren oder
net ze vill ze drénken. Dat heescht, ze mengen, mir
géifen 100 % Adhesioun beim Vaccin kréien, ech
weess net, dat ass eng ganz theoreetesch Approche.
An dann huet d’Regierung heibanne jo awer Riseverspriechen, wat d’Mesuren ugeet, gemaach, wat
d’Ophiewe vu Restriktiounen ugeet, wat
d’Méiglechkeet vun engem fräie Liewen ouni Restriktiounen ugeet. An ech weess net, also wien déi lescht
Deeg de Wëssenschaftler e bëssen nogelauschtert
huet, deen huet jo awer gemierkt, datt mer net
einfach esou d’Restriktioune kënnen ophiewen, well
och geimpft, hu mer nach ëmmer e Virus, deen
zirkuléiert. Dat heescht, dat ass e Verspriechen, wat
Der haut hei esou e bësse wéi d’Muert de Leit dohin
halt, mee Dir kënnt et net halen. Dat heescht, kommt
mir bleiwen éierlech, well ech mengen, soss hu mer
herno vill, vill méi Frust.
An dann huet d’Madamm Ministesch, d’Madamm
Gesondheetsministesch, gesot, d’Impfflicht wier eng
Ultima Ratio. Ech ginn hir Recht. Mee, wa mer déi dann
aféieren, gi mer duerno op? Puche mer d’Bengele bei
d’Tromm? Well duerno sti mer plakeg do. Mir hunn
duerno keng aner Mesurë méi. Dat heescht, fir eis Piraten heescht et ganz kloer: Mir sinn nach net bei der
Ultima Ratio ukomm. Mir hunn nach e puer Patrounen
am Revolver, déi mer géint dëse Virus kënnen huelen.
Ech verweisen do erëm op de Kéisscheiwemodell, dee
mir prekoniséieren. Duerfir wëll ech net, datt mir
herno plakeg vis-à-vis vun deem Virus dostinn. Duerfir
schwätze mir eis haut och géint eng Impfflicht aus.
Ech soen Iech Merci.